Search

You may also like

An Éisträich iwwerhuelen de Sebastian Kurz an d‘Populisten d‘Muecht
Neiegkeeten

An Éisträich iwwerhuelen de Sebastian Kurz an d‘Populisten d‘Muecht

Um Méindeg huet déi nei Koalitiounsregierung an Éisträich de „Kommando

Mir sinn dach all bësse futti?!
Neiegkeeten

Mir sinn dach all bësse futti?!

No neie Statistike vun Eurostat ass all 4.Persoun, ab dem

Wann s du dir de Gielemännche selwer kaf hues…
Neiegkeeten

Wann s du dir de Gielemännche selwer kaf hues…

Während an den USA den Zougrëff op d‘Date vun de

De LISER kritt eng Mobilitéitsenquête gesponsert

De LISER kritt eng Mobilitéitsenquête gesponsert

Zanter dem Méindeg huet de LISER eng nei Enquête am Kontext vun der Mobilitéit lancéiert, déi d‘Residenten an d‘Frontaliere gläichermoosse freet, wéi si den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg empfannen. D‘Enquête ass e Méindeg ugelaf e geet den 29. Februar op en Enn.

Fir matzemaachen: einfach op den Internetsite vum Questionnaire goen (deen ass dräisproocheg F/D/E) an eng éierlech Äntwert ginn, fir den Analyste vum LISER och eng Chance ze ginn, vun uerdentlechen Donnéeën auszegoen. Stellt sech vläicht nach d‘Fro, wat et brénge soll a firwat am Questionnaire gefrot gëtt ob engem de Präis fir den ëffentlechen Transport gefält (oder net)?

Dat mat der Fro zur Satisfaktioun vum Präis erschléisst sech eis och net, mee wann ee bedenkt, datt all Dag iwwer 200.000 Leit aus dem Ausland op Lëtzebuerg schaffe kommen, an dann nach emol esouvill Leit am Land selwer op d‘Schaff wëllen – dovunner déi meescht an der Stad – da mécht et nees Sënn eng Enquête ze maachen. Op dat dann zu Léisunge féiert, steet ob engem anere Blat.

Zudeem ass et och net esou, wéi wann se an der Regierung – a ganz besonnesch am Ministère – d‘Hänn an de Schouss leeë géifen. Wou et méiglech ass gi „Park & Ride“ Parkingen ugeluecht, Buslinne gi geschafen an d‘Aarbechten um Tram komme gutt virun, an et gëtt massiv un neie Vëlospiste geschafft. Net ze vergiessen, datt ab dem 1. Mäerz den ëffentlechen Transport gratis ass.

Elo wéisst d‘Regierung natierlech och gären, ob a virun allem wéi zefridden d‘Utilisateure mam Service sinn. Do kënnt de LISER an d‘Spill, dee sech seng Enquête vun der „Fräier Universitéit Bréissel“ an der „Uni-Lëtzebuerg“ sponsere léist. Et ass och eng Enquête déi sech vun all deenen aneren déi et scho ginn huet ënnerscheede wëll, a sech haaptsächlech op eng Fro konzentréiert.

Wéi zefridden si mir mam ëffentlechen Transport?“ Eng Fro déi sech an dësem vum LISER ausgeschaffte Questionnaire net manner wéi 30 mol widderhëlt, awer ëmmer nees nei an deels „Themebezunn“ (Bus, Zuch, Tram a Vëlo) deklinéiert gëtt. D‘Enquête wennt sech dann och u jiddereen dee méi al wéi 16 Joer ass an am Land wunnt, schafft oder soss eng ze dinn huet.

A wann – wat ze wënsche wier – vill Leit bei dëser Enquête matmaachen, d‘Froen och no beschtem Wëssen a Gewësse beäntwerten (heifir brauch et héchstens 15 Minutten), dann hunn d‘Analyste vum LISER och eng reell Chance ee brauchbart Resultat virzeleeën. Dat garantéiert net, datt iwwer Nuecht alles besser wäert ginn, mee et ka kee Feeler behuewe ginn, vun deem een näischt weess.

Foto. © Ke Atlas / unsplash

Related topics Bus, Enquête, Gratis Ëffentlechen Transport, LISER, Mobilitéit, Tram, Vëlo, Zuch
Next post Previous post