Search

You may also like

Sécher ënnerwee: ACL-Kannersëtzbasar an der Belle Etoile
Neiegkeeten

Sécher ënnerwee: ACL-Kannersëtzbasar an der Belle Etoile

E Samschdeg, den 23. November organiséiert de Lëtzebuerger Automobilclub (ACL)

Covid19-Reglementéierung: „Et bleift wéi ass!“
Neiegkeeten

Covid19-Reglementéierung: „Et bleift wéi ass!“

De Premierminister Xavier Bettel huet gëschter am Covid19-Pressebriefing erkläert, datt

Lëtzebuerg rifft d‘Alerte „Canicule“ aus
Neiegkeeten

Lëtzebuerg rifft d‘Alerte „Canicule“ aus

Wéi de Gesondheetsministère um Samschdeg matdeelt, ass et unhand de

Lëtzebuerg krut 1.200 Dosen vum Moderna-Vaccin

Nodeems d’Europäesch Kommissioun um 6. Januar gréng Luucht ginn huet, sinn haut de Moien déi éischt 1.200 Dose vum Vaccin vu Moderna am Groussherzogtum ukomm. Domat ass Lëtzebuerg den éischten EU-Memberstaat, deen d’Impfmëttel vun der Entreprise mat Sëtz zu Massachusetts geliwwert krut.

Zousätzlech dozou sinn haut, wéi virgesinn, weider 4.875 Dosen vum BioNTech-Pfizer ukomm. Am Ganzen huet Lëtzebuerg sech 414.210 Dose vum BioNTech-Pfizer-Mëttel an 110.462 Dosen vum Moderna-Vaccin reservéiert.

Hir Effizienz ass ähnlech – 95 % fir BioNTech-Pfizer an 94,1% fir Moderna – wärend d’Mëttel vu Moderna just bei -20°C an net bei -70°C gelagert muss ginn.

Moderna© SIP / Luc Deflorenne

An dësem Kader erkläert d’europäesch Agence fir Medikamenter (EMA), dass d’Impfung vu Moderna fir Persounen ab 18 Joer geduecht ass. Mat Hëllef vum sougenannten ARNm-Molekul gi spezifesch Proteiner opgebaut, déi eigentlech op der Uewerfläch vum Coronavirus sëtzen, sou datt en an Zelle vum Organismus andrénge kann

Duerch d’Impfung ass de mënschleche Kierper esou virbereet, dass Antikierper aktivéiert ginn a wäiss Bluttkierpercher de Virus attackéieren a bekämpfe kënnen.

Uewen fannt Dir eng Billergalerie © SIP / Luc Deflorenne

Next post Previous post