Search

You may also like

Ugrëff op Uelegtanker an der Golfregioun
International Neiegkeeten

Ugrëff op Uelegtanker an der Golfregioun

Sabotageaktioune kréien d‘Iraner regelméisseg ënnerstallt an elo sollen si sech

Nationalen Dag vum Widderstand
International Neiegkeeten

Nationalen Dag vum Widderstand

De Comité fir d‘Erënnerung un den Zweete Weltkrich hat gëschter

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 5
International Neiegkeeten

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 5

[onionbuzz quiz-id=43][/onionbuzz] Eis schéi Sprooch richteg ze schreiwen ass net

Milwaukee: Schéisserei an der Brauerei

Entloosse Mataarbechter mécht kuerze Prozess - Fënnef Aarbechtskollegen ass sech selwer erschoss

Milwaukee: Schéisserei an der Brauerei

Amerika, Land vun den onbegrenzte Fräiheeten a Schouss vun der moderner Demokratie, wéi soll dat weidergoen? Esou d‘Fro déi sech ëmmer méi US-Bierger stellen, besonnesch wann et nees zu enger Schéisserei komm ass. Esou dann och gëschter zu Milwaukee, wou en Aarbechter an engem Industriekomplex seng 5 Aarbechtskollegen an uschléissend sech selwer ëmbruecht huet.

Den Täter, ee Mann vun 51 Joer, soll um Mëttwoch gekënnegt kritt hunn, esou déi eenzeg Info déi bestätegt schéngt. Firwat hien dorops hinn seng Aarbechtskollegen a sech selwer erschoss huet, dat versicht elo d‘Bundespolizei vum US-Staat Wisconsin ze ermëttelen. Zur Sécherheet – an den USA geet een ëmmer och vun engem terroristeschen Hannergrond aus – gouf wäitraimeg ofgespaart.

MilwaukeeE Groussopgebuet vun der Police huet dann och de gesamten Industriekomplex mat 20 Gebaier duerchkämmt. Hei, um Site vum Industriecampus vun der Brauerei „Molson Coors“ schaffen eng Dausend Leit. Dat esouwuel an der Administratioun wéi och an der Produktioun. Dësen Deel vu Milwaukee ass dann och besser als „Miller Valley“ bekannt. Esou ee Fall hat et hei nach ni ginn…

En Eenzelfall ënnert villen

Fir de Boss vu Molson-Coors, Gavin Hattersley, war den Täter en „aktive Mataarbechter“. An enger e-Mail un d‘Personal, huet hie gemengt: „Ech sinn erschüttert, iech leider musse matzedeelen, datt mir bei dësem tragesche Virfall fënnef weider Membere vun eiser Famill verluer hunn. Et gëtt keng Wierder fir déi déif Trauer auszedrécken, déi vill vun eis den Ament fillen“.

MilwaukeeWell et de Kontext hir gëtt, gi bis op weideres d‘Büroen zougemaach an d‘Produktioun agestallt. Et géif drëms goen de Leit d‘Zäit ze ginn sech mat der Situatioun ze familiariséieren. Den Tom Barett, Buergermeeschter vu Milwaukee: „Et ass einfach schrecklech. E schrecklechen Dag fir déi vill Leit déi hei schaffen, e schrecklechen Dag fir jiddereen deen dëser Saach nosteet“.

MilwaukeeOch de Locataire aus dem Wäissen Haus, deem de Virfall kuerz virun enger Konferenz zum Coronavirus matgedeelt gouf, huet sech immens Betraff gewisen: „Ons Häerzer brieche fir iech an är Léif. Mir schécken eist Bäileed. Mir wäerte bei iech sinn, an et ass eng schrecklech Saach, eng schrecklech Saach“. Et ass virun allem ee „Fait divers“ dee séier wäert a Vergiessenheet geroden…

mat indymedia/mke

Related topics Brauerei, Milwaukee, Molson-Coors, Schéisserei, USA, Wisconsin
Next post Previous post