Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng nei Sensibiliséierungs-Campagne vum Verkéiersbond
International Neiegkeeten

Eng nei Sensibiliséierungs-Campagne vum Verkéiersbond

Zesumme mat de Lëtzebuerger Museker vun De Läb well de

Den Zousproch fir den alternative Liewensmëttelmaart ass grouss
International Neiegkeeten

Den Zousproch fir den alternative Liewensmëttelmaart ass grouss

Si haten agelueden a vill Leit sinn dann och komm.

What the Fakt – internationalen Dag vum Frustjaizen
International Neiegkeeten

What the Fakt – internationalen Dag vum Frustjaizen

Aaahhhhh! Den 12. Oktober steet ganz am Zeeche vun der

USA: Demokrate wëlle Milliardär entmuechten

De Robert Mueller huet alles gesot an den Donald Trump laacht sech eng Boss

USA: Demokrate wëlle Milliardär entmuechten

Virun zwee Méint hat den US-Sonnerermëttler Robert Mueller säi Rapport zur „Russland-Affär“ virgeluecht. Dat huet zu villen Diskussiounen an Interpretatioune gefouert. Gëschter huet sech de Sonnerermëttler eng „leschte Kéier“ zum Sujet geäussert: „De Fall ass ofgeschloss!“

Um 11 Auer (Lokalzäit) huet sech de Robert Mueller – eegenen Aussoen no eng leschte Kéier – un d‘Medie gewannt. Froe waren no der Ried keng zougelooss. De Sonnerermëttler huet annoncéiert sech zur Rou ze setzen an datt et vun him keng weider Aussoen zur Enquête wäert ginn. De Rapport géif fir sech selwer schwätzen an eng Unhéierung virum Kongress wier hei net ubruecht.

Milliardär

Datt de Robert Mueller nach ëmmer vun de Medien „belagert“ gëtt, huet an éischter Linn domatter ze dinn, datt d‘Fro: „huet den US-President d‘Justiz behënnert?“ net ofschléissend beäntwert ginn ass. De Sonnerermëttler wollt de Milliardär schliisslech net entlaaschten, a betount „hätt et Kloerheet doriwwer ginn, datt den Trump keng Strofdot begaangen huet, wier dat esou gesot ginn“.

Milliardär

Aus dem Rapport selwer awer geet ervir, datt den Donald Trump Mataarbechter vum Wäissen Haus ugewisen hat, Mëttel a Weeër ze fannen sech dem Robert Mueller ze entleedegen. Et wier zudeem erwisen, datt Russland systematesch versicht hätt Afloss op d‘Presidentewahl ze huelen. Beweiser datt et „Gemauschels“ tëscht dem „Team Trump“ an den „Moskau Influenzer“ gouf, gëtt et keng.

Demokrate fuerderen Amtsenthiewung

Et huet net laang gedauert bis den US-President sech via Twitter zu Wuert gemellt huet. Do schreift hien, datt längst gewosst war, datt et net genuch Beweiser géif ginn, an een no US-Recht esoulaang Onschëlleg ass bis de Beweis vum Géigendeel erbruecht ginn ass. Seng Spriecherin, Sarah Sanders, huet sech dann och der Ausso vum Sonnerermëttler ugeschloss an de Fall fir „ofgeschloss“ erkläert.

Milliardär

Wa sech den US-President haut op e Mangel u Beweiser berifft, esou dierf een drun erënneren, datt hien de Mueller-Bericht als „Fräisproch“ erkläert hat. Mat der Rhetorik vum Milliardär halen sech d‘Demokraten net op, si mengen datt et elo um US-Kongress ass den Dossier ze iwwerhuelen an ze leeschte wat d‘Justiz net Amstand ass, fir den Trump zur Verantwortung ze zéien.

Milliardär

Eng Amtsenthiewung ass allerdéngs och ënnert den Demokraten – zumindest – ëmstridden. Hei gëtt et d‘Argument, datt e Mësstrauensvott e strategesch riskant Manöver ass. Erwisen ass eigentlech bis ewell nëmmen, datt den Trump vun der „Amëschung“ profitéiert huet. Hei bréicht et méi streng Gesetzer, déi soziale Medien däitlech Grenzen am Kontext vu politescher Aktivitéit setzen.

mat indymedia/was/nyc

Ähnlech Sujeten Demokraten, Donald Trump, Entmuechtung, Milliardär, Robert Mueller, Russland Affär, US-Kongress
Nächsten Artikel Virrechten Artikel