Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Macron a Bettel, et géif een hinnen hir gutt Absichten esou gäre gleewen
Neiegkeeten

Editorial: Macron a Bettel, et géif een hinnen hir gutt Absichten esou gäre gleewen

Um Donneschdeg war de franséische President Emmanuel Macron den Invité

Robert Mueller setzt Trump ënner Drock
Neiegkeeten

Robert Mueller setzt Trump ënner Drock

Wéi amerikanesch Medie beriichten, steet den Donald Trump mëttlerweil an

Franséische Rentekommissär muss den Hutt huelen
Neiegkeeten

Franséische Rentekommissär muss den Hutt huelen

Säit der Ukënnegung vun der Rentereform rumouert et a mëttlerweil

Geckeg Déierebesëtzer: Vum Mondschutz bis zur Desinfektioun vum Véierbeener

Geckeg Déierebesëtzer: Vum Mondschutz bis zur Desinfektioun vum Véierbeener

An den Noriichten an op de soziale Medien kuréieren déi verrécktst Biller vun Hausdéierbesëtzer, déi hier Véierbeener virun enger Infektioun mam Covid-19 schütze wëllen. Vum Mondschutz fir op d’Schnuff bis hin zum Ofwäsche mat Desinfektiounsmëttel, wat mat uerge gesondheetleche Problemer endege kann, reecht de gesonde Mënscheverstand nees ganz wäit. Et huet schonn näischt méi mat Léift zum Déier ze dinn…

Desinfektioun

© anon7935678 / Reddit

Fänke mir awer emol mat der harmloser, gläichzäiteg awer och verschwenderescher Moossnam un, fir Hond, Kaz a Co virum Virus ze protegéieren: Dem Hausdéier ee Mondschutz undoen. Ma, dat ass net nëmmen de Fall an Asien oder eisen Nopeschlänner, och am Bambësch solle schonn esou geckeg Besëtzer mat hirem Muppes observéiert gi sinn.

Wéi den Dr. Félix Wildschutz, Direkter vun der Veterinärsverwaltung, erkläert, sinn d’Schutzmaske fir de Mënsch virgesinn. Setzt ee sengem Véierbeener eng Mask op, dann ass dat Verschwendung vu Material – Material, dat op anere Plaze gebraucht gëtt, fir esou d’Gesondheet vum Zweebeener (Mënsch) ze garantéieren.

Desinfektioun

© leafypage

Eng Schëpp drop leeën all d’Déierebesëtzer, déi mengen mat Desinfektiounsmëttel, respektiv Javel hirem Mupp oder hirer Kaz ee Gefalen ze doen. Heizou erkläert Dr. Bérit Majeres vun der Veterinärsverwaltung, datt zu Lëtzebuerg nach keen esou ee Fall bekannt wier, zum Gléck. Gëtt inadequat Desinfektiounsmëttel – dozou gehéiert och Javel – fir Déiere verwent, esou kann et zu Irritatiounen mat Rötungen, Schwellungen, jo souguer Verbrennungen an eventuell allergesche Reaktioune kommen.

Desinfektioun

SRPA Arlon / Facebook

Laut dem Lëtzebuerger Déiereschutzgesetz vum 27. Juni 2018 ass et verbueden, Déieren ouni Grond Leed zouzefügen. Beim Verstouss géint d’Gesetz muss deementspriechend mat de Konsequenze gerechent ginn. Bei onnéidegem Leed a Péng si mir scho beim nächste Punkt: Kann een Déier u Covid-19 erkranken?

Bis ewell si 5 Fäll bekannt, bei deenen de Virus beim Déier noweisbar war. Et wier awer eng Raritéit, esou Dr. Bérit Majeres, wouduerch een de Mondschutz an de Javel fir d’Déier direkt ewech stelle kann. Bezunn gëtt sech op d’Informatioune vu FormaVet, eng belsch Asbl, déi sech ëm eng qualitativ héichwäerteg Weiderbildung vu Veterinären an alle Persounen, déi am Sënn vun der Gesondheet an dem Wuelergoe vun Déiere handelen, këmmert.

Kontaminatioun vun Hond, Kaz a Co.

Nom Stand vum 6. Abrëll ass de SARS-CoV2 bei zwee Hënn, zwou Kazen an engem Tiger nogewise ginn.

Ee Mol hu mir hei een Spitz vu 17 Joer aus Hong Kong, dee bei méi Tester vun Enn Februar an Ufank Mäerz liicht viropositif diagnostizéiert ginn ass. Den Hond ass um 16. Mäerz, kuerz nom Retour bei de Proprietär, vum Virus geheelt, gestuerwen. A sengem héijen Alter hat de Mupp nämlech eng Häerz- an Niereschwächt, dobäi koum de Stress, wat ëm alles an allem net gutt bekomm ass.

Als nächste Patient hu mir een zwee Joer jonken Däitsche Schéiferhond, och nees aus Hong Kong, deen zënter senger Diagnos um 18. Mäerz a Quarantaine sëtzt. Dobäi kënnt eng Kaz aus der Belsch, déi schonns 9 Deeg no der Diagnos eng generell Verbesserung vum Gesondheetszoustand opgewisen huet. Hir Symptomer waren Duerchfall, Erbriechen, Houscht an eng iwwerflächlech Ootmung. Bei der zweeter Kaz, dës Kéier nees aus Hong Kong, sinn d’Tester positiv ausgefall, si weist allerdéngs keng klinesch Unzeechen un.

Desinfektioun

© The Gambler

Zënter kuerzem ass dann och bekannt, datt een Tiger an engem Zoo zu New York positiv op SARS-CoV2 getest ginn ass. Bis op d’Houschten weist hie keng weider Symptomer un an ass an engem gudde Gesondheetszoustand. Trotz dëse Fäll bleift et eng Raritéit, datt Déieren de Virus kréien.

D’Firma Indexx huet heizou eng international Etüd gestart: Am Zäitraum vum 14. Februar bis zum 13. Mäerz sinn an den USA, wéi och a Südkorea iwwer 4.000 Tester gemaach ginn, bei deene kee Resultat positiv ausgefall ass. Gewosst ass och, datt Kazen als sensibel Aart gëllen, Hënn éischter resistent géigeniwwer dem Virus sinn. D’Iwwerdroung vum Mënsch op Déieren ass méiglech, awer seelen. Zur Iwwerdroung vum Déier op de Mënsch ginn et bis ewell keng Beuerteelungen.

FormaVet réit infizéierten Hausdéierbesëtzer hire Véierbeener mat Doheem an der Isolatioun ze halen. Weiderhin sollen d’Hygiènesreegele befollegt ginn, de Kontakt zu Hond, Kaz a Co. Soll allerdéngs – wa méiglech – op ee Maximum reduzéiert ginn. Beschtefalls këmmert sech eng gesond Persoun ëm d’Wuelergoe vum Véierbeener. Mir appelléieren do enfach un de gesonde Mënscheverstand, dee scheinbar och eng Raritéit ass.

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid-19, Déiereschutzgesetz, Desinfektioun, Dr Bérit Majeres, Dr Félix Wildschutz, FormaVet, Hausdéier, Hond, Javel, Kaz, Mondschutz, Tiger vun New York, Veterinärsverwaltung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel