Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

USA: 10 Jugendlecher bei Schéisserei am Ladd-Peebles Stadion blesséiert
International Neiegkeeten

another word for casual dating

No engem „Football“ Spill am Ladd-Peebles Stadion zu Mobile (US-Bundesstaat

single girl dating site
united kingdom dating culture
International Neiegkeeten

D‘Handelskummer begréisst TVA-Propose vun der Regierung

Nodeems den europäesche Geriichtshaff d‘Praxis vu verschiddene Länner a Punkto

„Europa muss seng eege Sécherheet an de Grapp huelen“
International Neiegkeeten

„Europa muss seng eege Sécherheet an de Grapp huelen“

Haut soll d’EU seng detailléiert Propositioun fir d’Finanzéierung vun enger

Marokko: Minière vum Doud zu Jerada

Marokko: Minière vum Doud zu Jerada

Zu Jerada, eng vu Gott vergiesse Gemeng am Norde vum Marokko, riskéieren all Dag honnerte Mineuren hiert Liewen, dat fir illegal eng Handvoll Kuel ze gewannen. Virun ee puer Deeg ass den Abderrazak dem Doud vun de Schëpp gesprongen, seng zwee Kollegen haten net esouvill Gléck

Hiren Doud leschte Freideg hat vir Onrou a Roserei zu Jerada gesuergt. Um Dënschdeg war et da schonn den drëtten Dag wou dausende Leit géint d‘Ausgrenzung vun hirer Regioun manifestéiert hunn. „D‘Vollek wëll eng wirtschaftlech Alternativ“, esou d‘Manifestanten, haaptsächlech jonk Mënschen, déi grousse Wäert op de friddleche Charakter vun hirer Manifestatioun geluecht hunn an zimlech de marokkanesche Fändel ëmhänken haten.

Verschiddentlech hunn d‘Manifestanten d‘Slogane vum „Mouvement“ aus dem Hirak iwwerholl. De soziale Konflikt hat d‘lescht Joer d‘Nopeschregioun vum Rif iwwerrannt.

Et nennt een se d‘Minière vum Doud: zu hirer Dausend ginn se all Dag an dës desaffektéiert Minnen. Eigentlech sinn se schonn zanter zwee Joerzéngten „zou“, mee vun iergendeppes muss ee liewen. Also ginn se awer an d‘Minière, ouni Schutz, dem Doud ausgeliwwert.

An den Doud hëlt reegelméisseg Rendez-vous. Um Freideg huet hien zwee Bridder am Alter vun 23 a 30 Joer ofgeholl. Den Houcine an de Jedouane si bei engem „Accident“ an enger Galerie ëm d‘Liewe komm. Den Abderrazak Daioui (22) war bei de Bridder wéi „et geschitt ass“ a konnt a leschter Sekonn dem Doud entkommen.

„Mir sinn erofgaangen op 85 Meter. Den Houcine an de Jedouane war just ënnert mir. Ee vun hinnen huet horizontal gegruewe wéi hie muss e Waasserpëtz getraff hunn. Mir si bannent Sekonnen iwwerschwemmt ginn. Ech hu mech u mengem Seel festgehalen a konnt iergendwéi nees erop, mee si net…“, erzielt de Abderrazak der AFP.

Et gëtt kaum Aarbecht

Den Abderrazak lieft an engem einfachen, net fäerdeggestallten Haus. Hien erzielt, datt hie säi Papp – och en ale Mineur – vun 80 Joer finanziell muss ënnerstëtzen. Ënnerstëtzung déi och seng sedchs Bridder, seng Fra a säi Meedche brauchen.

„Et gëtt einfach keng Alternativ, keng Aarbecht. Dofir bleift mir näischt anescht iwwreg wéi mäi Liewen ze riskéieren. Verdéngen dinn ech tëscht 100 an 150 Dirhams (9 bis 13 Euro) den Dag“ esou den Abderrazak, dee scho säit 3-4 Joer ouni Schutz an Illegal all Dag an d‘Minière erof klotert

Iert d‘Minière Enn de 90er zougemaach ginn ass, well se vun den Autoritéiten als ze „käschtenintensiv“ betruecht ginn ass, hunn zu Jerada 9.000 Mënschen an der „Branche“ geschafft. D‘Kueleminne war deemools déi finanziell Ressource vun den Awunner.

A Obwuel d‘Minn zougemaach ginn ass, gi wéi bericht, all Dag dausende jonk Mënschen an d‘Däischtert vun de Galerien erof fir mat der Hand d‘Kuel ofzebauen. Eng Kuel déi uschléissend u Kuelenhändler aus der Géigend verkaf gëtt. „Déidlech Accidenter sinn den Alldag an dëse Minnen“, esou den Abderrazak, dee schonn den Doud vu sengem Monni a zwee jonke Familljememberen ze bekloen huet.

Jerada ass dann awer och eng vun den äermste Gemengen am Marokko, wéi et och d‘Zuele vum marokkaneschen Amt fir Statistik ënnersträichen. „Et ware wuel vum Staat Wirtschaftsprojeten an Ugrëff geholl ginn“, erzielt de Said Zeroual, e vun de lokale verantwortleche vun der marokkanescher Mënscherechtsorganisatioun AMDH „mee se sinn net duer gaangen. D‘Stad huet keng aner Ressourcen, et gëtt keng Aarbecht, keng Fabricken. D‘Leit liewen am Misär“.

Gebraucht ginn Investisseuren

De Minister fir Energie a Biergbau, Aziz Rebbah huet um Dënschdeg géintiwwer der AFP bestätegt, datt: „de Staat ass derbäi ee Kuelekraaftwierk mat enger Leeschtung vun 350 Megawatt opzeriichten. D‘Kuel mat där d‘Kraaftwierk bedriwwe gëtt, soll aus Jerada kommen. Eleng mam Kraaftwierk schafe mir 500 Aarbechtsplaze, déi meescht dovunner fir d‘Leit aus der Regioun“.

„Zudeem wäerte mir eng wäitreechend Etüd an Optrag ginn. Déi soll eis erlaben d‘Potential vun der Regioun ze ermëttelen an Investisseuren unzezéien“, esou den Aziz Rebbah.

De Regierungschef Saadeddine El Othmani huet sengersäits ugekënnegt, datt hien d‘Parlamentarier aus der Regioun, nach dës Woch wëll empfänken. Mat hinne wëll den El Othmani iwwert d‘Suergen an d‘Problemer déi bestinn diskutéieren. Et misst een ëmmerhi bedenken, datt 80 Joer Kuelenofbau och bei den Aarbechter Spueren hannerlooss huet.

Esou ass d‘Silikose, eng Longekrankheet déi duerch d‘Anootme vu Kuelestëbs entsteet, an der Ëmgéigend wäit verbreet. Et sinn dann awer haaptsächlech eeler Mineuren an der Pensioun, déi een am Spidol zu Jerada begéint. Si kommen alleguerten an de Service „Pneumologie a Silikose“.

„D‘Mineure späizen hir Longen eraus bis se futti ginn“ erzielt eis de Mohamed El Berkani. De Mann ass an de 60er an huet 23 Joer an de Galerië geschafft. „Haut ginn se eis wéinstens Medikamenter géint d‘Péng“.

mam Hicham Rafih an dem Hamza Mekouar/AFP

Foto: Rudimentär d‘Material a liewensgeféierlech all Geste. An der Regioun gëtt et awer keng Aarbecht an och soss huet et wéineg Alternativen. Den Abderrazak hat am Géigesaz zu sengen zwee Kollegen Chance, déi sinn um leschte Freideg bei engem Accident ëm d‘Liewe komm. © Fadel Senna/AFP

Ähnlech Sujeten Energie, Jerada, Kueleminn, Marokko
Nächsten Artikel Virrechten Artikel