Search

You may also like

Mindestens néng Doudeger no Äerdbiewen
Neiegkeeten

Mindestens néng Doudeger no Äerdbiewen

Bei engem Äerdbiewen un der iranesch-tierkescher grenz sinn op mannst

Accident op der A1: 4 schwéier Blesséierter
Neiegkeeten

Accident op der A1: 4 schwéier Blesséierter

Wéi d’Police matdeelt ass et gëschter Owend géint 23:30 Auer

„Fit by nature“ – beim konkreten Naturschutz ka jiddweree hëllefen!
Neiegkeeten

„Fit by nature“ – beim konkreten Naturschutz ka jiddweree hëllefen!

Eng vun den Haaptaktivitéite vun natur&ëmwelt ass de Schutz vun

Modifizéiert Covid19-Gesetz: Et sollt novollzéibar sinn!

Modifizéiert Covid19-Gesetz: Et sollt novollzéibar sinn!

E Méindeg huet d‘Regierung dat neit Covid19-Gesetz an der Chamber virgeluecht, an no der Sëtzung vun der Gesondheetskommissioun, huet d‘Ministesch Paulette Lenert, sech nach emol perséinlech zur Entwécklung vun de leschte Wochen, wéi och den intentionéierte Mesuren am Kontext vun der Pandemie geäussert.

Interessant war hei allerdéngs d‘Ausso, datt „ de Risk datt sech d‘Situatioun degradéiert ass reell“, wou eigentlech guer net méi vu Risk ka Rieds sinn, an d‘Lag sech de facto längst „degradéiert“ huet. Et war der Gesondheetsministesch ofzegesinn, datt déi zwou Stonne Kommissiounssëtzung net einfach waren. Besonnesch aus de Reie vun der Oppositioun huet et der laanscht d‘Ouere ginn.

Esou huet de Claude Wiseler (CSV) nach emol däitlech gemaach, datt seng Fraktioun scho säit elo zwou Wochen hannert der Regierung hir ass, fir datt dës endlech „antizipéiert“ statt „reagéiert“. Et zu verschäerfte Mesure kommen ze loossen, wëll et keng aner Optioun méi huet, wier net de Wee op deem d‘Bierger bereet wieren dat Ganzt ze begleeden. Mee si wäerten d‘Gesetz awer stäipen.

Dat ass fir d‘Regierung eng berouegend Ausso, huet si dach an der Lescht hir Covid19-Gesetzer nach just mat de Koalitiounsstëmmen duerchgesat kritt. Wat déi annoncéiert Spärstonn tëscht 23 Auer a 6 Auer betrëfft, esou gëtt dës jiddefalls net vun der „klenger“ Oppositioun matgedroen. Et dierft geséchert sinn, datt ADR, déi lénk an d‘Piraten och dëse Gesetzprojet verwerfe mussen.

Si hunn den Iwwerbléck verluer

Als weider „Iwwerraschung“ kann een d‘Feststellung vun der Ministesch: „D‘Lag huet sech ab dem leschten Donneschdeg zolidd verschlechtert“, opgräifen. Zum, enge well si domadder dem Awand vun der CSV Recht gëtt, an zum aneren, well hei den Androck entsteet, et hätt een net matkritt wéi sech d‘Situatioun bei eisen Nopere verschlechtert huet. An dat ass jo wuel éischter auszeschléissen.

Mee et ass natierlech och ëmmer ee „politesche Risk“ virschnell stramm Restriktiounen opzehuele besonnesch dann, wann dës oft weder koherent nach verständlech sinn. Mee d‘Lag ass nu emol ganz eescht, an datt bei der Hallschent vun den Infektiounsfäll de Kontakt-Tracing net méiglech ass, kléngt och éischter beonrouegend. Och goufen d‘Previsioune vun der „Task Force“ iwwerschratt.

Dës vun Experte besaten Ekipp, hatt virun zéng erkläert, datt een zu Lëtzebuerg mat bis zu 370 Neiinfektiounen/Dag am Dezember ze rechne wier. E Samschdeg louch dësen Taux bei iwwer 850 Infektiounsfäll/Dag. Hëlt een emol en Ament Ofstand vun den Tester, esou muss sech och iwwert déi sougenannten Donkelziffer Gedanke gemaach ginn. An esou „donkel“ sinn dës Zuelen net.

Unhand den Auswäertunge vun de Kläranlagen, gëllt et als erwisen, datt den Infektiounstaux wäit iwwert déi vun den Zuelen aus den Tester erkannten Infektiounsfäll erausgoe muss. Et muss also eppes ënenrholl ginn, fir d‘Entwécklung an d‘Ausbreedung vum Coronavirus méiglechst ënner Kontroll ze behalen. Zil ass et nach ëmmer, en zweete wirtschaftleche Stëllstand ze verhënneren.

Eng aner Normalitéit erméiglechen

Datt Politik keng exakt Wëssenschaft ass, an et an de sozialen Netzwierker méi Experte wéi an der Regierung gëtt, ass am Kontext vun esou enger Pandemie net hëllefräich. Woubäi dat erkläerten Zil: de Lockdown ze verhënneren, an eng méiglechst zoulässeg Normalitéit ze instauréieren, eigentlech am Süenn vun de Bierger sollt sinn. Déi si bekanntlech alleguerten en Deel vun der Léisung.

Eng Zilsetzung déi duerch den enke Spillraum, deen de Covid19 engem léisst, schwiereg ëmzesetze ka sinn, wann d‘Leit net derhannert stinn oder bereet sinn sech dorunner ze halen. Dofir ass et jo esou imminent wichteg, all d‘Moossname verständlech an fir de Bierger novollzéibar ze erklären. E vun de grousse Schwaachpunkte vun dëser Regierung, och wa bis elo villes richteg a sënnvoll war.

Aus dësem gudde Grond, stellen d‘Oppositiounsparteien dann och d‘Drénglechkeet vum Handelen net a Fro. Elo wou d‘Experte vun der Task Force bis Mëtt November vun engem deeglechen Taux an héicht vu 1.400 positiven Tester/Dag ausginn, dierf eppes Panik bei de Leit opkommen, vu datt dee jo enger no uewen oppener Skala entsprécht. An et sinn nees déi „al“ déi maximal betraff sinn.

Ronn 80% vun den Hospitalisatioune betreffe Persounen déi eeler wéi 75 Joer sinn. 12 Patienten si fir den Ament op der Intensivstatioun, wat am direkte Verglach zu eisen Noperen eng éischter gutt Nouvelle ass. D‘Leit um Terrain sinn hei awer net esou optimistesch wéi d‘Autoritéite, a ginn ze bedenken, datt sech esou eppes schlagaarteg ka veränneren, wat ganz aner Problemer verursaacht.

Et gëtt aner Pathologien déi och musse behandelt ginn

Well et am Etat de Kris zu engem gréisseren Duerchenaner komm war, a vill kleng Operatiounen hu misse verluecht ginn, huet sech ee gewësse Réckstau gebilt, deen een eigentlech scho wollt iwwert de Summer absorbéiert kréien. Dat ass aus ville Grënn net méiglech gewiescht an elo dreet et sech op neits dohinner ze beweegen, datt vermeintlech kleng Boboen net termingerecht behandelt ginn.

D‘Gesondheetskeess huet hirersäits e Méindeg ugekënnegt Mesuren ergraff ze hunn, déi et de Spideeler erlaabt hir voll Kapassitéiten auszeschëpfen. Et wier jo och gewot gewiescht, hei elo de Fouss op der Brems ze halen. Richteg ass awer och, datt nees vill Leit nieft der sozialer Distanz, och op Distanz zur Medezin ginn. Et sollt ee vläicht de Service „Téléconsultatioun“ ausbauen…

Covid19Wat d‘Gesetz virgesäit: 1 – eng Spärstonn vun 23 bis 6 Auer fir d‘Dauer vun engem Mount. Wann den Horesca-Secteur dierf bis 23 Auer ophunn, esou muss een, dat ass Gesetz, awer och um 23 Auer doheem sinn, ausser et huet ee keen Daach iwwert dem Kapp, oder et muss ee schaffen. 2 – 4 Frënn – D‘Reegel vu maximal véier Mënschen op engem Koup (ausser Doheem, wou ee maximal véier Invitéeën dierf empfänken) gëtt generaliséiert. An der Ëffentlechkeet gëllt d‘Maskeflicht an véier Persounen, an ab 10 Persoune muss nieft der Mask och en Ofstand vun 2 Meter tëscht de Leit agehale ginn. 3 – All Event (sportlech oder kulturell) dierf maximal 100 Persounen empfänken. Jidderee muss hei eng Mask unhunn, wéi och eng Sëtzplaz benotzen. Buvetten an Ähnleches dierfe wärend dëser Zäit net bedriwwe ginn. Dat gëllt och fir Restauranten, Bistroen an Diskothéiken. 4 – Konsumenteschutz: All Supermarché mat enger Fläch vun iwwer 400 M² muss d‘Zuel vun de Clienten op 1 Client pro 10M² limitéieren. Ouni dat et preziséiert gi wier, ass dovunner auszegoen, datt dës Reegel och fir den Eenzelhandel ka/sollt ugewannt ginn. (Bild: © Markus Winkler / unsplash)

Zu de Moossnamen: D‘Regierung huet iwwert d‘Spärstonn eraus decidéiert, datt de Kontakt am enke sozialen Ëmfeld vun 10 op véier Mënsche reduzéiert muss ginn (also zousätzlech ze déi Leit wou schonn am Menage sinn). Dat gëllt och fir d‘Besetzung vun den Dëscher am Horesca-Secteur.

Sportsaktivitéiten a soss Rassemblementer ginn och zolidd ageschränkt. Eigentlech ass nach just de Fussball méiglech, an hei natierlech ganz exklusiv d‘National-Divisioun wéi och d‘Matcher vun der Nationalekipp. Wat de Fussball vun anere Sportaarten ënnerscheet? Datselwecht wat et verhënnert, datt d‘Politik sech elo wierklech der Logementskris unhëlt: Fric a Lobbyismus.

Villes geet, alles kann ee net verlaangen

Wann sech dann déi meeschten Oppositiounsparteie kënnen dem festgestallten Noutstand unhuelen, esou gëtt et hei awer schonn eppes Bedenken, an dat net eleng bezunn op Sport, Schoul a vill aner Beräicher. Et ass villméi déi Spärstonn – déi jo och bei eisen Nopere kontestéiert ass, a beispillsweis an Italien zu Neapel an zu Roum fir gréisser Ausenanersetzunge gefouert huet – wou kee wëll.

De Marc Baum (déi lénk) hält esou ee Schratt net fir ubruecht. Et géif der bestoender Situatioun net gerecht firwat d‘Spärstonn disproportionéiert wier. En Argument dat de Sven Clement (Piratepartei) och opgräift, mee treffend mat der Remark „et ass dat kloer eng ideologesch Decisioun, déi ouni wëssenschaftlech Grondlag geholl gouf“. Hei hätten sech déi Deputéiert méi Wäitsiicht erwaart.

Ob allerdéngs d‘Propose vun déi lénk, den Horesca-Secteur nees fir ee ganze Mount zouzemaachen – datt dann awer mat enger richteger Finanzhëllef aus der Staatskeess – hëlleft d‘Zuelen nees an de Grëff ze kréien? D‘Propose vun de Piraten den Télétravail éischter zur Regel wéi zur Ausnam ze maachen, kléngt besser iwwerluecht an dierft déi am realisteschste sinn, bezunn op de Kontext.

Obwuel den Tracing grad net méi esou erfollegräich ënnerwee ass, sollen am Kontext vun de Beméiungen Aarbechtsplazen am Loftfaartsecteur ze erhalen, Salariée vun der Luxair de Service vun der Infektiounsnoverfolgung verstäerken. D‘CSV huet hirersäits nees d‘Tracing-App an d‘Gespréich bruecht. De Staatsrot soll nach haut säin Avis zum neie Gesetz ausschaffen

Läit dëse bis vir, da kann d‘Gesondheetskommissioun vun der Chamber den Text finaliséieren an de Mars di Bartolomeo (LSAP) kann dann de Rapport erstellen an dëse vläicht scho muer Mëttwoch an der Chamber virdroen. Et wier, esou de leschte bekannte Stand, virgesinn dat neit Gesetz awer spéitstens um Donneschdeg zur Ofstëmmung ze bréngen. Iwwerraschunge gi keng erwaart.

Illustratioun: © Parastoo Diba / unsplash

Related topics Chamber, Covid19, Covid19-Gesetz, Gesondheetsministesch, Paulette Lenert, Sanitär Kris, Staatsrot
Next post Previous post