Search

You may also like

De Lëtzebuerg City Museum huet seng Dieren opgemaach
Auto International Neiegkeeten

De Lëtzebuerg City Museum huet seng Dieren opgemaach

Mat der Dauerausstellung „The Luxembourg Story“ ass den fréieren Geschichtsmusée

Et gëtt weiderhin alles ënnerholl Rettungsmissiounen ze verhënneren
Auto International Neiegkeeten

Et gëtt weiderhin alles ënnerholl Rettungsmissiounen ze verhënneren

Eleng dës Woch sinn (laut der IOM) op mannst 20

Nationbranding kann och kreativ sinn
Auto International Neiegkeeten

Nationbranding kann och kreativ sinn

Laang Zäit huet ee beispillsweis an Däitschland gemengt, datt ee

MMUST: Äre Choix haut fir d’Mobilitéit vu muer

MMUST: Äre Choix haut fir d’Mobilitéit vu muer

Den Trafic zu Lëtzebuerg, sou wéi an der Groussregioun soll elo verbessert ginn. Zesumme mam Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, AGAPE, Cerema, LISER an den Universitéiten Namur a Léck huet een elo de Projet MMUST („Modèle multimodal et scénarios de mobilité transfrontalier“) presentéiert. Mat Hëllef vu verschiddenen Ëmfroe soll een déift Verständnis fir déi aktuell Praktike bei der Populatioun a Saache Mobilitéit entstoen.

D’Etüde vum Projet MMUST bezéien sech dobäi op d’Mobilitéit an Nord-Loutrengen, vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, sou wéi der Lëtzebuerger Provënz an der Belsch. Anescht wéi bei de vergaangenen Ëmfroen (LuxMobil, BELDAM,…) besteet d’Aufgab doran, erauszefanne wéi déi eenzel Persounen hiert Verhalen an der Mobilitéit ännere kéinten, dat unhand vun den neie Wielméiglechkeeten oder der Upassung vu verschiddene Facteuren (Kreatioun vun neie Servicer, Realisatioun vun neien Infrastrukturen, Ännerunge bei der aktueller Offer,…).

MMUST

Déi aktuell Ëmfro riicht sech un déi gesamt Populatioun iwwert 16 Joer. Egal ob, Student, Schüler, Resident, Grenzgänger, Lëtzebuerger, Fransous oder Belsch, et gëtt een häerzlech invitéiert deelzehuelen. Desto méi Äntwerte gesammelt ginn, ëmsou méi sécher an zoutreffend gëtt d’Resultat

D’Beäntwere vun de Froen dauert ronn 10 Minutten. D’Enquête, déi den 2. Oktober verëffentlecht ginn ass, fannt Dir ënnert www.mmust.eu/enquete.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Jean-Luc Bohl, éischte Vize-President vum regionale Rot vum Grand Est a President vu Metz Métropole; François Bausch, Transportminister; Philippe Henry, Minister fir Klima, Mobilitéit, Infrastrukturen an Energie © MMTP

Related topics Ëmfro, Enquête, François Bausch, Groussregioun, MMUST, Mobilitéit, Modèle multimodal et scénarios de mobilité transfrontalier, Trafic, Verbesserung, Verkéier
Next post Previous post