Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

crying
„All Mënsch hei huet et gären a weess wéi et preparéiert gëtt“: D’Musahar iessen zur Nout Raten – a ginn dofir ausgeschloss
International Neiegkeeten

„All Mënsch hei huet et gären a weess wéi et preparéiert gëtt“: D’Musahar iessen zur Nout Raten – a ginn dofir ausgeschloss

D‘Rat kraucht iwwer den Aarm vum Phekan Manjhi, dee versicht

Rock the South 2018 – Newcomer si wëllkomm!
International Neiegkeeten

Rock the South 2018 – Newcomer si wëllkomm!

Säit der éischter Editioun vum Rock the South am Joer

Wien stoppt d’Haus vun der Maus?
International Neiegkeeten

Wien stoppt d’Haus vun der Maus?

Während d’Rumeur ronderëm d’Opkafe vu Fox duerch Disney ëmmer méi

Migratioun: Op humanitärer Missioun bleift d‘Schëff Aquarius op Héicht vun der libescher Küst

Migratioun: Op humanitärer Missioun bleift d‘Schëff Aquarius op Héicht vun der libescher Küst

D‘Schëff Aquarius, ass fir d‘ONGen „SOS Méditeranée“ an Dokteren ouni Grenzen (MSF) nees virun der libescher Küst op humanitärer Missioun. Et gëtt matgedeelt, datt si, nodeems schonn 141 Persounen e Freideg opgeholl goufen, hir Missioun weiderféieren.

„SOS Méditeranée“ an Dokteren ouni Grenze preziséiere via Twitter, datt hiert Schëff „an der Sich- a Rettungszon bleift, wou opmierksam no weideren Embarcatiounen a Séinout gekuckt gëtt“. D‘Aquarius ass dat Schëff, dat den 10. Juni mat iwwer 600 aus Séinout gerett Migranten u Bord, weder zu Malta, nach an en italieneschen Hafen eragelooss ginn ass.

Den italieneschen Inneminister, Matteo Salvini, huet e Samschdeg an engem Telefon-Interview mat der RAI preziséiert, datt d‘Schëff Aquarius – Proprietéit vun engem däitschen Armateur, dat ënnert dem Pavillon vu Gibraltar fiert – „ni en italieneschen Hafe wäert gesinn“.

E Samschdeg huet et den italienesche Premierminister, Giuseppe Conte, an engem op Facebook verëffentlechte Video begréisst, datt, säit hien un der Muecht ass, wiesentlech manner Migranten déi italienesch Küsten erreecht hunn.

Géintiwwer dem gläichen Zäitraum, Juni-Juli 2017, ass et ee Réckgang vu 85%. An dat alles „ouni jeemools de Schutz vun de Rechter vun de Refugiéeën an Asyl-Demandeuren, esou wéi d‘Garantie vun enger wierdeger Opnam, aus den Aen ze verléieren“.

Vill Kanner ënnert de Migranten

Bei enger zweeter Rettungsaktioun um Freideg, hat d‘Aquarius 116 Mënschen, dorënner 67 mannerjäreg an onbegleete Kanner. Dës Migrante kommen aus Somalia an Erithrea. Si waren zesummegepercht op eng hëlzener Nossschuel, ouni Waasser a Liewensmëttel, 24 Séimeile virun der libescher Küst, nërdlech vun Abu Kammash, opgegraff ginn.

Um Freidegmueren hat d‘Aquarius scho 25 Migranten, och aus engem klengen Holzboot gerett. Dat 26 Séimeile virun der libescher Küst, nërdlech vun Zouara.

Am Juni konnt d‘Aquarius, déi eng 630 Migranten aus dem Mëttelmier gerett hatt, weder en italieneschen, nach e malteseschen Hafen ulafen, well déi respektiv Regierungen, den Zougang zu den Häfe verspaart hat. D‘Odyssee vun der Aquarius huet am spueneschen Hafe vu Valencia en Enn fonnt, a war uschléissend an den Hafe vu Marseille gefuer, wou se en techneschen Openthalt vun engem Mount hat.

Italien, dat sech mam „Problem“ eleng gelooss fillt, huet d‘Iwwerwaachung vu senge Küste verstäerkt. Esou gëtt besonnesch op Segelbooter uecht gedoen, déi Migranten aus der Tierkei aschleise wëllen.

Déi italienesch Küstewaach huet matgedeelt, datt si an der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg, ganz no un der Küst vu Sizilien, e Segelboot opgegraff hunn, op deem sech 61 Männer aus Pakistan befonnt hunn. D‘Segelboot, mat amerikaneschem Pavillon, hat déi Leit an der Tierkei u Bord geholl. D‘Migranten, déi op Sizilien debarquéiert goufen, hunn uginn, jiddereen 5.000 Euro fir d‘Iwwerfaart bezuelt ze hunn. Zwee Georgier gi verdächtegt, d‘Iwwerfaart organiséiert ze hunn.

Op enger Plage bei Kalabrien, sinn um Freideg 72 Afghanen a Kurden, dorënner 12 Mannerjäreger an 29 Fraen, vun engem Segelboot mat tierkeschem Pavillon, ofgesat ginn.

mat AFP

Foto: D‘Rettungsschëff Aquarius, dat vun den ONGen „ „SOS Méditeranée“ an Dokteren ouni Grenzen (MSF) gechartert ass, huet den 1. August den Hafe vu Marseille verlooss, fir seng Missioun nees opzehuelen. © Boris Horvat/AFP

Ähnlech Sujeten Aquarius, Italien, Libyen, MSF, SOS-Méditerranée
Nächsten Artikel Virrechten Artikel