Search

You may also like

Videoplattform TikTok soll an den USA verbuede ginn
Neiegkeeten

Videoplattform TikTok soll an den USA verbuede ginn

Dat chinesescht Netzwierk gëtt an den USA scho länger „observéiert“

Bass du en Expert vun eise Kantonen? Fann et hei eraus!
Neiegkeeten

Bass du en Expert vun eise Kantonen? Fann et hei eraus!

[onionbuzz quiz-id=154][/onionbuzz] Et mécht ee sech relativ seele Gedanken doriwwer,

Sportlech ënnerwee: Den éischten Decathlon City fir Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Sportlech ënnerwee: Den éischten Decathlon City fir Lëtzebuerg

Zënter haut de Moien 10 Auer huet den neien Decathlon

Akafen an der Stad Lëtzebuerg: Den neie Monoprix um Knuedler

Akafen an der Stad Lëtzebuerg: Den neie Monoprix um Knuedler

Et soll dat neit Akafserliefnis um Knuedler ginn: Ab en Donneschdeg wäert de Monoprix seng Dieren opmaachen an eng exklusiv Auswiel un Iesswueren, Moud, Dekoratioun a Schéinheetsproduiten. Op iwwer 2500 m², verdeelt op 4 Etagen sollen net nëmmen alldeeglech Akeef gemaach, mee och emol d’Hektik dobausse vergiess ginn.

Zousätzlech dozou wäert, esou fern d’Restriktiounen et deemnächst zouloossen an d’Aarbechten um Knuedler eriwwer sinn, eng Terrass mat 100 Sëtzplazen op eng gemitterlech Taass Kaffi op der beléifter Plaz an der Lëtzebuerger Haaptstad alueden. Zousätzlech dozou offréieren déi zwee Restauranten – Le Petit Bohème a Le Homard Bleu – eng gastronomesch Offer.

Ma, domat awer net genuch: Wien seng Akeef esou kuerz wéi méiglech hale wëll, dee sollt vun der Offer E-Réservation profitéieren. Heibäi kann een d’Artikelen online reservéieren a bereet stelle loossen, bezuelt gëtt dann op der Plaz. A sollt et Iech net méiglech sinn, selwer an de Monoprix ze kommen, dee kënnt Dir d’Wueren per Shop & Go bequem Heem liwwere loossen. Wat e Service!

Monoprix

Wärend um Rez-de-Chaussée Dekoratioun, Snacks, grouss Uebst- a Geméisrayonen, Bio-Produiten a veganen Offeren, sou wéi de Restaurant Le Petit Bohème ze fanne sinn, befënnt sech een Niveau drënner d’Epicerie mat frësche Produiten, e risege Wäikeller a weider Spirituosen.

Um éischte Stack fille sech all déi Persoune wuel, déi no engem neie Kleedungsstéck, Parfum oder Beauty-Produit sichen. Um Niveau 2 fannen Elteren alles Essentielles fir de Bëbee a Kanner, wou natierlech eng immens Selektioun u Spillsaachen dozou gehéiert. Dës weideren kann de Client sech an de Beräicher Lifestyle an Accessoiren austoben, oder och e Maufel am Le Homard Bleu zou sech huelen.

Monoprix

Wat ee soss nach wësse sollt? Lifter a Rulltrapen maachen déi verschidden Etage fir jiddwereen zougänglech. Ab dem 14. Januar 2021 ass de Monoprix op der Adress 2, Place Guillaume II ze fannen. Et ass op vun 8:30 bis 21:00 Auer.

Related topics Accessoiren, Akafszentrum, Knuedler, Le Homard Bleu, Le Petit Bohème, Liwwerdéngscht, Monoprix, Moud, Place Guillaume II, Restaurant, Shop & Go, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post