Editorial: Noriichten déi ee bedenklech stëmmen
Wann et sécherlech richteg ass, datt mir net esou wierklech
Wann et sécherlech richteg ass, datt mir net esou wierklech
Um Donneschdeg huet déi brittesch Regierung seng Virstellungen zum europäesche
Um Dënschdeg ass de Prozess géint 3 fréier Mataarbechter vum
Wou d’Monica Semedo d’Zeilen, déi hatt am Video virgedroen huet, néiergeschriwwen huet, war hatt grad emol 8 Joer jonk. Zesumme mat senger Famill ass hatt vum Cap Vert op Lëtzebuerg komm, sollt ufanks nees ausgewise ginn, mee schliisslech duerft d’Famill awer bleiwen.
Mat der Ausso „Mir sinn all ganz einfach Mënschen“ huet d’Schoulmeeschtesch d’Monica matgerappt. An awer gouf hatt vu 40 Neo-Nazien ëmzéngelt, déi et ugejaut hunn. Op Fluchhäfen gëtt hatt méi oft kontrolléiert, oder souguer vun de Kollege getrennt. Et soll „just eng Ausnam sinn“, ass awer eigentlech eng Form vu Rassismus.
Elo ass et Zäit ze handelen. Mat senger Ried am EU-Parlament huet d’Monica Semedo de Publikum beréiert a fënnt immensen Zousproch op de soziale Medien. A leschter Zäit befaasst d’Politikerin sech enorm mam Thema Rassismus an Diskriminéierung.