Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Rockhal: Den James Bay a seng Arméi u weibleche Fans!
Neiegkeeten

Rockhal: Den James Bay a seng Arméi u weibleche Fans!

Zesumme mat eise Jonge vu Seed To Tree ass gëschter

Och Ambassaden hu sech un d‘Aarbechtsrecht ze halen
Neiegkeeten

Och Ambassaden hu sech un d‘Aarbechtsrecht ze halen

Den 3. Februar ass um Geriicht d‘Uerteel an der Saach

D’Europäer maachen net genuch Kanner, seet de Franziskus
Neiegkeeten

D’Europäer maachen net genuch Kanner, seet de Franziskus

Um Samschdeg huet de Poopst Franziskus déi „dramatesch Sterilitéit“ vun

Minister vergräift sech um Kollektivcongé!

Minister vergräift sech um Kollektivcongé!

Och fir e François Bausch (déi gréng) gëtt et Limitten, an wann een dem OGBL säi Communiqué ganz gelies a verstanen huet, dann huet hien déi kierzlech iwwerschratt. De Politiker hätt, an et ass him och zouzetrauen, beim Fest vun den Entrepreneuren an aneren „ëffentlechen“ Geleeënheeten, de Kollektivcongé am Bausecteur op e neits a Fro gestallt.

Hei erënnert den OGBL awer drun, datt dëse Kollektivcongé sengerzäit iwwert d‘Dispositioune vum Kollektivvertrag (CCT), an am Kader vun der Tarifautonomie agefouert ginn ass. Et ass also d‘Resultat vun der Verhandlung tëscht Sozialpartner, an dorausser sollt sech de Minister gefällegst eraushalen. Mee nei gewielt gëtt eréischt a fënnef Joer, a bis dohinner ass dat souwisou vergiess.

De Kollektivcongé awer, deen all Salarié aus dem Bausecteur garantéiert, zu engem festgeluechten Zäitraum – 15 Deeg am Summer, an 10 Deeg am Wanter – an d‘Vakanz ze dierfen, esou wei am Kollektivvertrag fir de Bau an de Genie Civil virgesinn, ass net vu Muttwëll. Zudeem gëtt et och e Kollektivvertrag mat Handwierk aus dem Bausecteur, an deem de Kollektivcongé festgehalen ass.

Ausname geet et schonn

Vum OGBL gëtt och nach drop higewisen, datt de Kader vum Kollektivcongé och laang net esou strikt ass, wéi datt ëmmer gäre behaapt gëtt, just fir eppes schlecht ze rieden. Esou kann et dann zu Ausname kommen, déi am géigesäitegen Averständnes vu de Sozialpartner getraff musse ginn. Dat a spezifesche Fäll, wéi beispillsweis Aarbechten un enger Schoul, oder wa Gefor a Verzuch ass.

Dofir huet den OGBL elo dem Minister missen erklären, datt een et als Gewerkschaft et net kann hinhuelen, sech vun engem Minister virféieren ze loossen. Och géintiwwer de Salariéeë wier et en éischter schänterlecht Verhalen, zudeem hei och nach d‘Kompetenzen iwwerschratt ginn. Aus den Tarifverhandlungen hätt ee sech als Politiker, an als Minister souwisou erauszehalen, Punkt!

Fir d‘Gewerkschaft ass et net novollzéibar, datt gewësse politesch Acteuren, vun deenen eigentlech ze erwaarden ass, datt si d‘Interesse vum Vollek, also och dem Salariat, ze vertrieden hunn, sech esou dernieft behuelen. Hei geet et ëmmerhin ëm Liewensqualitéit. Am Wahlkampf, hunn déi gréng och vun Harmoniséierung tëscht Beruff a Famill geschwat, mee déi gëllt nëmme selektiv…

mam OGBL

Ähnlech Sujeten Bausecteur, François Bausch, Kollektivcongé, Neoliberalismus, OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel