Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Polnesche Premierminister vergräift sech un de Medie mat däitschem Kapital
Neiegkeeten

Polnesche Premierminister vergräift sech un de Medie mat däitschem Kapital

Zwee Deeg virum Staatsbesuch vun der däitscher Bundeskanzlerin, Angela Merkel,

Stater Gemengerot: Vereedegung vum Guy Foetz
Neiegkeeten

Stater Gemengerot: Vereedegung vum Guy Foetz

Um Méindeg, de 7. Oktober 2019 huet d’Lydie Polfer, Buergermeeschtech

Eis Verbe kënne méi komplizéiert sinn, wéi ee mengt. Wéi gutt kenns du dech aus?
Neiegkeeten

Eis Verbe kënne méi komplizéiert sinn, wéi ee mengt. Wéi gutt kenns du dech aus?

Et deet een sech ëmmer nees op en Neit wonneren,

Mat 1,44 Milliarden Euro fir d‘Héichschoulwiese geet et zouversiichtlech an d‘Zukunft

Mat 1,44 Milliarden Euro fir d‘Héichschoulwiese geet et zouversiichtlech an d‘Zukunft

Eng gutt Ausbildung kascht Geld. Geld dat een als Investitioun an d‘Zukunft vum Land muss betruechten. Lëtzebuerg ass, wat Héichschoulen ubelaangt gutt ausstafféiert, wat dann och erëm bedeit, datt ee muss konsequent Geld an de Grapp huelen.

Leschten Donneschdeg huet den Héichschoulminister Marc Hansen de Vertrag mat der Uni-Lëtzebuerg an déi pluriannuell Konventioune mam LIST (de Lëtzebuerger Institut fir Wëssenschaft an Technologie), dem LIH (d‘Lëtzebuerger Gesondheetsinstitut), dem LISER (de Lëtzebuerger Institut fir sozioekonomesch Fuerschung) an dem FNR (de nationale Fuerschungsfong), fir den Zäitraum 2018-2022 virgestallt.

D‘Verträg an d‘Konventiounen si parallel ausgehandelt ginn, fir eng méi staark Koherenz tëscht den Accorde mat de veschiddenen Acteure sécherzestellen, an identesch Objektiver an Indicateuren ze definéieren. Esou ass eng gesamt Investitioun fir den Zäitraum 2018-2022 an héicht vun 1,44 Milliarde festgeluecht ginn.

Wie kritt wat?

Dovunner gi 766,8 Milliounen Euro un d‘Uni-Lëtzebuerg, an 383 Milliounen un all Fuerschungszenter. Dem FNR ginn 265,4 Milliounen zougestanen, déi fir d‘Programmer an Instrumenter vum Institut bestëmmt sinn. E Bonus an der Héicht vun 20,5 Milliounen Euro soll et erméiglechen, d‘Performance vun den Institutiounen am Kaderprogramm vun der Fuerschung an der Entwécklung vun der EU ze belounen. Alles an allem sinn dat 25% méi wéi nach am Zäitraum 2014-2017 investéiert gi sinn.

D‘Konventioune bestëmmen d‘Dotatioun vum Staat am Echange fir eng rëtsch Objektiver déi mussen erreecht ginn. Dat ass esou an de Gesetzer virgesinn, déi d‘Organisatioun vun de ëffentleche Fuerschungsinstituter reegelen. Wat d‘Objektiver am Detail betrëfft, esou sinn déi folgendermoossen definéiert ginn:

  • déi wëssenschaftlech Exzellenz, wéi d‘Recette vun de Programmer vum FNR oder dem Kaderprogramm vun der Fuerschung an der Entwécklung vun der EU „Horizont 2020“, oder den Artikelen an wëssenschaftlech Revue mat héijer Plus-value, an de Boursse vum europäesche Fuerschungsrot;
  • déi sozioekonomesch Valorisatioun, wéi d‘Recette vun der Zesummenaarbecht mat Entreprisen an/oder Ministèren an Administratiounen, d‘Zuel vun de Breveten, de Lizenzen, de „spin-offs“, oder den Doktoraten a Post-Doktoraten am Beräich vum „public-private-partneship“;
  • déi verstäerkten Zesummenaarbecht tëscht den Institutiounen, déi sech duerch d‘Zuel vun de gemeinsame wëssenschaftleche Verëffentlechungen ergëtt (Uni-CRP), esou wéi déi gemeinsam Formatioun zum Doktorat;
  • den Enseignement an d‘Formatioun, esou wéi d‘Unzuel vun den Doktoraten, der Mobilitéit vun de Studenten oder d‘Accreditatioun vun de Formatiounen.

mam SIP/mesr

Ähnlech Sujeten FNR, Héichschoulen, LIH, LISER, LIST, Marc Hansen, Uni.lu
Nächsten Artikel Virrechten Artikel