Search

You may also like

Luxguard II: Den Aarbechtserhalungsplang gouf ënnerschriwwen
Neiegkeeten

Luxguard II: Den Aarbechtserhalungsplang gouf ënnerschriwwen

Um 31. August hunn d’Personaldelegatioun an de Syndikat OGBL, zesumme

natur&ëmwelt: D’Naturschutzaktivitéite vum Januar 2020
Neiegkeeten

natur&ëmwelt: D’Naturschutzaktivitéite vum Januar 2020

Zu den Haaptaktivitéite vun natur&ëmwelt gehéiert de Schutz vun ekologesch

Déi nei ULC-Broschür zum „Wunne fir jonk Mënschen“
Neiegkeeten

Déi nei ULC-Broschür zum „Wunne fir jonk Mënschen“

D’Këschten si gepaakt, eng nei Etapp fänkt un: Déi éischt

D’Mobilitéit an der EU hëlt zou

Am Ausland liewen a schaffen ass fir ëmmer méi Leit attraktiv

D’Mobilitéit an der EU hëlt zou

An engem anere Land liewen a schaffen, wéi dat, an deem ee gebuer ass. Dat ass vir vill Leit an Europa de Fall. Insgesamt 3,8% vun den EU-Bierger am erwerbsfähegem Alter maachen och genau dat. Iwwert déi lescht zéng Joer ass dësen Undeel vun 2,5% erop gaangen. Dobäi kënnen dës Zuele laut EUROSTAT immens ausernee goen: An Däitschland maachen se nëmmen 1% vun de Bierger an där Altersklass aus, a Rumänien sinn et der 19,7%.

D’Rumäne sinn awer net déi eenzegt, déi esou mobil sinn. Och Litauen (15,0%), Kroatien (14,0%), Portugal (13,9%), Lettland (12,9%) a Bulgarien (12,5%) sinn do ganz vir mat dobäi. Interessant ass och, datt d’Quote vun den Héichschoulofschlëss bei dem mobillen Deel e Stéck mi héich läit: 32,4% hunn en Héichschoulofschloss. Bei der Gesamtpopulatioun maachen se dogéint nëmmen 30,1% aus. Ganz staark sinn do d’Fransousen: hir mobil Erwerbstäteg hunn zu 62,5% esou en Ofschloss. Bei der selwechter Populatioun doheem sinn et der nëmmen 34,6%. Net grad esou grouss ass dës Differenz bei eisen Däitschen Noperen aus: 54,5% vun deenen, déi am Ausland liewen, hunn en Héichschoulofschloss géintiwwer 26,7% doheem.

Eng bemierkenswäert Diskrepanz kann ee bei der Erwerbstätegkeet feststellen

8,1% vun de Persounen an dëser Altersklass vu Lëtzebuerg liewen am Ausland. Bemierkenswäert ass, datt den Deel vun deenen, déi eng Aarbecht hunn, hei den ëmgekéierten Trend mécht, wéi am Groussdeel vun der EU. Bei deene meeschte Länner ass den Deel vun deenen, déi eng Aarbecht hunn an am Ausland liewen, méi héich, wéi am Heemechtsland. Mee bei de Lëtzebuerger ass dat anescht: D’Gesambevëlkerung an dëser Altersklass huet zu 71,% eng Aarbecht. Bei deenen, déi am Ausland liewen, sinn et der nëmmen 57,9% – En Ënnerscheed vun 13,6%! Nëmmen Zypern (18,9) an Island (14,5%) leien do driwwer.

Ëmgedréint ass et bei de Griichen: 77,3% vun de Griichen an den aneren EU-Länner hunn eng Aarbecht. Nëmme 57,8% vun deenen, déi doheem sinn, hunn dogéint eng. Ähnlech Verhältnesser si bei de Kroaten (79,8% géint 63,6%), Spuenier (78,9% géint 65,5%), Italiener (75,6% géint 62,3%) an bei de Polen (81,8% géint 70,9%).

Related topics EU, Lëtzebuerg, Mobilitéit
Next post Previous post