Search

You may also like

Portugisesch Sozialversécherung huet Revendicatioune vum OGBL Rechnung gedroen
Neiegkeeten

Portugisesch Sozialversécherung huet Revendicatioune vum OGBL Rechnung gedroen

Den OGBL vun der portugisescher Regierung d‘Zouso erhalen, datt nees

Ee weideren NATURATA zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Ee weideren NATURATA zu Lëtzebuerg

Um 18. Oktober ass am Centre Orchimont den 10. Buttek

surprise
Editorial: Sinn d‘Chamberwahle vu 2018 dem Feierkrop seng lescht?
Neiegkeeten

Editorial: Sinn d‘Chamberwahle vu 2018 dem Feierkrop seng lescht?

Op der Homepage vum Feierkrop ass ze liesen, datt de

Moer Rekolt a Fuddermangel: De Romain Schneider ass besuergt

Moer Rekolt a Fuddermangel: De Romain Schneider ass besuergt

De Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung huet en Donneschdeg d’Lëtzebuerger Saatbaugenossenschaft (LSG) an hirem neie Gebai zu Kolmer-Bierg besicht. Zesumme mat Vertrieder vun De Verband an der Klengbettener Millen huet een sech iwwert déi dësjäreg Rekolt ausgetosch an de Bilan gezunn – mat engem enttäuschenden a beonrouegende Resultat.

Den Niveau vun de vergaangene Joer konnt ee net erreechen. Riets war vun duerchschnëttlech 20-30 % Verloscht beim Ubau vu Kar. Dobäi gouf allerdéngs betount, datt d’Rekolt regional, jee no Buedemqualitéit, ganz staark variéiert huet. Duerch dat dréchent Wierder konnt een ouni Problemer schaffen, an och d’Qualitéit stëmmt.

Säit de Bestellaarbechten am vergaangenen Hierscht wieren d’Wiederkonditiounen esou extrem gewiescht, datt ee keng gutt Rekolt erzile konnt. De Steve Turmes (LSG) an den Klaus Palzkill (De Verband) hu weider erkläert, datt schonn Enn September 2019 de staarke Reen zwar fir d’Grondwaassererneierung gesuergt huet, déi komplett duerchnässt Biedem awer keng optimal Planzenentwécklung zougelooss hunn.

Zemools de Wantergeescht, d’Kar an de Wanterraps hunn esou gelidden, datt zuelräich Flächen am Fréijoer ëmgebrach gi sinn. Déi unhalend Dréchent am Fréijoer an Héichsummer hu schliisslech den normale Wuesstem vun de Planze verhënnert. Problematesch ass och, datt d’Ubaufläche vu Kären a Raps säit 2010 ëm 10%, respektiv 40 % réckleefeg sinn. Am Géigesaz dozou ass d’Fläch fir Mais a Feldfudder staark erweider ginn.

Ma, och d’Rekolt bei der Saatgutvermehrung vu Weess, Kar, Geescht an Huewer leien ënnert dem Duerchschnëtt. Et beméit ee sech fir trotz de Corona-bedéngte Verzögerungen um Bau all Bauere pünktlech zum Ufank vum Hierscht mat zertifiéiertem Qualitéitssaatgut ze beliwweren. Hei géif ee virun allem op déi richteg Vermaartung an der Regioun bauen.

Net nëmmen iwwert dëse Bilan ass de Minister Schneider besuergt. D’Notzdéiere brauche Stréi, a genee dat ass och moer ausgefall.

Rekolt

Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung © Landwirtschaftministère

Eng Solidaritéitswell fir lokal Produiten

Trotz allen Erausfuerderunge wëll een den Undeel vu lokal ugebaute Kären an déi regional Planzeproduktioun stabil halen. Duerch d’Pandemie ass den Interessi vum Verbraucher u lokal produzéierte Liewensmëttel geschäerft ginn an och eng richteg Well u Solidaritéit entstanen, un déi een uknäppe sollt.

Beim Label „Produit du terroir – Lëtzebuerger Wees, Miel a Brout“ schafft de Familljebetrib Klengbettener Millen och dëst Joer mat 250 lokale Baueren zesummen Si recoltéieren am Schnëtt 18.000 Tonne Weess – ënnerdeelt an 380 Tonnen Bioweess (Tendenz steigend), dat fir regional produzéiert Miel genotzt gëtt.

Ofschléissend gouf nach e bëssen d’Thema Klimawandel abruecht. De Minister Schneider huet drop higewisen, datt d’Versécherunge fir Ausfäll bei der Rekolt ee fiabelt Instrument fir Baueren a Wënzer ass, fir landwirtschaftlech Kulturen géigeniwwer de Risiken vun extreme Wiederbedéngungen ofzesécheren.

De Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung ënnerstëtzt den Ofschloss vun enger Versécherungsprimm mat enger finanzieller Bedeelegung. Esou kann den Impakt vu schwéiere Wiederkonditiounen op d’Landwirtschaft ofgefiedert ginn.

An dësem Kader huet de Minister dozou geroden déi landwirtschaftlech Ubausystemer unzepassen. Eng wichteg Roll spillen an Zukunft den Ubau vun neien, drécheresistenten Aarten an Zorten, sou wéi Soja oder Sonneblummen. Getest ginn si op de Versuchsfelder vun der ASTA, der Ackerbauschoul an der IBLA.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Frédéric Baijot, Klengbettener Millen; Carlo Hess, President vun der LSD; Steve Turmes, Direkter vun der LSG; Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung; Klaus Palzkill, DE VERBAND GROUP / VERSIS; Camille Schröder, President vun der Baueren-Allianz © Landwirtschaftministère

Related topics Baueren, Brout, De Verband, Dréchent, Felder, Fuddermangel, Klengbettener Millen, Lëtzebuerger Saatbaugenossenschaft, Miel, Moer Rekolt, Produit du terroir, Romain Schneider, Saatgut, Stréi, Suerg, Wees
Next post Previous post