Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Du mengs, du géings de Kanton Miersch gutt kennen? Da packs du locker dës 12 Froen!
International Kultur Neiegkeeten

Du mengs, du géings de Kanton Miersch gutt kennen? Da packs du locker dës 12 Froen!

De Kanton Miersch befënnt sech mëtten am Häerz vum Land.

US-President mat sengem Ego zefridden
International Kultur Neiegkeeten

US-President mat sengem Ego zefridden

Kuerz virum Enn vum Impeachment huet den Donald Trump seng

14 Juli: Alles op de Vëlo!
International Kultur Neiegkeeten

14 Juli: Alles op de Vëlo!

De Mouvement Ecologique (MeCo) a seng regional Sektioun „Miersch an

Mind The Brain – 10 artistesch Gehirer fir ee ronne Gebuertsdag!

Mind The Brain – 10 artistesch Gehirer fir ee ronne Gebuertsdag!

Zum 10. Gebuertsdag vum Luxembourg Centre for Systems Biomedicine (LCSB) huet d’UNI.lu déi ëffentlech Ausstellung Mind the Brain organiséiert. Mat 10 risege Skulpture vu Gehirer, déi vu genau esou ville Kënschtler ästhetesch dekoréiert gi sinn, gëtt d’Konscht mat der Wëssenschaft verbonnen. Donieft gëtt bei all Foto op de soziale Medie mam Hashtag #MindtheBrain 1 € un déi biomedezinesch Recherche gespent.

Esou vill Gehirer huet een an er Stad wuel nach ni gesinn. Spaass bei Säit – hei geet et ëm een eescht Thema! Am ganzen Zentrum vun der Haaptstad si momentan dës Steierzentrale vum mënschleche Kierper ze fannen. D’Ausstellung Mind The Brain befënnt sech am ëffentleche Raum, sou datt all Persoun d’Konschtwierker vun den 10 Artiste bewonneren, d’Informatiounstafel liesen an eng Foto vun der Skulptur maache kann.

Mind the Brain

Dem Artist Raphael Gindt säi Wierk steet fir rar Krankheeten, déi oft genetesch Originnen hunn an och oft d’Gehir beaflossen © Mind the Brain

Den LCSB ass een interdisziplinären Zentrum vun der Recherche, duerch deen déi biomedezinesch Fuerschung ugedriwwe soll ginn. D’Kollaboratioun tëscht Biologen, Medeziner a Computer-Wëssenschaftler, Physiker, Ingenieuren a Mathematiker erméiglecht nei Abléck an eis komplex Systemer, sou wéi beispillsweis d’Zellen, Organer an Organismen.

Fir Krankheete besser ze verstoen an nei Instrumenter zur Diagnos an Therapie ze entwéckelen, ass et wichteg fir de Kierper am Detail ze kennen. Dobäi stinn neurodegenerativ Krankheete, wéi Parkinson, am Fokus vum Recherche-Zentrum.

Mind the Brain

Dem Artist Eric Mangen säi Wierk steet fir Epilepsie © Mind the Brain

Konscht a Wëssenschaft

Déi 10 Gehirer si vu renomméierte Lëtzebuerger Kënschtler an hirem perséinleche Stil gestalt ginn. Ze fannen si Wierker vum Monique Becker, dem Raphael Gindt, dem Thomas Iser, dem Frank Jons, dem Daniel Lloyd, dem Eric Mangen, dem Marc Pierrard, dem Joel Rollinger, dem STICK an dem Alain Welter. Dobäi stellt all Skulptur ee Beräich vun der Recherche vum LCSB duer, deen op enger klenger Informatiounstafel beschriwwen ass.

An dësem Kader ass, zesumme mat Hogan Lovells Luxembourg, eng Campagne an de soziale Medie lancéiert ginn, woubäi pro Foto, déi mam Hashtag #MindtheBrain markéiert ass, 1€ un d’biomedezinesch Recherche geet.

Fir d’Lëtzebuerger Fuerschung a Konscht ze ënnerstëtzen, stinn déi artistesch Gehirer zum Verkaf. D’Halschent vum Erléis geet dobäi un den Artist, déi an er Halschent un ee Projet zur Recherche vun neurodegenerative Krankheeten. D’Skulpture sti vum 15. September bis de 6. Oktober zum Verkaf a kaschten 8.000 € pro Wierk. D’Dimensioune leie bei 2 x 1,5 x 2 Meter, d”Gewiicht bei 1.600 kg.

Opmaacherfoto: Dem Artist Alain Welter säi faarwegt Konschtwierk steet fir d’Mikrobiomen. Heimat sass generell d’Gesamtheet vun alle Mikroorganisme gemengt, déi op der Äerdkrut, am Waasser oder an der Äerdatmosphär wunnen. © Mind the Brain

Ähnlech Sujeten #mindthebrain, 10 Gehirer, Alain Welter, Daniel Lloyd, Epilepsie, Eric Mangen, Frank Jons, Joël Rollinger, LCSB, Luxembourg Centre for Systems Biomedicine, Marc Pierrard, Mind the Brain, Monique Becker, Neurodegenrativ Krankheeten, Parkinson, Raphael Gindt, Stick, Thomas Iser, Uni.lu
Nächsten Artikel Virrechten Artikel