Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Patiente Vertriedung: Gratis juristesch Assistenz u bestëmmten Datumer
korean variety dating show Neiegkeeten

dating bots

Ab Februar 2019 offréiert Patiente Vertriedung Asbl all éischten Donneschdeg

dating a sagittarius man tips
korean variety dating show Neiegkeeten

Iwwer 200.000 Euro fir d‘Kriibsfuerschung am LIH

Am Kader vun der Fuerschungsfërderung hunn d‘Lucienne Thommes (Direktesch) an

SOLDEN!
korean variety dating show Neiegkeeten

SOLDEN!

Déi Stater si bereet fir d‘Solden (28 Juni – 27.

Milliardär fuerdert d‘Doudesstrof

US-President nennt Schéissereie vun El Paso an Dayton e Verbrieche géint d‘Mënschlechkeet

Milliardär fuerdert d‘Doudesstrof

Bei Schéissereie sinn de Weekend an den USA 30 Mënschen duerch d‘Kugele vun zwee jonke wäissen Amerikaner ëm d‘Liewe komm. Zwou Masseschéissereien zu deenen den US-President ufanks gemengt huet, si wiere vu psychesch gestéierte Persounen duerchgefouert ginn. Elo soll d‘Doudesstrof fir esou Verbriechen agefouert an ëmgesat ginn.

MilliardärA senger „Usproch“ un d‘Natioun, huet den Donald Trump fir Haassverbriechen a Massemord net manner wéi d‘Doudesstrof gefuerdert an annoncéiert en entspriechende Gesetzprojet op de Wee ze bréngen. „Ech hunn de Justizministère ugewisen en Text auszeschaffen“, esou den US-President. Woubäi ëmmer méi Leit am Land besser Waffegesetzer fuerderen, mee dozou gouf et kee Wuert…

Wat d‘Fuerderung no der Doudesstrof betrëfft, esou kann no der aktueller Gesetzgebung, am Fall vun enger Uklo wéinst Haassverbriechen, schonn d‘Doudesstrof gefuerdert ginn. Elo stellt sech d‘Fro, ob déi „generell“ bei – wéi den Donald Trump et bezeechent huet – Verbrieche géint d‘Mënschlechkeet soll zur Uwennung kommen. Déi haart Hand vum Gesetz soll et nees reegelen…

Eng kleng Iwwerraschung gouf et och: „Ech ruffen d‘Amerikaner op, Rassismus, Schäinhellegkeet an wäiss Virherrschaft ze veruerteelen“, esou den Donald Trump. Vill Journalisten hätten hei gäre gewosst wien dem US-President dëse Saz an seng Ried geschriwwen huet. Woubäi net soll vergiess ginn, datt de Milliardär am Wahlkampf, an d‘Faschiste-Maniff vu Charlottesville net vergiess ass.

De politesche Géigner awéckelen

Den Demokraten huet den Donald Trump ugebueden, datt géifen si senger Awanderungsreform elo Zoustëmmen, hie bereet wier sech fir e verschäerft Waffegesetz anzesetzen. Béid politesch Lager (Republikaner an Demokraten) sollten sech drop eenegen, datt Mënschen déi eng Waff wëllen hunn, am Virfeld besser iwwerpréift misste ginn. Dat kéint ee mat der Awanderungsreform verknäppen.

MilliardärEng Propose déi längst um Dësch läit. D‘Representantenhaus dat vun den Demokrate beherrscht gëtt, hat e Gesetzprojet virgeluecht, an deem d‘Iwwerpréiwung vu Waffekeefer festgehale gëtt. Elo läit dëst Gesetz awer schonn zanter dem Fréijoer am Senat (hei hunn d‘Republikaner d‘Majoritéit).

Datt den Donald Trump d‘Schéissereie mat der Reform vum Awanderungsrecht verbënnt, kënnt net gutt un. Aus dem demokratesche Lager gëtt de Virschlag als „zynesch“ nach frëndlech ëmschriwwe well bei der „Attack“ vun El Paso wier ee sech jo eens – an och den FBI deen zur Enquête erugezu ginn ass – datt et sech ëm e Verbrieche mat friemefeindlechem Hannergrond ass…

MilliardärFir d‘Demokraten huet dann och de Milliardär eng „Matschold“ un de Schéissereien. E Kandidat aus El Paso fuerdert, datt nieft dem Verbuet vu krichsähnleche Waffen och de Rassismus muss ugeschwat ginn, deen esouwuel vum President selwer, wéi sengem Haussender „Fox News“ an Amerika „Salonfäeg“ gemaach gëtt, wann een net wëll ënnerstellen, dat si dëse fërderen.

D‘Medie si schold…

Wann den Donald Trump sech Fakte stelle muss an et och net kann ugoen datt sech e President vun de Vereenegte Staaten vun Amerika „iert“, esou muss et aner Ursaache ginn, déi als Ausléiser vun däraartegen Doten hierhale mussen. An do gëtt séier mam Fanger op d‘Medie gewisen. Wat net vu „Fox News“ oder „Breitbaart“ an d‘Welt gesat gëtt, ass fir de Milliardär souwisou gelunn…

MilliardärOp Twitter schreift den Donald Trump, datt d‘Medien eng grouss Verantwortung fir d‘Roserei an d‘Wut am Land droen. „D‘Medien hunn eng grouss Verantwortung fir Liewen a Sécherheet an eisem Land. (…) Fake News hu staark zur Roserei an der Wut bäigedroen, déi sech iwwer d‘Joren opgebaut huet. Berichterstattung muss ufänke fair, equitabel an onparteiesch ze sinn“.

 

MilliardärKlengt interessant an u sech ass géint de leschte Saz näischt ze soen. De Problem ass hei, de Saz kënnt vun deem gréisste Ligener an – wéi eis däitsch Nopere géife soen: „Dummschwätzer“. Et ass jo awer hien, deen d‘Awanderer aus Südamerika als geféierlech Krimineller, Drogenhändler a Mäerder verkläert huet. Et war hien dee véier Demokratinne wéinst hirer Ethnie ugegraff huet.

mat indymedia/was

Ähnlech Sujeten Dayton, Donald Trump, El Paso, Rassismus, Schéisserei, Waffegesetz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel