Search

You may also like

money
Editorial: Wat d‘Investissementsfonge vun dir erwaarden
Neiegkeeten

Editorial: Wat d‘Investissementsfonge vun dir erwaarden

D‘Welt verännert sech rapid an deels och ganz Brutal, op

Amerika bereet sech op de sanitären Holocaust vir
Neiegkeeten

Amerika bereet sech op de sanitären Holocaust vir

Wann ee sech déi gesamt Entwécklung vun der Reaktivitéit op

Trafic-Info: Escher Kulturlaf
Neiegkeeten

Trafic-Info: Escher Kulturlaf

Wéinst dem Escher Kulturlaf 2019, kënnt et e Samschdeg 7.

Mobilisatioun géint d‘Patronatspolitik vum eidele Stull

Fir den Erhalt vun der Tripartite, dem Lëtzebuerger Modell vum Sozialdialog

Mobilisatioun géint d‘Patronatspolitik vum eidele Stull

Déi dräi representativ Gewerkschafte CGFP, LCGB an OGBL begréissen datt de Staatsrot vum 4. Oktober ënnerstrach huet, wéi wichteg den Tripartite-Charakter vum Sozialdialog an säin Erhalen ass. Dat als Reaktioun op d‘A-Fro-stelle vun den Tripartiteverhandlungen am Kader vum (CPTE) – de permanenten Aarbecht- a Beschäftegungscomité – duerch d‘UEL.

Si begréissen dann och d‘Annonce vum Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP) déi dësen den 3. Oktober gemaach huet an wou et heescht, datt all déi parlamentaresch politesch Fraktiounen de Lëtzebuerger Tripartiteverhandlungsmodell ënnerstëtzen, an datt hien d‘Intentioun huet nach zwou Reunioune vum CPTE bis Enn vum Joer anzeberuffen. Si huelen och Notiz vum Attachement déi de Premier an senger Ried zur Lag vun der Natioun zum Sozialdialog ausgedréckt huet.

An der Konsequenz ruffen d‘CGFP, de LCGB an den OGBL d‘Patronatsorganisatioun UEL op, dës Boykott-Politik an seng Ugrëff géint d‘Rechter an Verhandlungsmëttel fir d‘Aarbechter an d‘Rentner um nationalen Niveau bäizeleeën. Déi Erausfuerderungen déi mat der ekologescher an digitaler Transitioun gestallt ginn, an déi noutwenneg Upassung vum Aarbechtsrecht, fir och weiderhin seng beschützend Roll an der neier Aarbechtswelt spillen ze kënnen, maachen et noutwenneg séier am Kontext vum CPTE um Niveau vun de Verhandlunge virun ze kommen.

Déi 3 national representativ Gewerkschafte bestätegen datt si déi provokant Haltung vum Patronat, déi drop ausgeriicht ass d‘Errongenschafte vu 40 Joer Fridden a Sozialdialog zu Lëtzebuerg a Fro ze stellen. Aus dësem Grond organiséieren d‘CGFP, de LCGB an den OGBL eng gemeinsam national Manifestatioun am grousse Sall vum Parc Hôtel Alvisse zu Lëtzebuerg-Dummeldeng. Dat dëse Samschdeg 19. Oktober um 19 Auer. All Mënsch ass agelueden sech ze bedeelegen.

Parallel dozou entwéckelen déi dräi Gewerkschafte gemeinsam Approchen am kader vun hirer neier Plattform 4.0:

  • fir en Aarbechtsrecht dat d‘Interesse vum Salariat an der neier digitaliséierter Aarbechtswelt respektéiert a schützt, notamment géint Prekarisatioun vun den Aarbechtsrelatiounen, esou wéi fir d‘Erhale vun den Aarbechtsplazen an eng Sécherung vun de beruffleche Lafbunnen;
  • fir eng Stäerkung vun de Moyene fir d‘Personaldelegatiounen an de gewerkschaftleche Rechter zur Tarifverhandlung (Kollektivvertrag);
  • fir eng Organisatioun vun der Aarbechtszäit, déi eng besser Conciliatioun tëscht Aarbecht a Privatliewen erméiglecht;
  • fir nei Rechter an Zougangsméiglechkeeten um Niveau vum „Long-Life-Learning“, de changement de Carrière, der Rekonversioun an der Validéierung vun den Erfarungen am Kader vun der Digitalisatioun;
  • fir e bessere Schutz vun der Sécherheet an der Gesondheet op der Aarbechtsplaz.

matgedeelt vun de Gewerkschafte CGFP, LCGB an OGBL. Fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Related topics Aarbechtsminister, CGFP, CPTE, LCGB, OGBL, Patronat, Sozialdialog, Tripartite, UEL
Next post Previous post