Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

E Spezialfong soll flexibilitéit an de Logement bréngen
Neiegkeeten

E Spezialfong soll flexibilitéit an de Logement bréngen

D‘Kris am Logement hëlt keen Enn an d‘Spekulanten hunn och

Roy Reding likt PD-Kommentar
Neiegkeeten

Roy Reding likt PD-Kommentar

Datt een als Politiker oppasse muss, wat een sou op

Zwangspaus fir dat britescht Parlament
Neiegkeeten

Zwangspaus fir dat britescht Parlament

Den neie britesche Premierminister Boris Johnson huet sech virgeholl Groussbritannien

Mir hunn eng nei Regierung, soen se…

Gambia geet an déi zweet ronn, an et soll sech villes doen

Mir hunn eng nei Regierung, soen se…

Et huet nëmmen zéng Gespréichsronne gebrauch, an scho waren sech d‘Koalitiounspartner aus der aler Regierung eens, un dëser Konstellatioun festzehalen. Gëschter ass de Koalitiounsaccord der Press a senge grousse Linne virgestallt ginn. E Méindeg soll et dann zur Ënnerschrëft kommen.

„Déi nei Regierung profitéiert vum Fait, datt sech an de leschte Jore villes zum bessere verännert huet“, esou de Premier Xavier Bettel. Den Etienne Schneider stellt fest, datt et natierlech e Virdeel an eng gutt Saach ass, datt sech d‘Partner gutt kennen a matenaner verstinn. D‘Verhandlunge sinn also ofgeschloss, eppes méi fréi wéi erwaart, an elo wëll ee wësse wat et domatter op sech huet.

Politesch Dräifaltegkeet

Zum Koalitiounsprogramm hunn sech geäussert: d‘Corinne Cahen (DP), de Felix Braz (déi gréng) an den Etienne Schneider (LSAP). Allen dräi hunn déi Informatiounen, déi no bausse gedronge ware bestätegt, mee betount, datt de Programm a sech nach muss „verfeinert“ ginn. De Xavier Bettel, vum deem elo och gewosst ass datt hie Premierminister bleift, ka mat sech zefridde sinn.

An dësem Programm gëtt also grousse Wäert op déi sozial Justiz a Kohesioun geluecht. „Mir brauchen eng staark Wirtschaft a mussen d‘Kompetitivitéit vun eisen Entreprise verbesseren. D‘Digitaliséierung huet hei eng Schlësselroll an ass eng droend Sail vun dësem Koalitiounsaccord“, esou de Xavier Bettel, dee bis zur Regierungsbildung als Formateur d‘Wuert huet.

D‘Corinne Cahen gräift d‘Digitaliséierung op an annoncéiert d‘Schafung vun engem Ministère fir d‘Digitaliséierung, an de feste Wëlle vu der Koalitioun, dem Salariat méi Zäit fir d‘Famill zouzegestoen. Eng besser Vereenbarkeet vu Beruff a Famill, war dann och ee vun de wichtege Punkten, am DP-Wahlprogramm. Iwwerhaapt schéngt ee bei der DP mam Accord ganz zefridden.

Eng liberal Moderniséierung vun der Liewensqualitéit

D‘DP-Presidentin stellt da fest, datt de Koalitiounsaccord d‘Kontinuitéit vun den ëffentleche Finanzen, d‘Moderniséierung an d‘Liewensqualitéit vun de Bierger berécksiichtegt. Et géif een de Kampf géint d‘Aarmut weiderféieren, wat sech mat enger Erhéijung vum Mindestloun – 100 Euro déi sech d‘Patronat an de Staat deele sollen – schonn emol an der Paitut soll bemierkbar maachen.

Wéi dat am Detail opgliddert ass, gouf net verroden, mee gewosst ass, datt de Staat den Entreprise mat enger Steierentlaaschtung entgéint kënnt. Méi „netto vum brutto“ sollen d‘Familljen och duerch d‘Gratuitéit vun de Crèche, an der Gratuitéit vum ëffentlechen Transport erhalen. Dorunner muss wuel nach geschafft a gefeilt ginn, mee et schéngt der neier Regierung domatter eescht ze sinn.

Als Highlight sollt een och nach ervirhiewen, datt déi nei Regierung nach eng Steierreform wëlles huet. Dem Wonsch vun de Bierger no enger eenzeger Steierklass, soll elo endlech entsprach ginn. Et sollen dann och d‘Familljenzoulagen indexéiert ginn. Zudeem géif ee sech weider dem Ausbau vun den Infrastrukturen (Eisebunn, Contournementer, Altersheimer avm.) unhuelen.

E weider wichtege Punkt: d‘Fërderung vun der ëffentlecher Schoul a senger Diversifizéierung. Fir d‘Corinne Cahen besteet keen Zweiwel, datt dës Moossnamen am Kontext vun enger ëmmer gréisserer Demande onëmgänglech sinn. Dozou gehéiert och den Amenagement vun der Inclusioun an der Integratioun, woufir et zu Partnerschafte mat de Gemengen an Associatioune komme soll.

D‘DP, déi schonn am Juni duerch de Fraktiounschef Eugène Berger duerchblécke gelooss hat, datt een den „Homeoffice“ mat engem legale Kader encouragéiere wëll, huet dëse Punkt och an de Koalitiounsaccord afléisse gelooss. Fir eng besser Integratioun a sozial Kohäsioun, esou d‘Corinne Cahen, muss et och eng gréisser Offer u Sproochecourse ginn. Et gëtt deemno net langweileg…

Op déi „rout Linnen“ hu se gutt uecht gedoen

Wann den Etienne Schneider fir sech festgehalen huet, datt ënnert de Verhandlungspartner den Toun ëmmer frëndschaftlech gehale gouf, esou ass hie virun allem Frou, datt déi dräi „rout Linnen“ déi d‘LSAP sech operluecht huet, net dem Koalitiounsaccord zum Affer gefall sinn. Dozou muss awer gesot ginn, datt keng vun de zwou anere Koalitiounsparteien, dat am Sënn soll gehat hunn.

Esou gëtt d‘Fangere vum Index an de Pensioune gelooss, a wéi schonn uewe bemierkt, elo och de Mindestloun erhéicht. Wat den Dossier „generaliséierten Tiers-Payant“ ubelaangt, esou schéngt d‘LSAP kompromëssbereet ze sinn. Et „soll“ iwwer Verbesserungen, a méi rapid Remboursementer nogeduecht ginn. Eng elektronesch Kaart kéint e Léisungsusaz sinn, mee konkret ass nach näischt.

Wat dann awer elo jiddereen dierft erfreeën, och déi wou elo net direkt op eng Weiderféierung vun der Koalitioun gesat haten, datt sinn déi zwee Deeg Congé déi dem Salariat zoukommen. Esou den 9. Mee, deen als „Dag vun Europa“ zum feste Lëtzebuerger Feierdag gëtt. Deen anere Congésdag, fléisst an d‘Aarbechtsrecht an (bis ewell waren hei 25 Congésdeeg festgehale ginn). Gutt esou…

Erfreet ass den Etienne Schneider och iwwert d‘Baisse vun der sougenannter „Tax Tampon“ déi nees op 3% erofgesat gëtt. Och am Bausecteur, gëtt d‘TVA vun elo 15% op nees 3% erofgesat. Eng Reform vun der Grondsteier soll et dann och an der nächster Legislaturperiod ginn. Et dierf een also behaapten, datt sech d‘Sozialiste bei de Verhandlunge gutt duerchgesat kruten.

De Koalitiounsaccord: besser wéi nach 2013

Fir de Felix Braz, deem seng Partei vum Wieler gestäerkt gouf, wat derzou bäigedroen huet, datt een och méi Fuerderunge stelle konnt, huet Lëtzebuerg mat dësem Text, e besseren Accord wéi nach viru fënnef Joer. Hien erfreet sech besonnesch iwwert den héijen Niveau vun den Investissementer, déi fir d‘Mobilitéit virgesi sinn. Hei soll et an de nächste Joren zolidd virugoen.

Gemengt ass natierlech an éischter den Ausbau vum Tram deen zäitno bis Hollerech an op d‘Areler Strooss fuere soll, a vun deem de Felix Braz behaapt, datt en och bis op Esch-Uelzecht rulle wäert. Et soll och zu enger Reform vum Bus-Service kommen, mat Express-Linnen a méi Bus-Spueren. Wat d‘Gratuitéit vum Transport betrëfft, esou wier dat eng „sozial an ekologesch“ Moossnam.

Bei de Koalitiounsverhandlunge muss ee festgestallt hunn, datt déi gréng all Viraussetzungen hunn, de Problem mam Logement an de Grëff ze kréien. De Felix Braz betount dann och nach emol, datt et eng Prioritéit vun dëser Regierung ass, an den ëffentleche Secteur sech betount méi engagéiere muss. Wéi dat am eenzele kéint ausgesinn, dierft eis zu engem spéideren Zäitpunkt gesot ginn.

Interessant d‘Ausso, datt et bis zum Dezember 2020 zum Asazverbuet fir de Glyphosat komme soll, wou d‘EU sech kierzlech fir eng Verlängerung ausgeschwat huet. Gutt dann awer de Fait, datt et zu engem Programm zugonschte vun der BIO-Landwirtschaft kënnt. Déi soll vun elo 4% op 20% wuessen. Op dat elo genee esou ëmgesat ka ginn? Egal, et ass een hei um richtege Wee.

Zu der Kompositioun vun der neier Regierung, war gëschter nach keng offiziell „Lëscht“ virgestallt ginn. Déi gëtt haut vum „Formateur“ virgestallt, mir dierfen also nach emol de Sujet opgräifen…

Ähnlech Sujeten déi gréng, DP, Koalitioun, Koalitiounsaccord, LSAP, Regierung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel