Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fridays For Future: Wann de Klimastreik aus der Vakanz erwächt
Neiegkeeten

Fridays For Future: Wann de Klimastreik aus der Vakanz erwächt

Um vergaangene Freideg hu weltwäit Groussdemonstratiounen fir méi Klimagerechtegkeet an

Allianz fir Klimaschutz a géint Atomkraaft
Neiegkeeten

Allianz fir Klimaschutz a géint Atomkraaft

Beim dësjäregen Treffe vun der däitscher Ëmweltministerin um 29. an

Virliesung mam Andreas Hoppe: Vun Hoffnung an dem Wollef
Neiegkeeten

Virliesung mam Andreas Hoppe: Vun Hoffnung an dem Wollef

Zesumme mat der Lëtzebuerger Nationalbiblithéik (BnL) an der Natur- a

Dëse Projet kéint den Ufank vum Enn vum deegleche Stau sinn

Dëse Projet kéint den Ufank vum Enn vum deegleche Stau sinn

Sech den Erausfuerderunge vun der Mobilitéit ze stellen, och dat ass eng vun Aufgaben, déi sech den Automobilclub Lëtzebuerg (ACL) operluecht huet. An dësem Zesummenhang geet den ACL e Partenariat mat der Uni-Lëtzebuerg an bitt de Betriber e „Mobility Management Training“ (MMT) un.

Wéi den CEO vum ACL, Jean-Claude Juchem, ugangs betount, handelt et sech bei dësem MMT, deen den 18/19. a 24. Abrëll am Hotel Melià um Kierchbierg stattfënnt, ëm e Pilotprojet. Deen ass dann och hei op 15 Participante begrenzt, mee soll, wann dann den Interessi grouss genuch ass, widderholl ginn. Eventuell kann, jee no Feedback, och den Inhalt erweidert ginn.

Ausgeschafft ginn ass de Projet vum Hanna Wojtysiak, déi drop higewisen huet, datt et esou Trainingsprogramme schonn a Däitschland, der Belsch an och an Holland gëtt. Sënn an Zweck vum „Mobility Management Training“ ass et, den Entreprisen d‘Problematik vun der Mobilitéit vun hire Salariéeë virun Aen ze féieren an Alternativen auszeschaffen.

D‘Ziler si villfälteg: esou geet et drëms d‘Wuelbefanne vun de Mataarbechter ze steigeren, den Impakt vun der Mobilitéit op d‘Ëmwelt ze reduzéieren, an net zu lescht och de finanziellen Opwand fir de Salarié laangfristeg ze reduzéieren. Dofir bréicht et dann awer och Versteesdemech a virun allem eng „eenheetlech“ Sprooch, déi der Komplexitéit a Villsäitegkeet gerecht gëtt.

Verkéier: e Problem deen e mat Verstand sollt ugoen

Fir de Prof. Dr. Ing. Francesco Viti vun der MobiLab Research Group (Uni-Lëtzebuerg), ass dëse Partenariat mam ACL villverspriechend. Als Deel vun enger interdisziplinärer Equipe, begréisst hien dann och datt sech nach weider innovativ lëtzebuergesch Betriber (LuxMobility, L.S.C. Engineering, Motion S oder de Verkéiersbond) dësem Projet ugeschloss hunn.

Training
(v.l.n.r.) Dr. François Sprumont (Fuerschung & Berodung Uni-Lëtzebuerg), Prof.Dr.Ing. Francesco Viti (Kapp vum MobiLab Transport Research Group, Uni-Lëtzebuerg), Jean-Claude Juchem, CEO Automobilclub Lëtzebuerg. © Martine de Lagardère/moien.lu

De Problem ass liicht ersiichtlech: Zu Lëtzebuerg si ronn 240.000 Residenten Aktiv sinn. All Dag  kommen nach emol 180.000 Frontalieren an d‘Land schaffe, woubäi 80% den Auto benotzen. Laut enger éischter Etüd stinn eng grouss Majoritéit all Joer bis zu 40 Stonnen am Stau. Dat huet e Präis, fir déi betraffe Leit a fir d‘Ëmwelt.

Mam MMT gëtt en Iwwerbléck iwwert de Mobilitéitsmanagement vum Personal an d‘Zougänglechkeet zu der Aarbechtsplaz erméiglecht. Et kann derzou bäidroen, bewäert Verfahren ze deelen, an de Participanten déi néideg Theorie, konkret Beispiller, Hëllefsmëttel a wichteg Kennzuelen ze vermëttelen.

E Kuerzen awer intensive Programm

Domatter ass den MMT e léierräichen, intensiven a kuerze Programm, deen dem Wiesentlechen, de zukünftegen Trends an de Mobilitéit gewidmet ass. „Nom Ofschloss vun dësem Training sinn d‘Participanten an der Lag, déi heefegst Begrëffer vun der Mobilitéit ze verstoen an unzewennen“, esou de Prof. Dr. Ing. Francesco Viti.

Hei dierf dann, fir de Pilotprojet, drop higewise ginn, datt an éischter Linn Entreprise mat iwwer 100 Mataarbechter ugeschwat ginn. Wien um „Mobility Management Training“ wëll deelhuele kann sech ënner https://acl.lu/Formations/Mobility-Management-Training/Secured-area den Dossier fir d‘Umeldung eroflueden. Do ass dann och de ganzen Agenda dran enthalen.

Als wichteg Informatioun sief hei nach ze betounen, datt beim MMT d‘Verkéierssprooch Englesch ass. Den Dossier/Umeldung muss bis spéitstens de 16. Mäerz agereecht sinn, an Zuel ass wéi schonn ugangs bemierkt op 15 Participante begrenzt, fir datt d‘Ausbildung méiglechst Interaktiv ass. Kaschten deet et och eppes: 680 Euro, dofir ass de Kaffi an d‘Mëttegiessen abegraff.

Ähnlech Sujeten ACL, Francesco Viti, Hanna Wojtysiak, Jean-Claude Juchem, Mobilitéit, Universitéit Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel