Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Breaking News – CFL Linn 60 am Nomëtteg gestéiert!
Neiegkeeten

Breaking News – CFL Linn 60 am Nomëtteg gestéiert!

Aus operationelle Grënn muss op der Linn 60, d‘Streck tëscht

D’Begriefnis um 4. Mee: Wichteg Informatiounen zum Transport a méi!
Neiegkeeten

D’Begriefnis um 4. Mee: Wichteg Informatiounen zum Transport a méi!

Um 4. Mee gëtt S.R.A. de Grand-Duc Jean begruewen. Aus

Rechtsstaat: d‘EU fuerdert vu Warschau Kloerheet
Neiegkeeten

Rechtsstaat: d‘EU fuerdert vu Warschau Kloerheet

De Vizepresident vun der EU-Kommissioun, Frans Timmermans, huet um Mëttwoch

Daniel Düsentrieb 2.0 – Mini Maker Faire zu Rouspert

Treffpunkt fir Technikfrënn den 19. Mee

Daniel Düsentrieb 2.0 – Mini Maker Faire zu Rouspert

Ëmmer méi Leit hunn an de leschte Joren hiert eegent Talent als Knécheler entdeckt. Ob een elo éischter en Hobby-Handwierker oder e professionelle Bastler ass, neierdéngs gëtt et een aus Amerika stamende Begrëff fir sou technikaffin Leit ze bezeechnen: “Maker”. Zu Rouspert ass den 19. Mee Treffpunkt op der Mini Maker Faire.

Wie sech also gär als Daniel Düsentrieb gëtt a sech fir nei Techniken an Technologien interesséiert, wäert bei dësem familljefrëndlechen Evenement – enger Zort Wëssenschaftsfoire – voll op seng Käschte kommen. Mat hire Matmaach-Statiounen, Workshoppen, souwéi Virträg fir Grouss a Kleng ass d’Mini Maker Faire e Festival fir Inspiratioun, Kreativitéit an Innovatioun. Upaken an Ausprobéiere gëtt hei grouss geschriwwen!

Just Make It!

Hannert dëser Foire stécht d’A.s.b.l. Make it. Si huet sech zum Zil gesat, Maker ze ënnerstëtzen an ze fërdere fir soumat d’Makerzeen zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun ze stäerken. Hir Projeten si souwuel sozial engagéiert, nohalteg, wéi och wëssensvermëttelnd. D’Fërderung vun der Kreativitéit wier wichtege Bestanddeel bei der Vermëttlung vu Wëssenschaft an Technik. Wie beispillsweis eng Iddi fir e flotte Projet hätt an awer net genau wéisst, wéi starten, ka sech bei Make it mellen an ënner anerem op infrastrukturelle Support hoffen.

Mini

© Mini Maker Faire

De Groussdeel vun der Maker Faire bilde Workshoppen, déi vu Make it an awer och anere Veräiner ugebuede ginn. Doriwwer eraus stellen eng Rei Knécheler hir eegen Aarbechten am Beräich Steampunk a Cosplay vir. An engem drëtte Beräich dréit sech dann alles ëm Fligeren. Nieft selwer gebaute Fligere gëtt et nach eng Arena, wou een och als Ufänger mat Drone fléien an déi eng oder aner Kapriole maache kann. Och interessant wäert de Wettkampf tëscht Robotere sinn, deen de ganzen Dag iwwer vu sechs Ekippen ausgedroe gëtt.

Dass d’Maker Faire dëst Joer zu Rouspert stattfënnt, ass net einfach dem Zoufall geschëlt: Virun iwwer 100 Joer huet den Henri Tudor duerch seng Iddien a säi “Maken” de Grondstee fir den Tudor-Akkumulator geluecht. Den Tudor-Musée zu Rouspert feiert dobäi seng zéng Joer a stellt den 19. Mee nei Exponaten aus. Den Entrée fir d’Maker Faire an de Musée ass op deem Dag iwwregens gratis. 

Iwwerbléck

Mini Maker Faire

Wou? Zu Rouspert am Campus scolaire et sportif “Am Bongert”

Wéini? Sonndeg, den 19. Mee 2019 vun 10:00 bis 18:00 Auer

Entrée: gratis

Ähnlech Sujeten Knécheler, Mini Maker Faire, Rouspert, Technikfrënn, Wëssenschaft an Technik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel