Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Italien: Facebook bezilt beim Fisk seng Réckstänn
International Neiegkeeten

Italien: Facebook bezilt beim Fisk seng Réckstänn

Facebook huet acceptéiert, der italienescher Regierung, eppes iwwer 100 Milliounen

What the Fakt – D’Geschicht vun der éischter Häerztransplantatioun
International Neiegkeeten

What the Fakt – D’Geschicht vun der éischter Häerztransplantatioun

Haut viru 51 Joer huet d’Medezin een enorme Fortschrëtt gefeiert.

Naturpark Südeifel: dem Paschtouer säi Gaart am Gaisbachdall
International Neiegkeeten

Naturpark Südeifel: dem Paschtouer säi Gaart am Gaisbachdall

Wien sech gären an der Natur ophält, trëppele geet an

Mord oder Häerzinfarkt?

Den egyptesche Moslembruder an Ex-President Mohammed Mursi ass Dout

Mord oder Häerzinfarkt?

De Mohammed Mursi, kuerzzäitege President vun Egypten a Moslembruder (fundamentalistesch-radikal) ass während engem Geriichtsprozess verstuerwen. Hie war no enger kuerzer Ried „einfach Dout ëmgefall“ esou d‘Staatsmedien. Seng Unhänger an d‘Moslem-Brudderschaft gesinn e Mord!

Elo muss ee wëssen, datt de 67 Joer ale Mohammed Mursi net bei beschter Gesondheet war, firwat säin Affekot och ëmmer nees bei den Autoritéiten intervenéiert huet. Hie gëtt ze bedenken, datt net all Demande fir eng Behandlung ugeholl gi sinn. Den Ugekloten ass awer wéinst engem Tumor regelméisseg behandelt ginn, esou d‘Versioun vun den Autoritéiten.

Nodeems den ëmstriddene a virun allem fundamentalistesch reliéise Politaktivist bei Geriicht an d‘Gette gaangen an uschléissend verscheet ass, huet d‘Geriicht eng Autopsie ugeuerdent. Nodeems déi ofgeschloss war, huet de Procureur bekannt ginn, datt et keng Unzeeche fir rezent Verletzunge gëtt, een an dësem Fall dann och vun engem Häerzinfarkt géif ausgoen.

Zur Persoun

De Mohammed Mursi war 2012 als éischte fräi gewielte President vun Egypten kuerzzäiteg an de Fokus vun der internationaler Press geroden. Net well hien e Symbol vum sougenannten „arabesche Fréijoer“ war, mee virun allem well him ënnerstallt ginn ass, d‘Land zu engem reliéis orientéierte Staat auszebauen, an där primär d‘Usiichte vun der moslemescher Brudderschaft vertruede sinn.

2013 ass de Mohammed Mursi dann och gestierzt an uschléissend ënner Uklo gestallt ginn. Seng Unhänger behaapten sech op Mord a ruffen d‘Leit op massiv zu sengem Begriefnes ze kommen. Och den tierkesche President, Recep Tayyip Erdogan – selwer opportunistesch reliéis – gleeft dëser Behaaptung a fuerdert eng Enquête. Dat ass allerdéngs bëlleg Politik, mee et ass och den Erdogan.

Ze befierchte sinn Onrouen. Dat besonnesch beim Begriefnes an de begleedenden Trauerfeieren, déi ugesiichts de Virwërf vun den Unhänger vun der mëttlerweil verbuedener Brudderschaft, sécher deen een oder aneren zum „Opstand“ verleede wäert. D‘Autoritéite bereeden sech entspriechend vir.

mat indymedia/tlv

Foto: Den Egypteschen Ex-President Mohammed Mursi ass bei enger Geriichtsverhandlung gestuerwen. D‘Autoritéite behaapten sech op en Häerzinfarkt, seng Unhänger an den tierkesche President gi vu Mord aus. (AFP-Archiv 2015)

Ähnlech Sujeten Eypten, Islamismus, Mohammed Mursi, Moslembrudderschaft, Recep Tayyip Erdogan
Nächsten Artikel Virrechten Artikel