Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EU-Parlament viru konstituéirender Sëtzung
Neiegkeeten

EU-Parlament viru konstituéirender Sëtzung

Während gëschter den ganzen Dag iwwer a bis an d‘Nuecht

Cargolux: LX-VCJ ass no technesche Problemer sécher gelant
Neiegkeeten

Cargolux: LX-VCJ ass no technesche Problemer sécher gelant

An hirem Communiqué, bestätegt d‘Cargolux datt den Fluch „CV7330“, ob

money
USA: Sechs Millioune Chômeure bannent enger Woch (Analys)
Neiegkeeten

USA: Sechs Millioune Chômeure bannent enger Woch (Analys)

Amerika, dat Land vun deem den Donald Trump behaapt et

Här Minister, d‘Zäit fir de sozialen Dialog ass elo

Här Minister, d‘Zäit fir de sozialen Dialog ass elo

Um Dënschdeg 15. September, pénktlech zur Schoulrentrée hunn déi fënnef Gewerkschaften, déi sech ënnert anerem fir den edukativen a soziopsychologeschen Encadrement an de verschiddenen Enseignementsberäicher zoustännegt Personal këmmert, dem Educatiounsminister Claude Meisch (DP) eng konkret Invitatioun zum sozialen Dialog iwwerreecht.

Ënnerschiddlech Déngschtuweisunge vu verschiddene Chef de Service, betreffend d‘Envergure vun der Tâche vum uewe genannte Personal, déi bei Schüler mat spezifeschen edukative Besoinen, esou wei och d‘SePAS an SSE waren am Juli virgestallt ginn. Dat leider ouni dat et ëm Virfeld zu engem sozialen Dialog komm wier. E Fait dee mat der Covid19-Pandemie entschëllegt ginn ass.

Leider ass et esou, datt ouni dësen „Dialog“ och net konnt drop higewise ginn, datt sech jo awer nach ëmmer un déi gülteg Reglementéierung ze halen ass. Heirënner falen dann zum Beispill:

  • d‘Gesetz vum 6. Februar 2009 betreffend d‘Personal vum Fondamental, dat och zesumme mam groussherzogleche Reglement vum 6. Juli 2009, mat deem d‘Detailer vun der Tâche vun den Educateuren an de graduéierten Educateure vum Fondamental bestëmmt ginn;
  • d‘Tâche vun edukativen a psychosoziale Personal vum Logopedie-Zenter, déi all Joer vum Minister definéiert an ënnerschriwwe ginn;
  • d‘Aarbechtskonditiounen esou wéi se am System vun der differenzéierter Educatioun opgestallt waren;
  • d‘Tâche vum sozioedukative Personal am CFNPC, esou wéi vum Gesetz vum 19. Dezember 2008 (Reform vun der Beruffsausbildung) definéiert, a méi prezis dem groussherzogleche Reglement vum 22. Juli 2009 wou et ëm d‘Organisatioun n de Fonctionnement vum nationalen Zenter zur berufflecher Weiderbildung an d‘Bestëmmung vun den Tâche vum Personal geet;
  • de ministerielle Bréif vum 3. August 2018, betreffend d‘Tâche vun de graduéierten Educateuren am Fondamental, ënnerschriwwe vum Educatiounsminister;
  • d‘Note fir d‘Direktere vum Fondamental an dem Secondaire, betreffend d‘Reprise vum Personal aus der differenzéierter Educatioun, ënnerschriwwe vum 1. Conseiller de Gouvernement, Pierre Reding;
  • an de ministerielle Bréif vum 17. Mäerz 2008, betreffend d‘Tâche vum psycho-sozioedukative Personal vun de SPOS, ënnerschriwwe vum Mady Delvaux-Stehres, Educatiounsministesch vun 2004 bis 2013.

Déi 5 Gewerkschafte bestinn um Fait, datt e sozialen Dialog betreffend d‘Tâchen, d‘Missiounen an d‘Aarbechtskonditioune vum edukativen an psycho-soziale Personal opgrond den uewen zitéierte Reglementatioune muss stattfannen. Dat mam Zil en héichwäertegen Enseignement an Encadrement fir déi betraffe Schüler ze assuréieren.

Matgedeelt vun:

  • Association Luxembourgeoise des Éducateurs et Éducatrices, ALEE/CGFP;
  • Association du Personnel des Centres de Compétences et de l’Agence, APCCA/SEW/OGBL;
  • Association du Personnel du Centre et des Services psycho-sociaux et d’accompagnement scolaires, APPSAS;
  • Syndicat Luxembourgeois des Éducateurs Gradués, SLEG/CGFP;
  • Syndicat du personnel de l’Éducation nationale œuvrant spécifiquement dans l’intérêt des élèves à besoins éducatifs spécifiques, SPEBS-CGFP.

Fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: © APCCA

Ähnlech Sujeten ALEE, apcca, APPSAS, Claude Meisch, Educatiounsminister, SLEG, Sozialen Dialog, SPEBS
Nächsten Artikel Virrechten Artikel