Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Neie Gëftuschlag a Groussbritannien, zwee Briten a kriteschem Zoustand
International Neiegkeeten

Neie Gëftuschlag a Groussbritannien, zwee Briten a kriteschem Zoustand

Um haidegen Donneschdeg trëfft sech déi britesch Regierung zu enger

Den Assange gesäit Luucht um Enn vum Tunnel
International Neiegkeeten

Den Assange gesäit Luucht um Enn vum Tunnel

De Julien Assange, Grënner vu WikiLeaks, huet en Donneschdeg gesot,

Dem Donald Trump seng Ried zur Lag vun der Natioun
International Neiegkeeten

Dem Donald Trump seng Ried zur Lag vun der Natioun

Si ass mat Spannung erwaart ginn, egal a wéi engem

USA: Monsanto op der Bänk vun den Ugekloten

USA: Monsanto op der Bänk vun den Ugekloten

E Méindeg huet sech Monsanto bei engem Prozess zu San Francisco op der Bänk vun den Ugekloten erëmfonnt. D‘Geriicht muss feststellen op den Herbizid „Roundup“ Kriibserreegend ass, an op den amerikanesche Grupp bewosst d‘Gefor vum Produit, dat aus Glyphosat hiergestallt gëtt, verstoppt huet.

Monsanto dat kierzlech vum däitsche Chimiegigant BASF opkaf ginn ass, an där hire Firmennumm geschwënn nach just Geschicht ass, ass vun enger Plainte betraff, déi eng Privatpersoun mat Kriibs am Endstadium agereecht huet. „Monsanto weess zanter 40 Joer, datt d‘Komponente vum Roundup bei den Déieren am Laboratoire, Tumeure provozéiert“, behaapt am Numm vun der Uklo, den Affekot Brent Wisner, um éischte Verhandlungsdag.

An d‘Geriicht muss sech dann elo mat der Plainte vum Dewayne Johnson, engem 46 Joer jonken Amerikaner, deen dësen Herbizid iwwer zwee Joer laang vaporiséiert huet. Et ass dann och den éischte Prozess deen dëst Produkt – dat den Objet vun dausende Prozeduren an den USA ass – duerchleeft. Offiziell huet de Prozess Mëtt-Juni mat der Wal vun der Jury ugefaangen. Elo geet et ëm de Kär vun der Saach, an den Prozess wäert sech iwwer dräi Wochen hinzéien.

„Monsanto huet all Mëttel agesat déi him zur Verfügung gestanen hunn, fir d‘Wëssenschaftler ze erschrecken an sech de Fuerscher entgéintzestellen“, esou de Brent Wisner, dee behaapt dat d‘Firma alles gemaach huet, fir de Lien tëscht sengem Produkt an dem Kriibsrisiko ze verstoppen. An de Roundup, säit 40 Joer um Marché, ass ee vun den am meeschte benotzten Herbiziden an enthält Glyphosat. Eng Substanz déi kontradiktoresch, well Kriibserreegend, ënnersicht gëtt.

Et geet ëm Milliounen

De Chimiegigant, deen eleng an dësem Dossier Milliounen un Schuedenersatz plus Zënse riskéiert, huet ëmmer all Lien tëscht sengem Produkt an dem Kriibs zréckgewisen. „Den Dewayne Johnson ass virun zwee Joer diagnostizéiert ginn an d‘Uerteel: Lymphogranulomatose, onheelbar“, erkläert ee vu sengen Affekoten, David Dickens, vum Cabinet Miller, eng Etüd déi sech spezialiséiert huet op d‘Verdeedegung vu Privatpersounen déi sech als Affer vu feelerhafte Produite gesinn.

„Et ass net d‘Schold vun ‚keng Chance‘ an och kee genetesche Problem. Et ass eenzeg de Fait, datt d‘Affer stänneg dem Roundup an dem Ranger Pro (e vergläichbart Produkt vu Monsanto) ausgesat war, déi hien tëscht 2012 an 2014 op de Schoulterraine vu Benicia (Kalifornien) vaporiséiert huet“, betount den David Dickens. De Brent Wisner behaapt, datt d‘Affer erkläert kritt hätt, datt hien „de Roundup drénke kéint, datt d‘Produkt guer net toxesch wier“.

An de Dewayne Johnson soll dann awer ëmmer en Overall an e Schutzbrëll ugedoen hunn, wann hien déi genannte Produite benotzt huet. Et ass dann och den Optrag vum Johnson sengen Affekoten d‘Jury dovunner ze iwwerzeegen, datt et tëscht dem Roundup an dem Kriibs eng Verbindung gëtt. Eng schwiereg Aufgab, wou et säit Jore kee kloren wëssenschaftleche Beweis gëtt, datt et grad dëst Produkt soll sinn, dat de Kriibs kann oder soll ausgeléist hunn.

D‘Wëssenschaft a Monsanto

„De Kriibs vum Här Johnson ass eng schrecklech Krankheet, a mir mussen alleguerten déi gréissten Empathie fir d‘Leiden dat hien duerchleeft empfannen“, ënnersträicht sengersäits den Affekot vu Monsanto, George Lombardi. An hie behaapt: „Déi wëssenschaftlech Beweiser verdäitlechen datt d‘Produiten op der Basis vu Glyphosat, kee Kriibs ausléisen an esou och net fir de Kriibs vum Här Johnson kënne verantwortlech sinn“.

Ënnert den Affekote vum Dewayne Johnson, de Robert Kennedy Junior (Bouf vum Bob Kennedy, de Brudder vum ermuerte President John Kennedy). „Ech denken net datt ee sech ka vum Fait iwwerrascht weisen, datt Monsanto alles dru gesat huet fir der Allgemengheet ze verstoppe wéi geféierlech d‘Produkt ass, an datt si och d‘Genehmegungsprozedur manipuléiert hunn“, esou de Kennedy géintiwwer der Press, där hie seet, dat senger Etüd nach 700 ähnlech Dossiere virleien.

Bei der Fro, wéi héich de Schuedenersatz fir den Dewayne Johnson kéint ausfalen, huet de Robert Kennedy geäntwert: „Mir hoffen datt den Här Johnson esouvill wéi méiglech kritt“. Eng Hoffnung déi dann awer och domatter ze dinn huet, datt d‘Affekote vum Dewayne Johnson, selwer nëmmen da „bezuelt“ ginn, wann si erfollegräich den Dossier viru Geriicht duerchgesat kréien. An der Regel kritt d‘Affer, vun de „Milliounen“ déi hei dra sinn, nëmmen e Brochdeel.

Kalifornien, deng Gesetzer…

Wéi d‘Chance fir den Dewayne Johnson a seng Affekote stinn, kann zu dësem Zäitpunkt net mat Sécherheet behaapt ginn. Dat och, well entgéint der federaler Agence fir den Ëmweltschutz (EPA), de Staat Kalifornien, an deem sech San Francisco befënnt, de Glyphosat op d‘Lëscht vun de Produite gesat huet, déi Kriibserreegend sinn. Et ass engem Recours viru Geriicht geschëlt, datt dës Informatioun net muss op der Verpackung vun de Produite wou Glyphosat dran ass, stoe muss.

Erënnere mir op dëser Plaz och nach drun, datt d‘IARC (international Agence fir Kriibsfuerschung, eng Institutioun vun der WHO) de Glyphosat säit 2015 als „méiglech Kriibserreegend“ klasséiert ginn ass. Déi europäesch Agencen EFSA (Europäesch Agence fir Liewensmëttelsécherheet) an ECHA (Europäesch Agence fir Chemikalien), gesinn dat anescht. Déi Agence sinn et awer och, déi nogesot kréien, datt si sech op d‘Informatioune vu Monsanto beruffen, déi net glafwierdeg sinn.

Iwwerhaapt suergt de Glyphosat an Europa fir eng zolidd Polemik. Dat besonnesch zanter Bréissel am November 2017 entscheet huet, d‘Lizenz fir de kontroverséierten Herbizid, nach emol fir fënnef Joer ze verlängeren. Dobäi ware vill Länner fir den direkte Verbuet, hunn erwisenermoossen awer näischt géint d‘Muecht vun de Lobbyiste maache kënnen. Hei hat sech besonnesch Däitschland fir de Glyphosat agesat. D‘Fransousen hirersäits, well bannent dräi Joer d‘Substanz verbidden.

mam Glenn Chapman/AFP

Foto: De Gary Harms keeft um 9. Juli säi Roundup an engem Geschäft zu San Rafael (Kalifornien), grad wéi de Prozess géint Monsanto a seng gëfteg Produiten zu San Francisco ugelaf ass. Sollt den Dwayne Johnson, dee vun enger ganzer Equipe un Affekote vertruede gëtt, Recht kréien, géif de Schuedenersatz an d‘Millioune goen, just fir dëse Fall. © Josh Edelson/AFP

Ähnlech Sujeten Geriichtsverhandlung, Glyphosat, Kalifornien, Kriibs, Monsanto
Nächsten Artikel Virrechten Artikel