Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: D’digital Zukunft suergt fir Bauchwéi
Neiegkeeten

Editorial: D’digital Zukunft suergt fir Bauchwéi

Lëtzebuerg deet sech mat der Digitaliséierung schwéier. Sou vill ass

Chef vun Amnesty International Tierkei festgeholl
Neiegkeeten

Chef vun Amnesty International Tierkei festgeholl

De President vun der tierkescher Branche vun Amnesty International ass

money
Mat der Fuerschung an Entwécklung kënnen Entreprise richteg Steiere spueren
Neiegkeeten

Mat der Fuerschung an Entwécklung kënnen Entreprise richteg Steiere spueren

Um Krautmaart ass en Donneschdeg e Gesetz ugeholl ginn, datt

D‘Missioune vum Geheimdéngscht besser verstoen

En neie Site gouf geschafe fir d‘Missiounen an Erausfuerderunge vum SRE ze erklären

D‘Missioune vum Geheimdéngscht besser verstoen

De staatleche Geheimdéngscht (SRE), dee mam Gesetz vum 5 Juli 2016 grondleeënd reforméiert gouf, mécht sech dem Public op. Op der Säit www.sre.gouvernement.lu kann een d‘Aarbecht an d‘Missioune vum Geheimdéngscht kenne léieren.

„Am Déngscht vun eiser Sécherheet“: esou gëtt den interesséierte Bierger um Site vum SRE empfaangen, a kritt a kuerzer mee preziser Form d‘Missioune vum Geheimdéngscht erkläert:

„Detektéieren, evaluéieren an Bedreeunge virbeugen, déi d‘Land a seng Awunner kéinten a Gefor bréngen, ass d‘Häerzstéck vun eiser Missioun. De staatleche Geheimdéngscht schafft fir d‘Sécherheet vun de Bierger, den Institutiounen, de Partner an de strategesch wirtschaftlechen Interesse vu Lëtzebuerg. Dat an enker Zesummenaarbecht mat aneren nationalen an Internationalen Organismen, fir de Schutz vum Land an den ëffentleche Fräiheeten“.

Andeems dem Public erkläert gëtt wat um Spill steet, a wéi enger Natur seng Aktivitéite sinn, déi an de leschte Joren zolidd evoluéiert hunn, wat net zur Lescht dem technesche Fortschrëtt geschëlt ass, an den neie Bedreeungen déi op eiser Gesellschaft laaschten, wëll de SRE weisen a wéi engem Geescht geschafft gëtt, wéi eng Ziler verfollegt ginn a wien d‘Aarbecht vum SRE iwwerwaacht.

De Fonctionnement vum SRE, esou wéi en am Gesetz definéiert ass, gouf op enger klorer legaler Basis erstallt. Dat am Sënn vum Respekt vun de Gesetzer an dem Rechtsstaat. An engem Video stellt d‘Doris Woltz seng Visioun an Prinzipie vir, no deenen de Geheimdéngscht seng Missiounen erfëllt. Um Site gëtt et och Informatiounen zu den ënnerschiddlechen Niveauen an der Natur vun de Kontrollen, deenen sech de Service ze ënnerwerfen huet. E bëssi Geschicht gëtt et och…

mam SIP

Ähnlech Sujeten Geheimdéngscht, SRE
Nächsten Artikel Virrechten Artikel