Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Mark Zuckerberg gesäit sech an der Verantwortung, stellt sech awer géint eng Zensur
Auto International idarb matchmaking benefits of online dating service

dating second cousins

De Skandal deem sech Facebook selwer ausgesat huet, an deem

CFL an Nordstadpolitiker geroden sech an d‘Hoer (nogeduecht)
Auto International idarb matchmaking benefits of online dating service

CFL an Nordstadpolitiker geroden sech an d‘Hoer (nogeduecht)

D‘Eisebunn (CFL) ass – wéi de Minister fir Verkéiersonsécherheet a

Weltraumressource notzen, ënner Lëtzebuerger Recht
Auto International idarb matchmaking benefits of online dating service

Weltraumressource notzen, ënner Lëtzebuerger Recht

Ënnert der Autoritéit vum Wirtschaftsministère, op Ureegung vum Büro vun

Monte-Carlo: Keng Chance fir den Dylan Pereira

De grousse Präis vu Monaco huet seng eege Reegelen

Monte-Carlo: Keng Chance fir den Dylan Pereira

De leschte Weekend hat de Lëtzebuerger Pilot vum Momo Megatron Lechner Racing Team, Dylan Pereira seng zweet Course am Porsche Mobil 1 Supercup. No engem „schwierege“ Start zu Barcelona, hat een eppes Erwaardungen un de Stad-Parcours vu Monte-Carlo gestallt, wou eisen Espoir sech 2018 vu senger beschter Säit gewisen hat an um Podium stoung.

An d‘Course an de Stroosse vu Monte-Carlo gëtt zu Recht als ee vun de ganz grousse Momenter vum Championnat betruecht. De Glamour am Paddock, déi besonnesch Atmosphär vun der Principautéit an d‘Charakteristika vum Parcours, sinn mat kengem anere Circuit ze vergläichen. An deen huet et an sech: enk Stroossen, kaum Plaz fir ze iwwerhuelen.. all Feeler ass e Feeler ze vill.

Wa sech all d‘Elementer géint ee verschwuer hunn

Wéi et ëm d‘Qualifikatioun gaangen ass, war d‘Pist nach zimlech fiicht an dem Dylan bewosst, déi séier Zäite wäert et eréischt zum Schluss ginn. Hien ass et entspriechend virsiichteg ugaangen a siwe Minutte viru Schluss geléngt dem Lëtzebuerger déi séierst Ronn. Déi „Aner“ sinn awer och besser virukomm. Zwou Minutte viru Schluss ass d‘Qualifikatioun ofgebrach ginn, an dem Pilot vum Momo Megatron Lechner Racing Team konnt sech net méi verbesseren.

Monte-Carlo

© Porsche Mobil 1 Supercup, Monaco

Dorausser ergëtt sech, datt den Dylan Pereira vu Startplaz 5 an d‘Course gaangen ass. Den Depart, en Element vun der Course deen eisen Espoir gutt am Grëff huet, ass fir Monte-Carlo ee vun de wichtegste Momenter, well oft rennentscheedend. An der éischter Kéier huet de Lëtzebuerger missen eppes méi zolidd an d‘Eise goen, fir de Konkurrent virun him net „ofzeschéissen“, wat vun der Konkurrenz schänterlech ausgenotzt ginn ass. Elo huet geheescht „kämpfen“.

An der Course selwer ass et verhältnesméisseg gutt gelaf an den Dylan Pereira hat sech am Grupp vun de Poursuivante ënnerbruecht, déi sech Chancen op déi drëtt Plaz maache konnten. Hei geléngt dem Lëtzebuerger a sengem Porsche Carrera GT3 Cup eng bescht Ronn no där anerer… bis an déi 11. Ronn. De Randsteen an enger Kéier schlecht getraff, kënnt zur Beréierung mat der Leitplank an den Dylan konnt d‘Course net weiderfueren. Et stécht een net ëmmer dran.

De Porsche Mobil 1 Supercup ass kee Kannergebuertsdag

Elo ass et natierlech immens Schued, datt de Lëtzebuerger net wéi nach am Virjoer zu Monte-Carlo Punkte fir säin Team a sech gesammelt huet. Wann dann awer vun der Performance vum Weekend zréckzebehalen ass, an dat sollt eis zouversiichtlech stëmmen, den Dylan ass ganz gutt ënnerwee. Déi schwaarz Serie muss jo och emol en Enn fannen, kernonzéngpëppel an der Dänn an am Schaf.

Monte-Carlo

© Porsche Mobil 1 Supercup, Monaco

De Pilot selwer, ass natierlech och mam Ausgang vun der Course net zefridden, versprécht awer sech nees zu Wuert ze mellen. Dat kann hien dann och schonn um Red Bull Ring an Éisträich (7. bis 9. Juni) behäerzegen. Hei fannen déi 6. a 7. Manche vum Porsche Carrera Cup Däitschland statt. Hei konnt sech de Lëtzebuerger dat lescht Joer nach net duerchsetzen, dann eben 2019, oder?

Resultater Monte-Carlo:

  • 1. Michael Ammermüller (DE)
  • 2. Ayhancan Güven (TR)
  • 3. Julien Andlauer (FR)
  • DNF Dylan Pereira (LU)

Generalklassement:

  • 1. Michael Ammermüller (DE)
  • 15. Dylan Pereira (LU)

Méi vum an iwwert den Dylan:

Opmaacher Bild: © Lechner Racing

Ähnlech Sujeten Dylan Pereira, Momo Megatron Lechner Racing, Motorsport, Porsche Carrera Gt3 Cup, Porsche Mobil 1 Supercup
Nächsten Artikel Virrechten Artikel