Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Impeachment: Déi „orange“ Säit schléit zréck
Meenung Neiegkeeten

Impeachment: Déi „orange“ Säit schléit zréck

An engem Schreiwes dat haut vum Wäissen Haus publizéiert ginn

Fräiheet fir déi katalanesch politesch Prisonéier
Meenung Neiegkeeten

Fräiheet fir déi katalanesch politesch Prisonéier

E Méindeg sinn schwéier Prisongsstrofe géint katalanesch politesch Leader verhaange

SHARKO – Um 21. Februar am klenge Sall vun der Kulturfabrik!
Meenung Neiegkeeten

SHARKO – Um 21. Februar am klenge Sall vun der Kulturfabrik!

Mam éischten Album Feuded huet alles ugefaangen. Elo verséisst de

Deconfinement: Wéi eng Moossnamen fir Kanner mat spezifesche Besoinen?

Deconfinement: Wéi eng Moossnamen fir Kanner mat spezifesche Besoinen?

D’APCCA (Association du Personnel des Centres de Compétences et de l’Agence) ass bestierzt duerch de Fait, datt den Educatiounsminister sech nach ëmmer net zu de Mesuren zum Deconfinement fir d’Kompetenzzentren geäussert huet.

Bis haut huet de Claude Meisch et net fir néideg gehalen seng Recommandatiounen am Kader vun der sanitärer Kris ze äusseren, déi u Schüler mat spezifesche Besoinen an de Kompetenzzentren ugepasst sinn. Ee Mol méi schéngt et, datt déi schwächst Schüler vergiess gi sinn.

D’APCCA begréisst déi schoulesch Reprise an de Kompetenzzentren, mee fuerdert konkret Recommandatioune vum Ministère fir d’Personal an den Zentren an d’Eltere vun de Schüler. Aktuell stellt sech d’Personal vill Froen, zemools well de Respekt vun de globale sanitäre Moossname, déi vum Ministère annoncéiert goufen, sech als schwéier bis guer net ëmsetzbar erweisen (sou wéi beispillsweis d’Distanz vun zwee Meter tëscht de Persounen an d’Droe vun enger Mask).

Déi erweidert sanitär Moossname kënnen net wärend dem Cours vum Léierpersonal verséchert ginn, déi permanent Surveillance an Assistenz vun de Schüler steet am Virdergrond.

D’APCCA fuerdert, datt dat technescht Personal a senger Zuel fir d’Stonne wärend de Coursen gestäerkt gëtt, fir esou ee reegelméissegt Desinfizéieren vum pedagogesche Material ze garantéieren a fir Hëllef bidden ze kënnen, wéi beispillsweis beim Verdeele vun Iessen a Form vun enger „Lunch Box“, sou datt dat pedagogescht Personal sech exklusiv ëm den Encadrement vun de Schüler këmmere kann.

D’APCCA ënnersträicht, datt een Deel vun de Schüler riskéiert duerch de verschidde sanitär Moossname gestéiert ze ginn an datt déi schoulesch Reprise sech a sou engem Fall als onméiglech erweist. Wëll dës Schüler net forcement zu de vulnerabele Persoune gehéieren fuerdert d’APCCA, datt déi Professionell vun de Kompetenzzentren, zesumme mat de pedagogeschen Equippen (oder souguer medezineschen Ekippen) an den Elteren vun de Schüler iwwert déi verschidde pedagogesch, therapeutesch oder och diagnostesch Akten decidéiere kënnen.

Et ass entscheedend, datt ee vu Fall zu Fall de Stand vum Schüler analyséiert fir hinnen een entspriechenden psychopedagogeschen Encadrement ubidden ze kennen, ouni dobäi hir Gesondheet an déi vun de Professionellen op d’Spill ze setzen.

D’APCCA an den SEW/OGBL fuerderen, datt den MENJE, zesumme mat de verschidde Direktioune vun de Kompetenzzentren, prezis Reegelen a Recommandatiounen um sanitären a logisteschen Niveau definéiert. Dës Moossname mussen un d’Spezifizitéite vun all Kompetenzzenter ugepasst ginn an an enker Kollaboratioun mat de concernéierte Professionellen an der APCCA, als Representant vum Personal, ausgeschafft ginn.

Matgedeelt vun der APCCA an dem SEW/OGBL

Opmaacherbild: © Alireza Attari / Unsplash

Ähnlech Sujeten apcca, Claude Meisch, Deconfinement, Educatiounsministère, Fuerderungen, Kompetenzzentren, Schüler mat spezifesche Besoinen, SEW-OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel