Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit-Austrëttsofkommen hëlt déi éischt Hürd
International Neiegkeeten

online dating soul destroying

Den Europäesche Rot huet haut dem Brexit-Austrëttsofkommen zougestëmmt an eng politesch Erklärung

dating zoosk profile
International Neiegkeeten

Italienesch Autoritéite leeë Rettungsschëff un d‘Ketten

Iwwer Facebook hat den italieneschen Transportminister, Danilo Tonelli, bekannt ginn,

Weltgesondheetsorganisatioun warnt viru Riedelen-Epidemie
International Neiegkeeten

Weltgesondheetsorganisatioun warnt viru Riedelen-Epidemie

Bei der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) zu Genève ginn se onroueg. Enn

Mosambik: Zyklon „Kenneth“ riicht schwéier Schied un

Mosambik: Zyklon „Kenneth“ riicht schwéier Schied un

Ofgedeckten Haiser an ëmgeknéckte Beem, kee Stroum a kee Waasser… den Zyklon „Kenneth“ huet nieft schwéierem Materialschued och Mënscheliewe gefuerdert. Et ass bannent sechs Woche schonn den zweeten Zyklon deen iwwert dëst ostafrikanescht Land ewechgezunn ass.

Wéi d‘Kollege vum Noriichteportal „Zitamar News“ bericht hunn, sinn an der nërdlecher Provënz Cabo Delgado Beem op Häipen an Haiser gefall, Stroumleitunge sinn einfach ewechgerappt ginn an de lokale Fluchhafen huet misse gespaart ginn. Och op der Insel Ibo (6.000 Awunner) huet den Zyklon masseg Schied verursaacht. Laut den Autoritéite wieren 90% vun den Haiser zerstéiert.

Zyklon

Mënsche wieren net zu Schued komm, heescht et weider. Et wier mat Zäite gewarnt ginn, an esou hätten d‘Bewunner vun der Insel sech an Festung vun der Insel kënnen a Sécherheet bréngen. De Katastropheschutz (INGC) weist drop hin, datt an der Schneis vum Zyklon, ronn 700.000 Mënsche liewen. Dovunner wieren der 30.000 preventiv a evakuéiert an a Sécherheet bruecht ginn.

 

Zyklon

© UNICEFmedia

D‘INGC deelt weiderhi mat, datt op mannst dräi Persounen am Kontext vum Zyklon verstuerwe sinn. Scho vun e Mëttwoch op Donneschdeg waren op de Komoren – eng Inselgrupp am indeschen Ozean – dräi Mënschen dem Onwieder zum affer gefall. Um Donneschdegowend hatt de „Kenneth“ den Norde vum Mosambik erreecht. Den Zyklon ass mat Wandspëtzte bis 200 Km/H „ukomm“…

Schwéier Folgen ze erwaarden

Während de meteorologeschen Déngscht mellt, datt den Zyklon sech „berouegt“ huet, bleift d‘Lag an der Regioun ugespaant. De Reen ass weiderhi „Sinflutaarteg“ an et misst ee mat gréisseren Iwwerschwemmunge rechnen. An héijer geleeë Géigende gëtt zudeem gefaart, datt et zu Äerdrëtsch komme kann. D‘Hëllefsorganisatiounen op der Plaz warne virun enger humanitärer Katastroph.

Zyklon

Nach hätt sech d‘Regioun net vum Zyklon Idai erholl, an d‘ONG „Care“ bekennt sech derzou, datt een net iwwer genuch Ressource verfüügt, fir d‘Folge vun dësem zweeten Zyklon ofzefiederen. Ganz esou dramatesch gesäit et d‘ONG „Dokteren ouni Grenzen“ (MSF) net, woubäi och si sech agestinn, un d‘Limitte vun hirer Leeschtungsfäegkeet ze kommen, besonnesch bei der Logistik.

Zyklon

No „Idai“ waren 1,8 Millioune Mënschen op Hëllef ugewisen, op enge 700.000 Hektar Land ass d‘Fruucht futti gaangen, an 900 Mënsche sinn beim Onwieder ëm d‘Liewe komm (600 eleng am Mosambik, 300 weider Persounen am Malawi an dem Simbabwe). Séier hu sech Krankheeten a Seuche verbreet. D‘Weltbank gëtt vun 2 Milliarden US-Dollar aus, fir d‘Land nees opzebauen.

mat indymedia/dur/tan

Foto: Déi meescht Haiser, Häipen a Schoulen sinn zerstéiert oder schwéier beschiedegt ginn. Familljen haten sech an der Kierch verschanzt, mee an de fréie Stonne vum Zyklon, ass den Dach vum Gebietshaus ofgedeckt Ginn. Affer sinn zum Gléck keng ze bekloen. © UNICEFmedia

Ähnlech Sujeten humanitär Hëllef, humanitär Kris, Mosambik, MSF, Unicef, Zykon
Nächsten Artikel Virrechten Artikel