Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De spuenesche Kinnek schléit sech op d’Säit vu Madrid – Bréissel drängt op Dialog
Neiegkeeten

De spuenesche Kinnek schléit sech op d’Säit vu Madrid – Bréissel drängt op Dialog

Um Dënschdegowend huet de Kinnek vu Spuenien sech op d’Säit

D’Réimer hu vill Spueren zu Lëtzebuerg hannerlooss. Mee wéi gutt kenns du se?
Neiegkeeten

D’Réimer hu vill Spueren zu Lëtzebuerg hannerlooss. Mee wéi gutt kenns du se?

Et ass zwar scho laang hier, mee d’Réimer hunn e

D‘Associatioun „Mäi Wëllen, Mäi Wee“ begréisst d‘Existenz vum Recht op e wierdegen Dout
Neiegkeeten

D‘Associatioun „Mäi Wëllen, Mäi Wee“ begréisst d‘Existenz vum Recht op e wierdegen Dout

D‘Gesetz zur „Euthanasie an der Bäihëllef zum Suizid“ ass de

Mir schaffen ze vill

Salariatskummer stellt 7. national Enquête zur Qualitéit vun der Aarbecht vir

Mir schaffen ze vill

Et gëtt vill ze vill geschafft, esou eng aleedend Remark vum Duo Sylvain Hoffmann (Direkter) an Nora Back (Presidentin) bei der Presentatioun vun de 7. nationaler Enquête zur Qualitéit vun der Aarbecht, déi d‘Salariatskummer (CSL) mat der Universitéit Lëtzebuerg realiséiert huet.

Bei der Enquête „Index vun der Aarbechtsqualitéit“ gëtt sech fir d‘Aarbechtszäit selwer, op déi verschidden Aarbechtsverträg bezunn. Heibäi stellt ee fest, datt Männer 39,3 Stonnen/Woch an d‘Frae 35,4 Stonnen/Woch schaffen. Dat ass zumindest esou schrëftlech festgehalen, entsprécht awer net der Realitéit. Do läit den Duerchschnëtt: Männer 42,8 / Frae 37,4 Stonnen/Woch.

A wann een emol dovunner ofgesäit, datt vill – fir net ze soen déi meescht – Salariéeë méi Stonne leeschte wéi dat an de Verträg ausgehandelt a vereenbaart gouf (woubäi déi legal Aarbechtszäit zu Lëtzebuerg op 40 Stonne begrenzt ass) dann ass een an der Salariatskummer besonnesch besuergt, wat d‘Gläichgewiicht tëscht Aarbechts- a Fräizäit betrëfft. Hei läit villes gehéierlech am Uergen.

46% vun de Befroten hunn uginn, datt hir effektiv geleeschten Aarbechtszäit iwwer déi vum Gesetz an den Aarbechtsverträg festgeluechten Zäit erausgeet. Hält een sech den Detail virun Aen, esou stellt ee Fest, datt 27 bis zu 5 Iwwerstonnen d‘Woch leeschten, 13% bis zu 10 Iwwerstonnen op sech huelen an nach 7% iwwert den 10 Iwwerstonne leien. 4% ginn un manner ze schaffen…

Wu kommen déi Stonnen hir?

Et ass, am Géigesaz zu deem wat ee virschnell kéint unhuelen, net dem Wonsch vum Salarié zou ze rechnen, datt et zu dësen Iwwerstonne kënnt (a mir schwätzen hei och just vun deenen déi amtlech sinn, also och bezuelt ginn). Déi meescht Iwwerstonnen entstinn aus operationelle Grënn (80%) an och wéinst betriblechen Direktiven (13%). Fir déi mannst (4%) geet et drëms méi Goss ze maachen.

Interessant dat am selwechte Kontext déi kognitiv Ufuerderungen an den Zäitdrock zouhuelen. Et schéngt kee Job méi ze ginn, an deem de Stress net zur renomméierter Kiischt um Kuch verkënnt. D‘Patronat sengersäits besteet op Flexibilitéit, wat kengesfalls als Virdeel fir d‘Salariat geduecht ass, mee ganz gutt studéiert ginn ass. De Lounofhängege bei Lisette loossen ouni dat et opfält?

Dat zumindest muss als Schlussfolgerung erlaabt sinn, wa gewosst, datt déi Lounofhängeg, wou sech hir Aarbechtszäiten „andeele“ kënnen, generell méi Aarbechtsstonne leeschten, wéi déi wou sech engem vum Patron festgeluechten Zäitplang ze fügen hunn. Bedenklech och de Fait, datt d‘Salariéeën ëmmer méi hir Pause verkierzen, wat dann och vun deenen aneren „erwaart“ gëtt.

Wie beispillsweis seng Mëttegpaus verkierzt oder guer net mécht (dëse Phenomen ass besonnesch am Gesondheets an am Finanzsecteur ausgepräägt) deet sech näischt Gutts un a sollt sech och vum Patron kee Merci erwaarden. Zudeem féiert et derzou, datt sech d‘Cheffen drop verloossen an och aner drop hiweisen, datt ee guer net esouvill Paus brauch wéi dat vun Experte gefuerdert gëtt.

Net genuch Hänn oder ze mann an der Pai?

Elo kéint een natierlech genéidegt sinn dem Patronat hannen eranzekrauchen an argumentéieren, datt vill Iwwerstonnen dowéinst geleescht musse ginn, well se net genuch (qualifizéiert) Personal fannen, dat déi Aarbechtsleeschtung am gesetzlech virgeschriwwenen Zäitraum leeschte kann. An natierlech sinn och den Elterecongé an d‘Krankmeldungen e gudde Grond fir Iwwerstonnen.

Dat ass allerdéngs zimleche Brach a wier, wann iwwerhaapt, beschtefalls op ganz kleng Betriber zoutreffend. Woubäi et an dëse klenge wirtschaftlechen Entitéiten en aneren Zesummenhalt gëtt, d‘Ziler gemeinsam erreecht wëlle ginn an dofir „Flexibilitéit“ och a gewësser Mooss en Invest an d‘Zukunft ass. Bei allen aneren ass eng Fro vun der Organisatioun an dem Rekrutement.

Wann et Secteure gëtt déi virginn, net dat qualifizéiert Personal ze fannen dat si brauchen, dann ass dat bëllege Blabla an zimlech hannerlëschteg. Hei sollten sech d‘Entreprisen, a besonnesch dären hir aarbechtsschei Manager vläicht emol selwer kritesch hannerfroen. Ass eng Firma fir seng asozial Haltung géintiwwer dem Salariat renomméiert, wëll keen do schaffe wann en net muss.

Attraktivitéit an eng Pai vun där ee Liewe kann, sinn Viraussetzunge wann ee motivéiert a loyal Mataarbechter rekrutéiere wëll. Participatioun a méiglecherweis e Kollektivvertrag, deen am Dialog an net duerch Ukënnegung vu soziale Konflikter entsteet, sinn och en Atout. Iwwerstonnen si Gëft, besonnesch wann se och net bezuelt ginn. Och doriwwer muss zwéngend nogeduecht ginn.

Un enger Léisung schaffe statt sabotéieren

An d‘Presidentin vun der Salariatskummer réit dem Patronat dann och sech emol d‘Fro ze stellen, wat ee maache ka fir an deene Secteure wou Hänn dréngend gebraucht ginn, d‘Attraktivitéit ze steigeren. Si sollten sech zudeem och emol Gedanken doriwwer maachen, ob et net sënnvoll wier Aktiounen ze maachen, déi eng Promotioun vun der Aarbecht sinn a Loscht drop maachen.

Wann ee jonk Leit an d‘Handwierk brénge wëll, muss een hinnen dat och schmackhaft maachen. Et ginn awer weder an der Industrie nach an de Groussbetriber seriéis Ustrengungen ënnerholl, déi de Jonken entspriechen. An et ass jo net nëmmen de Privatsecteur deen no Hänn a Kompetenze sicht. Och de Fait, datt d‘Patronat de Sozialdialog sabotéiert, méintelaang iwwer Kollektivverträg muss gestridde ginn (besonnesch wann de Benefice duerch de Plafong gaangen ass), ass net hëllefräich.

Eng Reform vum Aarbechtsrecht wäert dëse Problem net léisen, dat kann nëmme gemeinsam, als Gesellschaft an am géigesäitege Respekt geléist ginn. Leider huet d‘Patronat traditionell eng aner Definitioun vu „Respekt“ wéi dat bei Gewerkschaften a Aarbechterorganisatiounen de Fall ass. Dat ass geféierlech, besonnesch wou déi „streidereg Aarbechtsrelatiounen“ staark réckleefeg sinn.

A wat fir de Privatsecteur gëllt sollt och de Staat behäerzegen. Och hei gëtt et zolidd Problemer mat den Iwwerstonnen an dem Rekrutement. D‘Attraktivitéit huet nogelooss, d‘Perspektiven net déi wou se emol waren. Hei ass et awer – well de Staat net reng Profitorientéiert agéiere muss – eppes méi liicht op déi sech verännerend Situatiounen anzestellen… also meeschtens zumindest.

Foto: Pixabay

Ähnlech Sujeten Aarbechtsrecht, CSL, Nora Back, Sylvain Hoffmann, Universitéit Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel