Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Hëllef beim Kaf vun engem propperen Auto
Neiegkeeten

Hëllef beim Kaf vun engem propperen Auto

Fir méiglechst séier d‘Dispositioune vum Koalitiounsaccord, am Bezuch op d‘Dekarbonisatioun

#SaveYourInternet – Fir d‘Fräiheet, géint den Artikel 13
Neiegkeeten

#SaveYourInternet – Fir d‘Fräiheet, géint den Artikel 13

De Samschden den 23. Mäerz sinn europawäit Demonstratioune géint d‘EU-Urheberrechtsdirektiv,

SEW-OGBL: Ouni Dialog komme mir net virun
Neiegkeeten

SEW-OGBL: Ouni Dialog komme mir net virun

Den SEW-OGBL ass nach ëmmer wéinst dem Manktem un Enseignanten

Prost op de Millésime 2017

Prost op de Millésime 2017

Net nëmmen de Baueren hunn d‘Laune vum Wieder dëst Joer net gutt gedoen. Och d‘Wënzer mussen op e neits an de saueren Apel bäissen. Den Zoustännege Minister Fernand Etgen huet sech awer dierfen iwwerzeegen, datt d‘Wënzer d‘Situatioun am Grëff hunn.

An et kann een dann och houfreg op d‘Wënzer sinn, déi mat allen Tricken de Schued dach nach eenegermoossen niddreg ze halen. Belount ginn se heifir mat enger héichwäerteger Drauf, de Garant fir e Qualitéitswäi wéi een e säit Jore kennt. Esou war et dann och dat dréchent a waarmt Fréijoer, dat am Abrëll mam spéide Frascht fir grousse Schued gesuergt huet.

Wéineg Nidderschlag a grouss Hëtzt sinn dem Wënzer net geleeën.

Heiduerch hunn sech dann och déi Drauwen déi dat schlëmmst iwwerstanen haten, ganz ënnerschiddlech entwéckelt. Wéineg Nidderschlag a grouss Hëtzt sinn dem Wënzer net geleeën. Zum Gléck waren de Mee an de Juni da vu Reen geséint an déi uschléissend sonneg Deeg hunn dozou bäigedroen, datt d‘Riewen sech rapid entfale konnten. Se sinn dann och mat engem Virsprong vu gutt zwou Wochen an d‘Bléi gaangen.

Ugangs August huet et laanscht d‘Musel gutt ausgesinn, besonnesch d‘Zort Rivaner huet sech „presséiert“ gewisen. Et war awer och e Mount an deem de Wënzer nach enger Kéier d‘Dronkenelle ausgaange sinn. D‘Wiesselspill vu Wiermt an Dréchent mat naass a kal huet d‘Drauwen déck gi gelooss. Dat mécht se engersäits ufälleg an anersäits kompenséiert et de Verloscht deen duerch de Frascht entstanen ass. Et war de Wënzer iwwert de Summer also net langweileg

Zolidd de Réck gestäipt

De Landwirtschaft- a Wäibauminister mécht sech dann zu gudder Läscht keng Suergen ëm d‘Qualitéit vum Millésime 2017. Op der aner Säit gëtt de Fernand Etgen ze bedenken, datt et vill Verloscht ginn huet an d‘Regierung sech der Situatioun absolut bewosst ass. Verantwortung ze iwwerhuelen, dat mat Moossnamen déi ergraff gi fir den Afloss vum Wieder op déi ekonomesch Situatioun vun de Betriber ofzefiederen, ass dann och de richtege Wee.

Mat enger finanzieller Hëllef am Beräich vun de Versécherungsprime fir de Verloscht bei der Recolte, déi vu 50 op 65% eropgesat gëtt, sollten och eppes méi schwaach Betriber sech déi Assurance leeschte kënnen. Eng zweet Moossnam ass am Steierberäich ergraff ginn. „Duerch d‘Steierreform kënne finanziell gutt Jore mat finanziell manner gudde Jore kompenséiert ginn“, esou de Fernand Etgen.

De Minister huet dann och nach eng Kéier op de „gemeinsame Wäimarketing“ higewisen. Hien ass frou, datt do eng Eenegung konnt fonnt ginn an et elo nach just un enger Persoun feelt déi sech dann och drëms këmmert. „D‘Prozedur vum Rekrutement leeft“, esou de Minister, deen dovunner ausgeet, datt nach Enn dës Jores lassgeluecht ka ginn.

A well och nach net all Wéngerte gelies sinn, hofft de Minister, datt d‘Wieder sech gnädeg weist a bis zum Enn matspillt. De Fernand Etgen fir säin Deel ass scho voller Virfreed op de Maacher Wäimaart, wou hien de Millésime 2017 mat allen Acteure ka schmaachen.

Foto: De Minister Fernand Etgen huet sech iwwert déi gutt Qualitéit vun den Drauwe kënnen iwwerzeegen. Steiermoossnamen a Hëllef bei de Versécherungsprime sollen de Wënzer hir Aarbecht begleeden. © MAVPC

Ähnlech Sujeten Fernand Etgen, Millésime, Musel, Wäibau, Wäin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel