Search

You may also like

money
Frankräich: Bedéngungslost Grondakommes als Pilotprojet
Meenung Neiegkeeten

Frankräich: Bedéngungslost Grondakommes als Pilotprojet

De Prinzip vum bedéngungslose Grondakommes um „Terrain“ ausprobéieren, fir en

Wéi Däitschland säi politescht Gesiicht verluer huet, erkläert
Meenung Neiegkeeten

Wéi Däitschland säi politescht Gesiicht verluer huet, erkläert

Um Sonndeg waren eis Noperen opgeruff e neie Bundestag ze

Koordinéiert Aktioun géint de Kannerhandel
Meenung Neiegkeeten

Koordinéiert Aktioun géint de Kannerhandel

Ee Mëttwoch huet Europol matgedeelt, datt et am Oktober an

Mindestloun: E wichtege Schrëtt fir e méi soziaalt Europa

Mindestloun: E wichtege Schrëtt fir e méi soziaalt Europa

Ënnert der Fiederféierung vum Lëtzebuerger EU-Kommissär Nicolas Schmit huet d’EU-Kommissioun e Mëttwoch eng EU-Richtlinn virgeluecht, mat där séchergestallt soll ginn, datt Employéeën an der Europäescher Unioun duerch ugemiesse Mindestléin geschützt ginn, déi hinnen op der Plaz vun hirer Aarbecht en ugemiessene Liewensstandart erméiglechen.

An allen EU-Memberstaaten gëtt et Mindestléin. An 21 Länner gëtt et gesetzlech Mindestléin an a 6 Memberstaaten (Dänemark, Italien, Zypern, Éisträich, Finnland a Schweden) gëtt de Mindestloun just duerch Tarifverträg geschützt. An de meeschte Memberstaaten sinn Employéeën awer vun onzoulänglechen Ugemiessenheeten an/oder Lacune beim Mindestlounschutz betraff.

Virun dësem Hannergrond schaaft déi virgeschloe Richtlinn e Kader, fir d’Ugemiessenheet vun de Mindestléin an den Zougang vun den Employéeën zum Mindestlounschutz an der EU ze verbesseren.

De Virschlag vun der Kommissioun respektéiert de Subsidaritéitsprinzip voll a ganz: E schaaft e Kader fir Mindeststandarts, deen d’Zoustännegkeet vun de Memberstaaten an d’Autonomie, sou wéi d’Vertragsfräiheet vun de Sozialpartner am Beräich vun de Léin berécksiichtegt a erëmspiggelt. De Virschlag leet weder e gemeinsame Mindestlounniveau fest, nach verflicht en d’Memberstaaten zur Aféierung vu gesetzleche Mindestléin.

„Bal 10 % vun den Employéeën an der EU liewen an Aarmut – dat musse mir änneren! Et dierf net sinn, datt Mënschen, déi enger Aarbecht noginn Schwieregkeeten hunn fir iwwert d’Ronnen ze kommen. Mindestléin hinken anere Léin, déi an de leschte Joerzéngte geklomme sinn, hannendrun a mussen uschléissen. Tarifverhandlungen sollten an alle Memberstaaten de Goldstandart sinn. D’Garantie vun ugemiessene Mindestléin ass am Grondsaz 6 vun der europäescher Sail vu soziale Rechter, déi vun alle Memberstaate gebëllegt goufen, schwaarz op wäiss festgehalen – mir zielen also op ären unhalenden Engagement“, erkläert den Nicolas Schmit, de fir Beschäftegung a sozial Rechter zoustännegen EU-Kommissär, de Virschlag vun der EU-Kommissioun.

Den Yves Cruchten, LSAP-President a Virsëtzenden vun der baussen- an europapolitescher Kommissioun am Parlament, huet den Nicolas Schmit zu sengem Virstouss begléckwënscht: „Dëst ass e wichtege Schrëtt fir dat soziaalt Europa.“

Grad och a Pandemiezäiten wir et wichteg, sech fir eng fair Bezuelung vun allen Employéeën, besonnesch den Niddreglounempfänger anzesetzen. „De Liewensënnerhalungskäschten ugepasste Léin sinn Deel vun enger nohalteger an inklusiver Krisebewältegung a gesellschaftlecher, sou wéi wirtschaftlecher Erhuelung. Net de Problem“, sou de Cruchten.

„Souwuel zu Lëtzebuerg, wéi och am Rescht vun der EU kréie méi Fraen, wéi Männer de Mindestloun. Ugemiesse Mindestléin kënnen deemno och dozou bäidroen, geschlechterspezifesch Lounënnerscheeder ze verréngeren“, ënnersträicht de Georges Engel.

Den LSAP-Fraktiounspresident erënnert dann och dorun, datt seng Partei sech zanterdeem – souwuel um nationalen, wéi och um europäeschen Niveau – fir fair Léin asetzt an datt de Phenomen vun de „Working Poor“ net ze akzeptéiere wier. An dësem Sënn a well d’EU-Kommissioun an hire Folgeofschätzungen vun der Richtlinn festgestallt huet, datt Lëtzebuerg 2018 (zesumme mat Bulgarien, der Tschechescher Republik, Estland, Däitschland, Ungarn, Litauen, Slowenien a Malta) Deel vun 9 europäesche Länner ass, an deenen de soziale Mindestloun net virum Risiko vun der Aarmut schützt, huet d’LSAP sech zënter dem Ufank vun der Legislaturperiod vehement a mat Erfolleg fir d’Opstockung vum Mindestloun ëm 100 € agesat.

De Georges Engel seet weider: „Doriwwer hinaus ënnerstëtze mir als LSAP eng strukturell Upassung vum Mindestloun un déi wirtschaftlech Entwécklung. Wie schafft an zum Wuelstand vum Land bäidréit, muss leeschtungsgerecht entlount an um Produktivitéitszouwuess bedeelegt ginn.

Dëse Grondprinzip gëllt fir all Employéeën. D’Tarifpolitik muss sech un der geschaafter Plus-Value an dem Produktivitéitsgewënn orientéieren. D’LSAP ënnerstëtzt d’Verbänn vun den Employéeën an hire Beméiungen fir eng leeschtungsgerecht Entlounung vun de Beschäftegten.

Grondsätzlech muss séchergestallt ginn, datt all Mënschen vun hirem Akommes liewe kënnen, ouni Sozialhëllef ufroen ze mussen. Aarbecht muss sech lounen an dierf net gläichbedeitend si mam Aarmutsrisiko.“

Matgedeelt vun der LSAP-Fraktioun
Hei déi offiziell Matdeelung (lsap.lu)

Opmaacherbild: Den Nicolas Schmit, Lëtzebuerger EU-Kommissär © LSAP

Related topics Aarmut, Employé, EU-Kommissioun, Kris, Liewensënnerhalt, LSAP-Fraktioun, Nicolas Schmit, Richtlinn, Yves Cruchten
Next post Previous post