Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Beim OGBL gëtt alt nees vu Streik geschwat
Neiegkeeten

Beim OGBL gëtt alt nees vu Streik geschwat

Wann den 1.Mee op ee 27.Abrëll fält Et ass schonn

Polnesche Premier entléisst kuerzfristeg zwee Minister
Neiegkeeten

Polnesche Premier entléisst kuerzfristeg zwee Minister

Iert sech de polnesche Premierminister Mateusz Morawiecki um Dënschdegowend mam

Wahlen an der D.R. Kongo: D‘Land huet e neie President
Neiegkeeten

Wahlen an der D.R. Kongo: D‘Land huet e neie President

No vill Gedeessems, Gewaltuwennung an esouguer Doudeger, war en Enn

Eng bëssen aner Visitt: Den MNHA bei Iech Doheem!

Eng bëssen aner Visitt: Den MNHA bei Iech Doheem!

D’Reegel Bleift Doheem gëtt dank moderner Technologie e bësse méi erdréiglech gemaach. Op Kultur a Wësse muss op kee Fall verzicht ginn, an esou bitt den Nationale Geschichts- a Konschtmusée (MNHA) elo eng 3D-Visitt vu sengen temporären Ausstellungen un. Entspaant Doheem um Kanapee leien, an engems eppes erliewen ass nach ni esou einfach gewiescht!

Interesséiert Persounen kënnen iwwert d’Internetsäit www.mnha.lu op eng virtueller Aart a Weis d’Expo De Mena, Murillo, Zurbarán – Meeschter vum spuenesche Barock besichen. Wann den Entrée an de Musée da scho gratis ass, kann een an engems d’Visitt vum ganze Gebai a sengen thematesche Parcourse maachen. Der Missioun am ëffentlechen Interessi ze handele kënnt ee sou no.

MNHA

Expo De Mena, Murillo, Zurbarán – Meeschter vum spuenesche Barock am MNHA © MNHA

„D’Consignen vun der Regierung fir d’Verbreedung vun der Pandemie ze reduzéieren, betreffen eis all an de kulturelle Secteur gëtt net verschount: Duerch déi sanitär Kris, déi et esou nach ni ginn ass, si mir verflicht eng Ënnerstëtzung ze bréngen an mat enger Offer, déi et och esou nach ni virdru ginn ass, ze äntweren“; erkläert d’Michelle Polfer, Direktesch vum Nationale Geschichts- a Konschtmusée.

MNHA

Expo #wielewatmirsinn © MNHA

Mat modernster Technik huet eng Lëtzebuerger Firma am Musée verschidden Opnamen gemaach fir esou der grousser Ëffentlechkeet net nëmmen ee virtuellen Accès zur Ausstellung vum spuenesche Barock am 17. Joerhonnert ze bidden, mee och nach zu enger Ausstellung zum 100. Joresdag vum allgemenge Wahlrecht, wéi och enger Expo an der Fotografie, wou de Vernissage ofgesot huet misse ginn. Doduerch ginn elo och Brushed by Light vum Carla van de Puttelaar an #wielewatmirsinn – 100 Joer allgemengt Wahlrecht iwwert de Bildschirm zougänglech.

Och iwwert Handy an Tablet kann d’3D-Visitt vum MNHA gemaach ginn. Wëll een säi VR-Brëll notzen, soll een d’Säiten Google Cardboard oder Occulus Gear VR notzen.

Den MNHA wënscht eng schéi Visitt!

Opmaacherbild: Den MNHA kann elo virtuell besicht ginn. Gemitterlech um Kanapee leien, Kultur erliewen an dat alles gratis – wat wëll ee méi?  © MNHA

Ähnlech Sujeten #bleiftdoheem, 3D-Visitt, Coronavirus, Kultur, Michelle Polfer, MNHA, Musée National d'Histoire et d'Art, Nationale Geschichts- a Konschtmusée, VR-Technologie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel