Search

You may also like

Trump-Diplomatie vum feinsten
Neiegkeeten

Trump-Diplomatie vum feinsten

Nodeems den Donald Trump sech gëschter fir de Boris Johnson

E Partenariat fir de kommerzielle Weltraum
Neiegkeeten

E Partenariat fir de kommerzielle Weltraum

Et war, historesch betruecht, en denkwierdegen Dag, wéi den 10.

Escher Kulturnuecht um 19. September: Loosst Iech verzauberen!
Neiegkeeten

Escher Kulturnuecht um 19. September: Loosst Iech verzauberen!

D’Escher Kulturnuecht ass e fantastescht Fest, eng richteg Aventure fir

Mir sinn dach all bësse futti?!

Mir sinn dach all bësse futti?!

No neie Statistike vun Eurostat ass all 4.Persoun, ab dem Alter vu 16 Joer, an der EU dauerhaft kierperlech ageschränkt. Dës Statistik baséiert dobäi ob Zuelen aus dem Joer 2017, déi aus de Länner vun den EU Memberstaaten bestinn.

Dobäi ass den niddregsten Taux vun den Persoune mat kierperleche Laangzäit-Aschränkungen zu Malta, mat 12%, an a Schweden, mat 13%, ausgemaach ginn. Déi gréisst kierperlech Laangzäit-Aschränkunge goufen dann a Litauen mat 41%, an, an Estland mat 35% festgestallt.

Och tëschent Fraen a Männer gouf ënnerscheet. Hei leie Fraen, mat 27% zu 22% kierperleche Laangzäit-Aschränkungen, mat der Nues fir. Bei dëser Etüd ass och de Grand-Duché analyséiert ginn. Eraus koum, datt zu Lëtzebuerg ronn 28% vun der Populatioun u kierperleche Laangzäit-Aschränkunge leiden, woubäi den europäeschen Duerchschnëtt bei 25% läit.

Mais wat heescht elo kierperlech ageschränkt? Dëst sinn Leit, déi sech an hirem Alldag ageschränkt fillen oder an hire Beweegungen, iwwert en Zäitraum vun 6 Méint oder méi laang, limitéiert sinn. Dat gëllt souwuel an der Schoul, wéi och ob der Aarbecht, am Haushalt oder an der Participatioun vun hire Fräizäitaktivitéiten.

Dës Informatioune goufe vun Eurostat haut am Kader vum den Internationalen Dag fir Persoune mat kierperlechen Aschränkungen ze markéieren, publizéiert.

Méi Informatioune fannt Dir um Site vun Eurostat.

Statistik

© Eurostat

Related topics Behënnerung, Europa, EUROSTAT, Kierperlech ageschrànkt, Persoune mat kierperlechen Aschrànkungen
Next post Previous post