Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Et kann een alles op d‘Spëtzt dreiwen!
Neiegkeeten

Editorial: Et kann een alles op d‘Spëtzt dreiwen!

Et ass richteg, datt den Handy hannert dem Steier zur

Eis Sprooch ass e fruchtbart Thema fir de Wahlkampf. Dobäi ginn et nach ganz aner Erausfuerderungen!
Neiegkeeten

Eis Sprooch ass e fruchtbart Thema fir de Wahlkampf. Dobäi ginn et nach ganz aner Erausfuerderungen!

Gëschter gouf no der Debatt d’Gesetz zur Promotioun vun der

Sudanese fuerderen eng Zivilregierung
Neiegkeeten

Sudanese fuerderen eng Zivilregierung

D‘Sudanese waren es dem Omar al-Bashir midd an hu méintelaang

Ze vill Fräiheet an net genuch Eegeverantwortung

Hausse vun den Infektiounszuelen – Minister fir bannenzeg Sécherheet verlaangt Aschränkungen

Ze vill Fräiheet an net genuch Eegeverantwortung

Et war een eppes genervten Vizepremier dee sech de Moien um Honnertkommasiwen zu der Hausse vun de Infektiounszuele geäussert huet. Och d‘Verstéiss géint déi sougenannt Police-Stonn, déi vun der Police iwwert de Weekend notéiert goufen, dierften dem François Bausch op d‘Laun zimmlech versaut hunn.

Hien huet dann och de Moien am Interview nach emol drun erënnert, datt d‘Regierung eigentlech och weider un de Beschränkungen am private Beräich festhale wollt, firwat dat esou och an den Entwërf zu de Covid19-Gesetzer agefloss war. Deem hat awer de Staatsrot eng formell Oppositioun entgéintgestallt, firwat dëse Passage nees aus den Texter erausgeholl ginn ass.

Mat der neierlecher Entwécklung vun den Infektiounszuelen, esou de Minister um Mikro vum Honnertkommasiwen, kéint sech d‘Regierung elo net erspueren, iwwer méiglech Restriktiounen am Privatberäich nozedenken an ënner Ëmstänn, dem Staatsrot nei Argumenter ënnerbreeden, fir hei nees „Grenzen“ anzeféieren. Anescht ausgedréckt, d‘Gesetzer sollen entspriechen amendéiert ginn.

MinisterDatt d‘Regierung – a wuel och d‘Majoritéit vun de Bierger – keng Loscht huet, sech hiren (an eise) gudde Bilan duerch ee laschen Ëmgang mat de Recommandatioune verdierwen ze loossen, ass jo och novollzéibar. Datt dëse Sujet eng vun de Prioritéite vun der Sëtzung vum Regierungsrot dierft sinn, huet de Minister jo och schonns bestätegt. Et ass einfach nach keng Zäit fir Party.

Wou Nuetseile feieren

Et ass jo och wierklech net einfach, sech op d‘Vernonft vun de Leit ze verloossen. Wärend déi meeschten sech de Recommandatiounen ugeholl hunn, gëtt et déi wou sech „net betraff“ fillen an mat dësem Beholl den Deconfinement seriéis a Fro stellen. An de Minister ass esou och iwwerzeegt, datt grad besonnesch bei den Nuetseilen eng héich Infektiounsgefor besteet.

Alkohol (an aner Substanzen) loosse séier d‘Grenze falen, an wann et ausaart klëmmt de Risiko. D‘Police ka wuel am Horesca-Secteur kontrolléieren, mee omnipresent ass och si net. Bei d‘Leit heem goen ass zudeem nëmme begrenzt méiglech, a besonnesch déi méi Jonk si ganz kreativ, wann et drëms geet sech de Blécker vun den Autoritéiten ze entzéien. Dat ass elo ee Problem.

Woubäi een dierf insistéieren, datt de François Bausch kengem all Feier am klenge Krees verbidde wëll, mee dat mat Moos an am Respekt vun de Recommandatiounen. Och hien huet de Leit geroden, sech testen ze loosse wann si hir Aluedung zougestallt kréien. Wann ee sech eens ass, datt keen en zweete Lockdown wëll hunn, wier elo de richtege Moment Verantwortung ze iwwerhuelen.

Illustratioun: © James Lee / unsplash

Ähnlech Sujeten Covid19, Covid19 Gesetzer, Infektiounszuelen, Neiinfektiounen, Party, Privatsphär, Repressioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel