Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wann der d‘Aktualitéit de Bilan muedebëtzeg mécht
Business Stories

dating in college vs after college

Déi parlamentaresch Fraktioun vun déi gréng, ënnert der Leedung vum

https://moien.lu/dating-app-where-you-swipe-up/
Business Stories

40 Joer Dakar: eng Geschicht a fënnef Joreszuelen zesummegefaasst

Et ass dee berühmtste Rallye am Motorsport: den Dakar. Dee

dislike
Dem Irak seng Schluecht géint d’Korruptioun
Business Stories

Dem Irak seng Schluecht géint d’Korruptioun

Mat Täsche voller Geld oder wéinst zweiwelhafte Begnodegungen aus dem

MIXvoip: Sech dem Challenge vum Wuesstem stellen!

MIXvoip: Sech dem Challenge vum Wuesstem stellen!

Am Joer 2008 gouf d‘Entreprise MIXvoip gegrënnt, an ass am Secteur vum reglementéierten Internet an der Cloud-Telefonie um europäesche Maart ganz aktiv. Ob zu Lëtzebuerg, der Belsch oder an Däitschland, hir Aktivitéite konzentréieren sech spezifesch op d‘Déngschtleeschtung B2B (Business to Business) wou si den Akzent op de Support fir de Client leeën.

Zanter 2018 bitt MIXvoip senge Clienten dann och d‘Integratioun an d‘IT-Léisungsgestioun un. Mat engem Portfolio vun iwwer 2.000 Entreprisen, kann sech dës jonk Entreprise zu den Spezialisten am Secteur zielen. Hei schaffen dann och bal 60 Leit all Dag un der Entwécklung a këmmeren sech ëm „Problemer“ déi sech opdinn. Kuerz Weeër an eng gutt intern Kommunikatioun sinn zwee vun de ville Schlësselen déi d‘Dieren um Wee zum kompetente Partner opspären.

Fir de Createur, Loïc Didelot, war et ee laangen an deels beschwéierleche Wee bis alles esou do gestanen huet wéi een dat haut kennt. Kee Start ass einfach, a wann ee vun der Entwécklung iwwert d‘Programmatioun bis hin zu Vente alles selwer muss maachen, dierft verständlech sinn wat et bedeit de grousse Schratt zum „Firmechef“ ze woen. Zudeem hunn d‘Clienten och nach Uspréch.

Bis e jonken Entrepreneur dat Vertrauen entgéintbruecht kritt fir ze beweisen, datt hie säi Produit beherrscht an de Client ee wierklech nëtzlecht Produkt fir säi Geld kritt, brauch et en Ament. An da muss ee finanziell betruecht ee ganz laangen Otem hunn. No véier Joer war dat eegent Geld verbraucht, an de jonken Entrepreneur huet sech no Partner missen ëmkucken. Mam Accord mat der Universitéit an dem Fuerschungsgeld vum Staat konnt dës schwiereg Zäit iwwerbréckt ginn.

2012 huet MIXvoip seng éischt Handelsvertrieder agestallt an och d‘Entwécklung weidergefouert. Dat alles huet nei Erausfuerderunge mat sech bruecht: d‘Entreprise huet ëmmer méi Mataarbechter gebraucht, an déi hu missen intern ausgebilt ginn. Mat stänneg neie Clienten, hunn och déi intern Prozedure missen den neie Besoinen ugepasst ginn. Wéi een haut weess, war dat dee richtege Wee.

Hisichtlech de rapiden Entwécklungsspréng an der Telekommunikatioun, ass „Entwécklung“ eng vun den zentralen Erausfuerderungen, déi den Alldag vu MIXvoip gestalt. Datt den Internetaccès mëttels Fiberglas fir d‘Entreprise och mat der Aféierung vun der „5G“ eng onverzichtbar Technik bleift, dierf net derzou féieren, d‘Entwécklung vun de mobillen Applikatioune fir Smartphonen a Computer ausser Uecht ze loossen. Hei gëllt et d‘Aen ophalen an d‘Entwécklung antizipéieren.

Eng aner Erausfuerderung sinn déi ëmmer méi komplex Reglementatiounen am Beräich vun der Telekommunikatioun, mee natierlech och d‘Konkurrenz duerch Megakonzerner wéi Microsoft, déi wuel keng „Spezialiste“ sinn, awer e wirtschaftlechen Interessi un dësem Marché hunn. Woubäi de Service fir de Client och weiderhin dierft eng zentral Komponent bleiwen, an dat ka MIXvoip.

Ähnlech Sujeten B2B, Cloud, Internet, Made in Luxembourg, MixVoip, Provider, Sponsored Story, Telefonie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel