Search

You may also like

Apdikt Klierf
Neiegkeeten

Apdikt Klierf

Et ass net ze bestreiden, datt eng Apdikt am Häerze

Russesch Hyperschallrakéit ass Asazbereet
Neiegkeeten

Russesch Hyperschallrakéit ass Asazbereet

Moskau huet confirméiert, datt zanter dem leschte Freideg, déi éischt

Februar ass en ausbalancéierte Mount bei Netflix
Neiegkeeten

Februar ass en ausbalancéierte Mount bei Netflix

De Februar réckelt mi no. Dat heescht och, datt mer

Schwammunterrecht: Wann de Minister Meisch d‘Sécherheet vun de Schoulkanner vergësst

Schwammunterrecht: Wann de Minister Meisch d‘Sécherheet vun de Schoulkanner vergësst

E Gesetz iwwert d‘Schoul vergësst all Dispositiounen iwwert d‘Sécherheet vun de Schoulkanner. Esou krass versot huet de Gesetzprojet 7688 deen a Rekordzäit zum Gesetz vum 29. Oktober 2020 gefouert huet.

Heiranner geet et drëms neit Ersatzpersonal fir d‘Grondschoul ze rekrutéieren. An dësem Text gëtt awer kengesfalls berécksiichtegt, datt Enseignante vum Fondamental ganz spezifesch Ufuerderunge mussen erfëllen, fir d‘Sécherheet vun de Kanner beim Schwammsport ze garantéieren. Dat ass alles an engem groussherzogleche Reglement esou festgehalen. Am neie Gesetz awer, ass net virgesinn, datt d‘Remplaçante mussen ee Rettungsbrevet hunn. Wiem passt dann elo op d‘Kanner op wann se Schwamme ginn?

De Gesetzprojet ass de 26. Oktober deponéiert ginn, de 27. Oktober gouf de Rapporter an der Chamber genannt, den 28. Oktober hat de Staatsrot säin Avis ofginn, deen dann och ipso facto an der Kommissioun ugeholl ginn ass fir nach de selwechten Dag gestëmmt ze ginn. Den 29. Oktober war de Gesetztext verëffentlecht an domadder rechtskräfteg.

Fir d‘ADR brauch et net wierklech méi, fir ze beweisen, wéi zackeg ee Gesetzer duerch d‘Instanze joe kann. Déi politesch „Sensibilitéit“ ass es deem eppes midd a bedauert de flagrante Mangel un Dialogbereetschaft säitens de Koalitiounsparteien, deenen dësen Detail jo och net kann entgaange sinn. Esou krass Feeler beweisen zudeem wéi wichteg et ass, d‘Prozeduren net iwwert de Knéi ze briechen. Et ass besser en Decisioun méi spéit ze huelen, wéi eng schlecht Decisioun ze huelen.

D‘ADR monéiert dann och nach, datt et der Chamber – also der Koalitioun, well nach huet déi ganz Oppositioun do enger aner Aschätzung – duer geet den Avis vum Staatsrot virleien ze hunn. Elo ass et awer och richteg, datt d‘Regierung ganz bewosst op den Avis vun de Sozialpartner verzicht huet, wuelwëssend, datt déi de Fanger an d‘Wonn geluecht hätten. Woubäi jo och gewosst ass, datt een am Educatiounsministère souwisou drop beduecht ass, d‘Gewerkschaften op Distanz ze halen.

A wëll et esou flott a Beschimmend zugläich ass, hei nach kuerz déi dräi markantst Attributer déi D‘ADR dem Educatiounsminister Claude Meisch zougesteet:

  • kee Verantwortungsgefill fir d‘Schüler;
  • kee Plang;
  • keng Dialogbereetschaft.

Elo sollt een awer och net dovunner ausgoen datt alles mat „schlechter Absicht“ zesummenhänkt. Et si komplizéiert Zäiten déi och deels ganz kuerzfristeg Moossnamen erfuerderen, deenen een e legale Kader muss ginn. Well awer an der Hetz och emol Saachen „ënnert den Dësch falen“ wier et net vu Muttwëll sech endlech dem Dialog zouzewennen. Eppes wat dem Claude Meisch wierklech ganz schwéier ze fale schéngt, firwat hien dann och ëmmer ënnert d‘Rieder geréit.

Illustratioun: Schwammen ass eigentlech eng bei Schüler éischter beléiften Aktivitéit wann et ëm Schoulsport geet. Et mécht dann och Sënn, datt den Enseignant aus dem Fondamental zumindest de Brevet vum Rettungsschwëmmer huet. Dat zumindest mengt d‘ADR. © Marcelo Uva / unsplash

Related topics adr, Educatiounsminister, Ersatzpersonal, Fondamental, Gesetz vum 29. Oktober 2020, Grondschoul, Rekrutement, Schwammunterrecht
Next post Previous post