Search

You may also like

De Coronavirus impaktéiert och d‘Justiz
International Neiegkeeten Stories

De Coronavirus impaktéiert och d‘Justiz

Datt déi zoustänneg Ministèren sech net zu de Mesuren déi

dislike
American Football: Den Trump huet d‘Philadephia Eagles „ausgelueden“
International Neiegkeeten Stories

American Football: Den Trump huet d‘Philadephia Eagles „ausgelueden“

Den Donald Trump huet um Méindeg seng Invitatioun an d‘Wäisst

Wéi ee Chrëschtmäerchen fir de Kanner- a Jugendtelefon
International Neiegkeeten Stories

Wéi ee Chrëschtmäerchen fir de Kanner- a Jugendtelefon

De Kanner- a Jugendtelefon weist sech immens houfreg iwwert säin

De Wollef wot den Danz am Pandabier

E butzege Fauxpas vum tschechesche Senatspresident féiert zum Dissens mam Räich vun der Mëtt

De Wollef wot den Danz am Pandabier

Kaum ee Mënsch op der Welt dierft wësse wien den Milos Vystrcil ass, woubäi säi Besuch zu Taiwan hien net nëmme wäert an de Geschichtsbicher veréiwegen, mee him vill international Renommée sollt zougestoen. China gesäit sech provozéiert, d‘USA laachen sech eng Boss an d‘Europäesch Unioun gouf kal erwëscht. Mee wourëms der Däiwel nach eent, geet et hei?

De Milos Vystrcil war nach bis Ufank vum Joer een um internationale Parquet vun der Politik, en éischter onbeschriwwend Blat. Als Buergermeeschter vun Telc (UNESCO Weltkulturierwen) a Fraktiounsvirsëtzende vun de rietskonservativen „Biergerdemokraten“ (ODS) am tschechesche Senat, war de 60 järege Politiker ni wierklech am Fokus vun der internationaler Politik.

 

Wéi dunn awer am Januar säi Parteifrënd, de Senatspresident Jaroslav Kubera dat zäitlecht geseent huet, ass hien am Februar zu sengem „Ierwen“ gewielt ginn. Näischt Besonnesches u sech, mee de Milos Vystrcil huet net nëmmen d‘Mandat verierft kritt, nee och déi vill Projete vu sengem Frënd a Virgänger huet hien iwwerholl. Dozou gehéiert eng Rees op Taiwan, dat „demokratescht“ China…

Elo ass dann awer Taiwan och wuertwiertlech dat „rout Duch“ vun der Volleksrepublik China an de Jaroslav Kubera hat 2019 annoncéiert, als „Akt vum Protest“ no Taipeh ze fligeren. De lëschtege Kärel wollt a gewësser säi Widderstand demonstréieren, deen duerch Stied-Partnerschaft tëscht Prag a Peking motivéiert war. Och wëll den Uewerbuergermeeschter vu Prag eppes Verännerung wollt.

Wien huet zum Danz agelueden?

Den Zdenek Hrib (Piratepartei) a seng Koalitiounspartner wollten erreechen, datt aus dem 2016 geschlossene Partnerschaftsvertrag, déi „Ee-China-Klausel“ sollt gestrach ginn. Déi hätt an engem onpolitesche Kulturofkommes näischt verluer. Dat huet dem drolege Panda-Kinnek Xi Jinping net gefall, hien huet et „perséinlech“ geholl a dofir Suerg gedroen datt d‘Partnerschaft opgeléist gouf.

Elo war de politesche Parquet zur Danzfläch ginn, an den Zdenek Hrib, deen een duerchaus als engagéierte politeschen Acteur bezeechnen dierf, dee sech net vun engem iwwermächtege Staatschef virféiere léisst, huet als Äntwert op d‘Reaktioun vu Peking, der Stad Taipeh ugebueden, d‘Relève ze huelen. E Schratt deen dem „Pirat“ net wierklech schwéier ka gefall sinn.

Wärend senger Zäit als Medezinsstudent, hat den Zdenek Hrib zu Taipeh ee Praktikum absolvéiert, a sech, dat gehéiert sech jo och esou, een Netzwierk opgebaut a dës Kontakter och weider mat vill Engagement gefleegt. Domadder war de Konflikt lancéiert an de Jaroslav Kubera huet dëse gären opgegraff an ugekënnegt, datt hien, de Senatspresident, d‘Taiwanchinese géif besiche goen.

De politeschen Imbroglio huet säi Laf geholl: déi chinesesch Botschaft zu Prag huet sech net méi agefaange kritt, de Panda hat seng Kralle maximal erausgefuer. Och den tschechesche President Milos Zeman, hat eemol eng Spläiter am Allerwäertesten, sinn d‘Chinesen un a fir sech jo ee (ge)wichtegen Handelspartner, an huet dem Jaroslav Kubera gedreet d‘Frëndschaft opzekënnegen.

Handel, Mënscherechter a Politiker déi d‘Prioritéiten erkannt hunn

D‘Gesellchaft an Tschechien ass wéi mëttlerweil iwwerall op der Welt éischter „gespléckt“. Do huet een engersäits de Staatspresident Milos Zeman, d‘Minoritéitsregierung vum Andrej Babis an déi si ënnerstëtzend Parteien. Dësem politesche Sammelsurium ass déi wirtschaftlech Zesummenaarbecht mat der Volleksrepublik „helleg“, bezunn op d‘Potential bei den Investitiounen an dem Handel.

De Milos Zeman war esou oft mat „Delegatiounen“ zu Peking, datt hien do scho bal kéint en eegene Büro hunn. Dofir muss ee Versteesdemech hunn, wëll och eis tschechesch Frënn, si staark dorunner interesséiert zum engem „Ausseposte vun der neier Seidestrooss“ ze ginn. D‘Schinne bis op Beetebuerg féiere quasi duerch Tschechien. Leider hu sech déi ekonomesch Wënsch net erfëllt.

Op där politesch géinteniwwergeleeëner Säit: déi liberal a konservativ Parteien. Si fillen sech – aus wellechem Grond och ëmmer – den Idealer vum fréieren Dissident a „Papp vun der Natioun“ Vaclav Havel verflicht. An et ass net vun der Hand ze weisen, datt de fréiere President sech ëmmer un de Prinzipie vun der Demokratie an de Mënscherechter orientéiert huet, ier entscheet ginn ass.

Wann een dann elo hei eent an eent zesummerechent, sollt erkennbar sinn, dat sech ee gréissere Sträit net wäert verhënnere loossen, an och zu Bréissel dierft et elo „Leit“ ginn, déi dës ganz Entwécklung mussen am A behalen. Och an der EU-Kommissioun ass ee jo éischter der Usiicht, datt den Handel iwwert de Mënscherechter steet. Woubäi et do egal ass ëm wien et geet…

Net wierklech ee Stuerm am Waasserglas

Wann een dann elo kuerz Ofstand vun der politescher Spaltung an Tschechien hëlt, a sech méi der Mentalitéit vun dëse Mënschen zouwennt, gëtt engem séier ersiichtlech, datt och dat eng wichteg Roll spillt. Esou wéi vill aner kleng Natiounen, déi hir Onofhängeg léiwen, regéieren d‘Tscheschen allergesch, wa si den Androck hunn vun de „Groussen a Mächtegen“ Virschrëfte gemaach ze kréien.

Béid politesch Lager notzen dëse Fait aus, a wann et passt ginn dës Atouten ausgespillt. Esou bei den Nationaliste wann et géint Bréissel geet, a bei den „Havlisten“ wann et géint Moskau a Peking geet. A besonnesch d‘Chinesen trëppelen dat teschescht Gemitt ëmmer nees gären: bei Konferenzen an/oder Visitten zu Prag ginn d‘Vetrieder vun Taiwan ëmmer nees gebieden hirer Wee ze goen.

An déi liberal-konservativ Oppositioun, déi dëse Beholl beim Besuch vum Dalai Lama, an och bei enger Investorekonferenz net appreciéiert hunn, kennen dem Panda seng wonn Punkten. Tibet, Taiwan, Hong Kong an och d‘Uiguren, sinn Themen déi de Xi Jinping op d‘Bambusspëtzt dreiwen an déi tschechesch Gesellschaft gesäit sech als éischt Verdeedegungslinn vun de Mënscherechter.

Folgerichteg konnt den neie Senatspresident Milos Vystrcil net anescht, wéi sengem Virgänger seng Pläng ëmzesetzen. Datt de chineseschen Ausseminister Wang Yi et da gewot huet, den Tschechen domadder ze dreeën, datt si dofir „een héije Präis wäerten ze bezuelen hunn“, war net nëmmen ausgesprachen däämlech, mee huet d‘Regierung gezwongen sech hannert de Vystrcil ze stellen…

Muecht ass dat eent, Intelligenz dat anert

An och wann d‘Chinesen d‘Polver erfonnt hunn, de Schoss schéngen si net gehéiert ze hunn. Gutt Bréissel ass elo och „not amused“ mee huet net anescht kënnen, wéi d‘Hand iwwert de Milos Vystrcil ze halen. Et dierft der awer zu Bréissel ginn hunn, déi an den Tiräng nom europäeschen Nowitschok gesicht hunn. Et schéngt sech jo nees duerchzesetzen, Problemer mat Gëft ze léisen.

Ganz flott – wann och kloer eppes iwwerdriwwe pathetesch – de Fait, datt de Milos Vystrcil sech bei senger Ried zu Taipeh, d‘Stiwwele vum zu Dallas ëmbruechten US-President John F. Kennedy ugedoen huet. Esou wéi dësen onglécklech verstuerwenen US-President gemengt hat „Ech sinn ee Berliner“ esou ass den tschechesche Senatspresident, elo „Ech sinn een Taiwanes“. Cool, oder?

mat indymedia/tpe

Foto: Et brauch oft net vill, fir ee politeschen Eclat ze provozéieren, woubäi net ëmmer deen ugefaangen deen als éischt vermutt gëtt. De Milos Vystrcil © Senát Parlamentu ČR

Related topics China, Milos Vystrcil, Peking, Senatspresident, Taipeh, Taiwan, Tschechien
Next post Previous post