De Streik am Fleegeheem zu Beetebuerg kritt eng nei Dimensioun
No der Circulaire déi d‘COPAS (Federatioun vun de Prestataire fir
No der Circulaire déi d‘COPAS (Federatioun vun de Prestataire fir
Bei der Sëtzung vum Staatsrot vum leschte Freideg, war et
A knapp enger Woch gëtt d‘Auer nees ëmgestallt, d‘Deeg si
Nach am Dezember haten si sech an der Pinacothéik zu Lëtzebuerg, der Jury an engem interesséierte Publikum virgestallt. A béid hunn et dann um Enn och gepackt.

© Comité National Miss & Mister Luxembourg
Déi 19 Joer jonk Mélanie Heynsbroek ass bei der Kréinungszeremonie zur Miss Lëtzebuerg gewielt ginn. Séi éischt Dauphine ass Médina Avdic (24). D‘Mélanie ass Lëtzebuergerin, a gären op Schlittschong ënnerwee. Si Studéiert zu Bouneweg am technesche Lycée a wëll pediatresch Infirmière ginn. Si géif hir spéider Notorietéit gären notze fir de Kanner ze hëllefen. Reesen ass seng grousst léift, seng gréisste Qualitéit ass d‘Guttheet. D‘Kanner dierft dat erfreeën.

© Comité National Miss & Mister Luxembourg
Och den 18 Joer jonken Owen Hawel ass bei der Kréinungszeremonie an der Pinacothéik vun der Jury zum Mister Lëtzebuerg gewielt ginn. Den Owen ass e grousse Fan vun der asiatescher Kampfkonscht, a passionéiert vun „yosekan-budo“. Heiranner geet hie vu sengem Mentor Leslie Neufcoeur begleet an ënnerstëtzt. Nieft der asiatescher Kampfkonscht si Rugby a Golf dem Owen seng Sportaarten. Hie wëll Ingenieur oder Architekt ginn, a setzt sech fir den Ëmweltschutz an.
De Concours „Miss Lëtzebuerg“ ass ee vun den eelste Schéinheetsconcourse vun Europa, an ass 1927 gegrënnt ginn. Déi éischt Miss Lëtzebuerg war d‘Appolonia Kemp (1927). Et huet en Ament gebraucht bis an dëse Concours eng Struktur komm ass. Säit 1957 geet de Concours vun engem nationale Comité organiséiert. 2010 ass et fir d‘éischte Kéier zur Wahl vum „Mister Lëtzebuerg“ komm, an 2014 war eng Kategorie „Miss Teen“ fir Meedercher am Alter tëscht 14 a 17 Joer agefouert ginn. Dës Kategorie ass awer 2017 nees ofgeschaaft ginn.
Foto: © Comité National Miss & Mister Luxembourg