Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ACL: De Staat sollt sech méi op Motorrieder konzentréieren
Meenung Neiegkeeten

ACL: De Staat sollt sech méi op Motorrieder konzentréieren

An engem oppene Bréif riicht sech de Lëtzebuerger Automobilclub elo

Den „Eschlescher“ vun der Sauer
Meenung Neiegkeeten

Den „Eschlescher“ vun der Sauer

Wat engem am klenge Geschäft – an natierlech och um

Zeienopruff: Illegal Offallentsuergung an Iwwerfall zu Miersch
Meenung Neiegkeeten

Zeienopruff: Illegal Offallentsuergung an Iwwerfall zu Miersch

D’Beamte vun der Police sinn an zwee Fäll op der

De Minister Claude Meisch brécht säi Wuert!

Eis edukativ a psycho-sozial Aarbecht ass wäertvoll fir d’Kanner a fir déi Jugendlech a brauch endlech een entspriechenden am Sozialdialog ausgehandelten Aarbechtskader

De Minister Claude Meisch brécht säi Wuert!

No den Notes vum MENJE zur « Envergure de la tâche du personnel éducatif et psycho-social intervenant auprès d’élèves à besoins spécifiques » vum 3. Juli 2020 an zur « Envergure de la tâche du personnel éducatif et psycho-social des SePAS et SSE » vum 10. Juli 2020 koum et, no der Interventioun vun de Gewerkschaften, vu Säite vum Ministère duerch déi nei Note « Compléments d’information – Envergure de la tâche du personnel éducatif et psycho-social » vum 21. Juli 2020 zu engem deelweisen Zeréckrudderen a Bezuch op déi éischtgenannten Note vum 3. Juli 2020, allerdéngs net a Bezuch op déi Note, déi d’SePAS’en an d’SSE’e concernéiert.

Mir, déi concernéiert Gewerkschaften a Personalrepresentatiounen, bezéien heimat zesumme folgend Stellung zu der aktueller Situatioun:

  • Mir si schockéiert iwwert d‘Aart a Weis, wéi de MENJE – ouni iergendeng Form vun deem esouguer gesetzlech virgesinnenen Dialog – einfach iwwert all d’Käpp ewech wichteg Entscheedungen zum Personal an zu deem senger Aarbecht probéiert ze fällen! De Minister probéiert säi ganzt edukatiivt a psycho-soziaalt Personal virun ee Fait accompli ze stellen, an dat ausgerechent den 13. Juli no enger Phase vun aussergewéinlechem Engagement vum ganze Personal wärend der Pandemie! Dat ass kee Respekt a kee Sozialdialog!
  • Mir ënnersträichen, datt déi festgehalen Aarbechtsbedingungen total laanscht d‘Ufuerderunge vum Terrain ginn, an net fir eng qualitativ Aarbecht am Sënn vun de concernéierte Kanner a Jugendlechen an eisem ganze Schoulwiese suergen!
  • Mir stellen déi haarsträubend Interpretatioune vum Aarbechtsgesetz duerch de MENJE, souwéi d’Rechtméissegkeet vun dësen Notes staark a Fro a behalen eis hir juristesch Prüfung vir!
  • Mir wëlle keng Zwouklassegesellschaft fir dat edukatiivt a psycho-soziaalt Personal am Enseignement; mir wëllen net, datt eis jonk Kollegen a Kolleginnen nach méi schlecht Aarbechtsbedingungen operluecht kréien ewéi déi Leit, déi aktuell schonn agestallt sinn! 2/2
  • Mir sinn net averstanen, datt d’Aarbechtskonditioune vu laangjärege Mataarbechter drastesch verschlechtert ginn, wann si hir Aarbechtsplaz innerhalb vun der Educatioun wiessele wëllen!
  • Mir sinn der Iwwerzeegung, datt d’Aarbechtskonditiounen eng qualitativ gutt Aarbecht bei alle Schüler a Schülerinnen erméigleche mussen an dëst ganz besonnesch bei den Élèves à besoins éducatifs spécifiques, esou wéi bei alle Schüler a Schülerinnen, déi eng psychosozial Ënnerstëtzung an/oder eng spezifesch schoulesch Begleedung brauchen! Mir brauchen Aarbechtskonditiounen, déi et eis erméiglechen, den Uspréch vum Bildungsoptrag, wéi en am Artikel 24 vun der UN-Behënnerterechtskonventioun fir Kanner a Jugendlecher mat spezifesche Besoine virgesinn ass, gerecht ze ginn.

Dofir fuerdere mir de Minister Claude Meisch op

  • déi 3 Notes integral zeréckzezéien an endlech ee Sozialdialog fir eng adequat Tâchendefinitioun a -beschreiwung unzefänken; bis dohinner sollen déi aktuell Aarbechtskonditioune gëllen;
  • sech selwer deenen Diskussiounen am Kader vun engem Sozialdialog ze stellen, amplaz seng Chefs de service virzeschécken;
  • säi Verspriechen anzehalen an ze legiferéieren, esou wéi hien dat a senger Äntwert vum 18. Mäerz 2019 op d’Question parlementaire N° 219 vum 17. Januar 2019 versprach huet;
  • d’Aarbechtskonditioune vum Personnel EPS net ze verschlechteren, esou wéi hien et schrëftlech an enger Lettre ministérielle vum 3. August 2018 versprach huet;
  • dem Personal keng Avenante méi virzeleeën, fir hir Aarbechtskonditiounen ze änneren an domat an der Reegel dann ze verschlechteren!

Amplaz d’Aarbechtskonditioune vum edukativen a psycho-soziale Personal am Enseignement vun uewen erof ze bradéieren, soll de Minister Claude Meisch säi Wuert halen an – endlech – mat alle Sozialpartner schwätzen a legiferéieren!

Matgedeelt vun ALEE/CGFP, SLEG/CGFP, SPEBS/CGFP, APPSAS, APCCA/SEW/OGBL,
E g
emeinsame Communiqué vun den Organisatiounen, déi dat edukatiivt a psycho-soziaalt Personal aus dem Lëtzebuerger Schoulwiese vertrieden

Opmaacherbild: Claude Meisch, Minister fir Héichschoul a Fuerschung © SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Ähnlech Sujeten Aarbechtskonditiounen, ALEE/CGFP, apcca, APPSAS, Bildung, Claude Meisch, Educatiounsministère, MENJE, Schoul, Schüler, SEW-OGBL, SLEG/CGFP, Sozialdialog, SPEBS-CGFP
Nächsten Artikel Virrechten Artikel