Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gemengewahlen: wéi se hannert de Kulissen organiséiert sinn
Meenung

Gemengewahlen: wéi se hannert de Kulissen organiséiert sinn

Wéi et sech bei de Gemengewahle verhält, wa bis all

D’Postapokalyps ass och bei Netflix in!
Meenung

D’Postapokalyps ass och bei Netflix in!

Fir de Mount vum Mee baut Netflix säi Film-Ugebuet mat

New York: Eng Gay Pride géint den Trump
Meenung

New York: Eng Gay Pride géint den Trump

Um Sonndeg hunn dausende Mënschen an engem Mier u Reebou-Fändelen

Mir brauche méi positiv Noriichten

E Kommentar

Mir brauche méi positiv Noriichten

Am aktuelle politesche Klima muss een sech oft un de positive Noriichte klammeren. Rezent Highlights: An Australie soen se „Jo“ zum Opmaache vum Bestietnes, an Däitschland gëtt en drëtt Geschlecht agefouert. Dat si gutt Entwécklungen, déi d’Gesellschaft viru bréngen, mee leider am Noriichtenzyklus all ze schnell ënner ginn.

Et kéint ee vill soen a schreiwen doriwwer, wéi d’Noriichten ausgewielt ginn: Do wier zum engen den iwwerméissege Fokus op de Westen, op negativ Schlagzeilen, an op ganz spezifesch Perséinlechkeeten. Oft genuch huet een am internationale Kader sech doriwwer opgereegt, datt 2016 esou vill iwwert den deemolege Presidentschaftskandidat Donald Trump geschwat ginn ass. Doranner fënnt sech implizit de Virworf erëm, datt all dës Opmierksamkeet him deemools gehollef hätt.

Dat stëmmt net nëmmen am internationale Kader, mee eben och am klengen, am nationale Kader. Wéi eng Noriicht, wéi eng Persoun a wéi ee Message domatter am Fokus steet, gëtt – op mannst op den éischte Bléck – vun de Medie virginn. D’Spillchen ass awer méi komplex: Den Interesse vum Publikum wéi och d’Perséinlechkeeten hunn do en enormen Afloss doropper. A vue datt een als Redakter ëmmer muss e Choix treffen, hëlt een déi Geschicht, vun där een sech déi gréisste Relevanz an déi meeschte Reaktioune versprécht. Dëst kann och zu enger Verzerrung vun der Duerstellung féieren, wann zb. en Thema iwwerméisseg vill beschwat gëtt.

Ënnert dem Stréch geet et em Interesse: Dee vum Publikum, vun de Medien a vun der Gesellschaft als Ganzes

Dat konnt een zum Beispill och bei den Diskussiounen a bei der Berichterstattung ronderëm de Referendum vun 2015 gesinn. Am Fong gouf do just iwwert eng vun deenen dräi Sprooche diskutéiert, déi aner zwou goufe nëmme mat minimalstem Interesse behandelt. Gehollef huet dat weder der Diskussiounskultur, nach dem Resultat.

Wat ech hei konstatéieren, ass natierlech duerch meng eege Vue, déi par Definitioun limitéiert ass, gepräägt. An déi blouss Feststellung heivunner geet jo net duer, et muss och gefrot ginn, wéi een dëst ännere kann. Doropper hunn ech leider keng Äntwert, well Fakt ass: Dat, wat d‘Emotiounen am meeschten héich kache léisst, gëtt am meeschten op de soziale Netzwierker verbreet. Ma ech wënsche mer méi positiv Emotiounen an entspriechend Noriichten, déi dozou passen.

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Medien, Noriichten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel