Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

US-President zu London erstaunlech verséinlech
Auto Neiegkeeten

US-President zu London erstaunlech verséinlech

Mat esouvill Zousproch vum US-President konnt den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg

Den Donald Trump steet wéinst der Jerusalem-Decisioun staark an der Kritik
Auto Neiegkeeten

Den Donald Trump steet wéinst der Jerusalem-Decisioun staark an der Kritik

Jerusalem als Haaptstad vun Israel unzëerkennen, esou zumindest déi héchst

ZZ TOP an der Rockhal – Déi Bäerteg mat der Gittar!
Auto Neiegkeeten

ZZ TOP an der Rockhal – Déi Bäerteg mat der Gittar!

Gëschter Owend sollt de Concert vun den alen Häre mat

mobiliteit.lu – Ee moderne Service mat héije Verspriechungen

Wäert d'Mobilitéitsapp eiser aller Alldag vereinfachten?

mobiliteit.lu – Ee moderne Service mat héije Verspriechungen

Zesumme mam Verkéiersverbond huet den Transportministère gëschter op déi offiziell Presentatioun vum neie multimodale Service vu mobiliteit.lu invitéiert. Nodeems een iwwert Joren Entwécklungsaarbecht geleescht huet, soll déi nei innovativ a revolutionär Sichmaschinn nach dës Woch am App Store ze fanne sinn.

Et ass ee Service vun de Superlativer. Scho laang am viraus souz den Transportminister François Bausch op waarme Kuelen: Lëtzebuerg sollt mat der neier Mobilitéitsapp vu mobiliteit.lu eng europawäit innovativ Sichmaschinn verëffentlechen, déi d’gro Hoer beim Plange vun engem Trajet mam ëffentlechen Transport verschwanne loosse soll.

Am Kader vun der Strategie vun der Regierung fir nohalteg Mobilitéit „Modu 2.0“ spillt d’Multimobilitéit, also d’Zesummeféiere vu verschiddene Verkéiersdréier, eng essentiell Roll. „Dës nei national Mobilitéits-App ass eng europawäit revolutionär Sichmaschinn, wann et ëm individuell Fortbeweegung geet“, sou de François Bausch. „Et passt perfekt an eis Mobilitétsstrategie, déi op eng däitlech Verbesserung vum ëffentlechen Transport ofzilt, fir d’Mënschen ze motivéieren, hir eege Mobilitéitsketten ze gestalten.“

mobiliteit.lu

Mam neien Instrument kënnen d’Notzer nämlech net nëmmen de Bus, den Zuch, den Tram, den Auto, de Vëlo an déi eege Féiss kombinéieren, mee och nach d’Verkéierssituatioun an Echtzäit ofliesen. Duerch d’Integratioun vun alle Verkéiersdréier -jo och d’Elektromobilitéit, P&R a Vëloe fir spontan auszeléine gi abezunn – soll jiddwereen no de perséinleche Bedierfnisser säi Wee plange kënnen. Et wier jo scho bal ze schéin, fir wouer ze sinn…

Den neie Service huet dobäi folgend Funktiounen:

  • Integratioun vu Strecken, déi zu Fouss, mam Vëlo oder dem Privatgefier zeréck geluecht ginn
  • Integratioun an Echtzäitinformatiounen zu externe Fournisseuren (SB-Vëloen, Opluedeterminals fir E-Autoen)
  • Integratioun an Echtzäitinformatiounen zur Verfügbarkeet vu Plazen op bestëmmte P&R-Parkingen
  • Berécksiichtegung vun de perséinlechen Informatiounen, sou wéi der aktueller Verkéierssituatioun op de proposéierte Routen
  • D’Méiglechkeet fir verschidde Verkéiersdréier ze kombinéieren a seng eege Mobilitéitsketten ze gestalten
  • D’Méiglechkeet, ee Benotzerkonto ze erstellen an individuell Astellungen ze späicheren
  • Visualiséierung vun de Resultater a véier Registerkaarten: Mäi Mix, ëffentlechen Transport, aktiv Mobilitéit an alternativ Mobilitéit
  • Navigatiounsmodus an Hëllef zu all Zäitpunkt vun der Rees
  • Informatiounen zur Topografie fir Vëlosweeër
  • Visualiséierung vum ekologesche Foussofdrock (grad hei wäerte verschidde Persounen aus de Schlappe falen)

Fir d’Potential vum Service ze maximéieren, schafft de Verkéiersverbond enk mat senge Partner – dem Transportministère, der Stroossebauverwaltung, der Katasterverwaltung, dem Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung, der Stad Lëtzebuerg, der Stad Esch, dem ACL a weideren externe Fournisseuren (Chargy, CoPilote, vel’OH, Vëlo’OK“ – zesummen.

Bei esou villen neien Optiounen huet een natierlech och dru geduecht, den Design vu mobiliteit.lu unzepassen. Nom Iwwerschaffe vum Ausgesi kann een d’Säit elo a verschidde Sproochen (FR, DE EN) astellen.

mobiliteit.lu

Een ofschléissend Wuert

Wa mir scho matten an der europäescher Mobilitéitswoch sinn, dann huet ee genau de richtegen Zäitpunkt gewielt, fir de revolutionäre Service ze presentéieren. Et kann een dobäi just hoffen, datt déi héich Verspriechunge gehale ginn, a mobiliteit.lu sech einfach an effektiv benotze léisst. Tatsächlech soll jo esou den Alldag vun all Persoun, déi sech mat engem Zil op de Wee mëscht, enorm vereinfacht ginn – an dat zu Zäiten, wou Lëtzebuerg een eenzege Chantier ass.

An dësem Kontext froe mir eis och, wéi sech d’Applikatioun op d’Akku-Lafzäit vum Smartphone auswierke wäert. Bidde Servicer, wéi Google Maps a Co net scho laang Navigatiounsfunktiounen mat Echtzäiten, Informatiounen zu der Verkéierslag an dem Choix tëscht verschiddene Verkéiersmëttel a Weeër un?

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Joé Pilger, Verkéiersverbond; Jeff Wirth, Verkéiersverbond; Christian Mousel, Verkéiersverbond; Félicie Weycker, Presidentin vun der Rotsverwaltung vum Verkéiersverbond; François Bausch, Transportminister; Gilles Dostert, Generaldirekter vum Verkéiersverbond; Thomas Wolf, HaCon Ingenieurgesellschaft mbH. © Michel Brumat / Verkéiersverbond

Ähnlech Sujeten ACL, Applikatioun, Ëffentleche Transport, François Bausch, mobiliteit.lu, Multimodalitéit, Vël‘oh, Verkéiersverbond
Nächsten Artikel Virrechten Artikel