Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Di fräi Press gëtt ëmmer méi staark ugegraff – a mëttlerweil mengt een, et wier normal!
Meenung Neiegkeeten

Di fräi Press gëtt ëmmer méi staark ugegraff – a mëttlerweil mengt een, et wier normal!

Ugrëff ob Journalisten, ëffentlech Tirade géint Medienhaiser, Hetzkampagnen an de

What the Fakt – Haut emol plakeg ënnerwee!
Meenung Neiegkeeten

What the Fakt – Haut emol plakeg ënnerwee!

Um haitegen internationalen Dag vum Plakeg-sinn (engl. International Nude Day)

D‘ULC fuerdert absolut Transparenz vun de Pensiounspräisser an den Alters- a Fleegeheimer
Meenung Neiegkeeten

D‘ULC fuerdert absolut Transparenz vun de Pensiounspräisser an den Alters- a Fleegeheimer

Opgrond enger parlamentarescher Ufro betreffend d‘Transparenz vun den Tariffer an

“Mir sinn eis eens, datt mir eis net eens sinn.”

Bilan vun der gemeinsamer Entrevue vun APCCA SEW/OGBL a SPEBS/CGFP mam Minister Meisch

“Mir sinn eis eens, datt mir eis net eens sinn.”

Den 19. Mee 2020 waren de SPEBS an d’APCCA, no der Publikatioun vu sëllegen oppene Bréiwer vun deenen zwou Gewerkschaften, op een éischten Austausch mam Minister invitéiert. Dësen Échange war schonn laang iwwerfälleg. An zwee ganzer Schaffdeeg ass d’Reprise vun den Kompetenzzentren, an et gëtt kee Plang, wéi d’Adaptatioune vun de Mesures sanitaires um Terrain verlafe sollen, fir de spezifesche Besoinen vun den Schüler a Schülerinne aus de Kompetenzzentren kënne gerecht ze ginn.

No laangen Diskussiounen an enger positiver Atmosphär iwwer d’Bedenken an d’Suergen, a besonnesch och iwwert d’Inkoherenz an d’Widderspréch an der Argumentatioun vum Minister, hunn de Minister op der enger Säit an de SPEBS an d’APCCA op der anerer Säit sech leider missen drop eenegen, datt déi zwou Säiten sech net eens wieren.

De Minister Meisch huet am Ufank vun der Entrevue en long et en large drop higewisen, datt an der aktueller Covid-19-Kris virologesch nach net alles gekläert wier, datt et sech em ee permanent Ofweie géing handelen, mä datt d’Ustiechungsgefor mam SARS-COV-2 net esou grouss wier ewéi ufanks geduet. All Mesuren wieren op Decisioune vun der Santé zréckzeféieren.

De Minister gesäit et als grouss Chance un, datt d’Élèves à besoins éducatifs spécifiques elo erëm zréck an d’Schoul goen däerfen an och datt si vill méi Stonnen ewéi all déi aner Schüler a Schülerinnen am Land an der Schoul wäerte sinn.

D’Argumentatioun, datt déi streng Disziplin, déi elo duerchgezu gi muss wéinst de sanitäre Virgaben, an deem virgesinne Setting net ze garantéiere wier an datt déi streng Reegelunge iwwer laang Schouldeeg ewech jee nom Profil vum Élève à besoins spécifiques esouguer kontraproduktiv a belaaschtend kënne sinn, léisst de Minister net gëllen. Wuel wier d’Situatioun net ideal, mä se wier definitiv als Chance ze gesinn. Och de Fait, datt dat Spezifescht vum Unterrecht an de Kompetenzzentren zum gréissten Deel, genee ewéi ee groussen Deel vun den therapeuteschen Interventiounen, deene sanitäre Mesuren zum Affer fale wäerten, an doduerch d’Deeg sech fir déi betraffe Schüler a Schülerinnen nach méi an d’Längt zéie wäerten, si vum Minister ignoréiert ginn.

SPEBS

© Steve Johnson / Unsplash

D’APCCA an de SPEBS hunn insistéiert, datt d’Centres de compétences déi eenzeg Schoulen am Land sinn, déi a genee deem selwechte Setting ewéi virun der Covid-19-Kris hirem Bildungsoptrag nokomme mussen an zousätzlech och fir d’Anhale vun de sanitäre Virgabe suerge mussen. De Schüler a Schülerinnen aus de Kompetenzzentren wäert et méi schwéier falen, déi entspriechend Restriktiounen ze befollegen. D’Argumentatioun vum Minister, datt an de Centres de compétences d’Klasseneffectiffer jo méi kleng wieren an doweinster alles weidergoe kéint ewéi virun der Kris, konnten SPEBS an APCCA net esou stoe loossen.

Schliisslech sinn déi Klasseneffectiffer jo aus engem gudde Grond méi kleng. Et kënnt derbäi, datt d’Raimlechkeeten entspriechend och méi kleng sinn an deelweis guer net grouss genuch sinn, fir déi 2 Meter Distanz gutt anhalen ze kënnen. Mä och well keng zousätzlech Raimlechkeeten zur Verfügung stoe géingen, kéinte keng alternativ Settingen an de Kompetenzzentren a Betruecht gezu ginn. D’APCCA an de SPEBS sinn sech eens, datt et wäert schwiereg, wann net onméiglech ginn, an der doter Situatioun elo och nach zousätzlech déi sanitär Restriktiounen duerchzesetzen!

De Minister Meisch argumentéiert a Bezuch op d’Klassen an de Kompetenzzentren selwecht ewéi bei de Klasse vum Cycle 1 vum Enseignement Fondamental: Et géing sech em kleng, geschlosse Gruppen handelen, déi ewéi eng Famill funktionéieren kéinten, no baussen zou wieren an an deenen deementspriechend déi sanitär Virgaben nëmmen „dans la mesure du possible“ misste befollegt ginn. D’Argument, datt dat leider net de Fall ass, well an deene Klassen dacks Enseignanten oder edukatiivt Personal schaffen, déi zur Hallschent am ambulanten Asaz bei Élèves à besoins spécifiques an de Reegelschoule sinn (wou si en plus zech verschidde Kanner mat hiren Elteren gesinn) an et deementspriechend zu enger extremer Vermëschung kënnt, eng Vermëschung, déi jo tunlechst vermidde sollt ginn, gouf vum Minister ignoréiert.

SPEBS

© Caleb Woods / Unsplash

Wann et am Interessi vum Kand wier, kéinten déi Professionell dem Kand och ouni Mondschutz méi no kommen. De SPEBS an d’APCCA fuerderen an deem Zesummenhang kloer Erklärungen zu den Notiounen „dans la mesure du possible“ an „am Interessi vum Kand“ an zu der Responsabilitéit a Bezuch op déi Fro. Priméiert de Bildungsoptrag oder de Schutz vun der Gesondheet (esouwuel vum Kand ewéi och vum Personal)?

Vu datt d’Personalrechnung ouni zousätzlech Ausfäll vläicht esou tout juste opgoe wäert, huet de Minister sech bereet erkläert, den Direktiounen bei néidege Remplacementer duerch d’Zurverfügungstellung vun zousätzlechem Personal ënnert d’Äerm ze gräifen. An deem Zesummenhank soll och nach eemol erwäänt ginn, datt d’Gewerkschaften drop gepocht hunn, datt et net d’Missioun vum Personal ass, fir am Krankheetsfall selwer no engem Remplaçant ze sichen.

Wat d’Fuerderung no Begleetpersonal an de Schoulbusser vun de Kompetenzzentren ugeet, huet de Minister Meisch drop verwisen, datt de Transport an de Ressort vum Transportminister gehéiert, mä datt et sécherlech schwiereg wier, fir dat Begleetpersonal ze organiséieren an datt et sech em ee beträchtleche Käschtepunkt handele géing. Mir stelle fest, datt d’Bereetschaft fir dat ze assuréieren, wat vun de Gemenge fir d’Grondschoul gefuerdert gëtt, beim Staat selwer net ginn ass.

De Minister huet de Gewerkschaften ugebueden fir un enger Sammlung vun Iddie matzeschaffen, wéi den Enseignement ënnert deenen aktuelle Bedingungen an de Kompetenzzentre gelénge kéint. D’APCCA an de SPEBS hu bedauert, datt déi Propose genee 2 Schaffdeeg virun der Rentrée op den Dësch kënnt an et als net realistesch ageschat, dat an der kuerzer Zäit elo nach ëmzesetzen. De SPEBS an d’APCCA widderhuelen an deem Zesummenhang, datt si vun Ufank un beim Ausschaffe vun den Mesuren an den Adaptatiounen hir Mataarbecht ugebueden haten.

APCCA a SPEBS si schlussendlech mam Minister esou verbliwwen, datt si d’Propose unhuelen, fir zesummen an 2 bis 3 Wochen de Point vun der Situatioun ze maachen. Allerdéngs hätten de SPEBS an d’APCCA et absolut virgezunn, wann een sech mat weiser Viraussiicht virun e puer Wochen zesummegedoen hätt, fir zesumme Proposen auszeschaffen an op Aenhéicht iwwer déi ganz Rentrée ze diskutéieren.

Alles an allem bleift bei der APCCA SEW/OGBL an dem SPEBS/CGFP erniichternd Enttäuschung doriwwer, datt d’Bereetschaft op Säite vum Minister net do ass, fir och nëmmen op eng eenzeg fundamental Fuerderung vun hinne anzegoen! Här Minister, mir fillen eis als gutt forméiert a motivéiert Personal zesumme mat eise Schüler a Schülerinnen net eescht geholl!

Hei gëtt kloer mat zweeërlee Mooss gemooss. Vu datt et keng weider Adaptatioune fir d’Kompetenzzentre gëtt, stelle mir eis folgend Froen: Sinn d’Mesuren an allen anere Schoulen am Land dem aktuellen Erkenntnisstand no net total iwwerzunn? Sinn d’Kompetenzzentren éiren déi éischt Schoulen am Land, an deene méi large sanitär Mesuren ausprobéiert ginn? D’Kompetenzzentren si Schoule mat engem Bildungsoptrag a wëllen als sollch och eescht geholl a respektéiert ginn!

Matgedeelt vun APCCA SEW/OGBL a SPEBS/CGFP

Opmaacherbild: © Alex McCarthy / Unsplash

Ähnlech Sujeten apcca, Begleetpersonal, Claude Meisch, Deconfinement, Entrevue, Enttäuschung, Kompetenzzentren, Oppene Bréif, Schoulbusser, SPEBS
Nächsten Artikel Virrechten Artikel