Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Erfollegräiche Start fir d’Schueberfouer
International Stories

Erfollegräiche Start fir d’Schueberfouer

Scho no puer Deeg ass kloer, d’Fouer ass en Erfolleg. Dat gutt

Coronavirus: Italien liicht alarméiert, Südkorea kuerz viru Panik
International Stories

Coronavirus: Italien liicht alarméiert, Südkorea kuerz viru Panik

Aus Sécherheetsgrënn huet déi italienesch Regierung beschloss, déi am stäerkste

Den 11. Mee gëtt Netflix ëm eng Teenie-Komödie mi räich
International Stories

Den 11. Mee gëtt Netflix ëm eng Teenie-Komödie mi räich

Mëttlerweil vergeet kaum eng Woch, ouni datt net en neie

Mister Speaker warnt britesche Premier

De Boris Johnson huet sech mam John Bercow e zolitten a kreative Géigner agefaangen

Mister Speaker warnt britesche Premier

Esou eppes huet et am britesche Parlament bis ewell och nach net ginn: de Parlamentspresident – dee a Groussbritannien „Mister Speaker“ genannt gëtt – John Bercow huet dem Boris Johnson de Krich ugekënnegt, an dat ganz onmëssverständlech.

Säi Récktrëtt huet den John Bercow um leschte Sëtzungsdag virun der Zwangspaus vum Parlament annoncéiert. Bis et awer esouwäit ass, huet de Parlamentspresident awer nach de Kommando am House of Commons an dat huet hien dem Boris Johnson zimlech däitlech ze verstoe ginn. Esou ass de britesche Premier gewarnt ginn, d‘Gesetz géint en „No Deal Brexit“ net ze mëssuechten.

britescheAn enger Ried zu London huet de John Bercow gemengt: „Et wier dat, dat schrecklechst Virbild dat ee fir de Rescht vun der Gesellschaft kann ofginn“. De Versuch e Verstouss am Numm vum Brexit-Referendum ze rechtfäerdegen, wier vergläichbar mat engem Bankraiber, dee enger karitativer Organisatioun dat geklaute Geld spende wëll. Dat awer géif d‘Parlament op kee Fall zouloossen.

Dofir huet de Parlamentspresident gëschter och verséchert, datt hie seng ganz Kreativitéit géif asetze fir sécherzestellen, datt de Boris Johnson dëst Gesetz net ignoréiert. E Gesetz datt e Méindeg a Kraaft getrueden ass an de BoJo – déi léiwer dout am Gruef leie géif – dozou zwéngt zu Bréissel eng Fristverlängerung unzefroen, wa vum Parlament net rechtzäiteg en Ofkommes gebëllegt gëtt.

Eng wichteg Roll

Datt de Boris Johnson dës „Optioun“ kategoresch refuséiert an d‘Parlament mat senger Zwangspaus souzesoen ee Maulkuerf verpasst huet, kann een och net méi als „demokratesch“ bezeechnen. An de John Bercow huet eng wichteg Roll am Muechtkampf tëscht Regierung a Parlament ze spillen. Hien huet widderholl den Deputéierten erlaabt d‘Kontroll vum Parlamentskalenner ze iwwerhuelen.

britescheEt widdersprécht eppes de Konventiounen, huet awer dësem erméiglecht géint de Wëlle vun der Regierung Gesetzesentwërf anzebréngen. De John Bercow huet zudeem guer kee Versteesdemech fir d‘Zwangspaus vu fënnef Wochen, déi de Premier dem House of Commons operluecht huet. Esou kann d‘Parlament eréischt de 14. Oktober zesummekommen. Bis dohinner huet de BoJo fräi Hand.

Deen awer rechtfäerdegt seng Decisioun mam Argument, datt hie bei enger neier Parlamentssëtzung am Oktober eng nei innepolitesch Agenda starte kann. Zudeem huet de Boris Johnson erkläert datt hie vill an haart schafft fir en neit Ofkommes mat der Unioun op d‘Been ze stellen. D‘EU huet awer wësse gelooss dat et bis ewell keng Alternative gëtt an d‘Proposen déi virleien net ëmzesetze sinn.

Eng zerstridde Gesellschaft

Mëttlerweil ass de „Brexit“ iwwer dräi Joer al an zanterhier streiden sech net nëmmen d‘Politiker op der Insel, mee och Frënn a Bekannte stinn sech feindlech géinteniwwer. Feindlechkeeten déi bis an d‘Familljen erareechen, wouvunner net emol de Boris Johnson selwer verschount bleift. Esou huet säi Brudder Jo Johnson sech „distanzéiert“ well hien déi Politik net vertriede kann.

britescheZe bedenken ass och, datt de BoJo mat senger Aart a Weis ganz demonstrativ all Reegele brécht, déi eigentlech a Groussbritannien als „good chap theory“ bekannt sinn. Geflogenheeten déi viru Mëssbrauch vu Gewunnheetsrecht a verbale Konventioune schütze sollen. Mat „good chap theory“ ass gemengt, datt d‘Politiker hir Grenze kennen, deenen si weder ze no kommen nach briechen.

Déi oppe Mëssuechtung vun de Konventiounen an de gefleegten Ëmgang mat alternative Fakten, schéngen awer zum politesche Geschäftsmodell vum Boris Johnson ze gehéieren. An hien ass do och net eleng. Gesäit een emol dovunner of datt sech 21 Torries der Oppositioun ugeschloss hunn, da gëtt et nach ëmmer ee ganze Koup Konservativer, déi och en haarde Brexit unhuele wëllen.

Polariséierung

Hei muss awer betount ginn, datt och op der Oppositiounsbänk a besonnesch bei Labour, keng eenheetlech Linn ze erkennen ass. An der Ekipp vum Jeremy Corbyn gëtt et och Deputéiert, déi sech fir de Brexit asetzen. Eigentlech sinn nach just d‘Liberaldemokraten (LibDems) an déi gréng fir e Verbleif an der EU. Dat ergëtt, datt dat sech politescht Schema op der Insel verännert huet.

britescheAn de leschten dräi Joer huet déi politesch Landschaft sech och ënnert der Bevëlkerung geännert. Do gëtt et mëttlerweil richteg staark politesch Haltungen, egal ob fir oder géint de Brexit ab esou ergëtt et sech dat véier vu fënnef Briten sech eng vu „béide Säiten“ zougehéiereg fillen. E Fait deen och vill Analysten a politesch Wëssenschaftler verwonnert an nëmme schwéier erkläre kënnen.

Nei och – woubäi dat deels dem Kalenner ka geschëlt sinn – déi Konfrontatiounen tëscht pro Brexit a pro EU Aktivisten. Wou si optriede muss ëmmer méi oft d‘Police agräifen. Elo huet dann och dat schottescht Appellsgeriicht d‘Zwangspaus fir onrechtméisseg erkläert, wat d‘Regierung zwéngt virum ieweschte Geriichtshaff ze intervenéieren. Wouhinner d‘Rees geet schéngt keen ze wëssen…

mat indymedia/lon

Foto: © UK Parliament /Jess Taylor

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Brexit, John Bercow, No Deal
Nächsten Artikel Virrechten Artikel