Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Doudeger am Container schocken England
International Neiegkeeten

Doudeger am Container schocken England

An der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch huet

Den Donald Trump huet keng Loscht méi…
International Neiegkeeten

Den Donald Trump huet keng Loscht méi…

Fir den Donald Trump ass d‘Aart a Weis wéi d‘Medie

SC Beetebuerg vs CS Fola: „Näischt fir zaart Gemidder“
International Neiegkeeten

SC Beetebuerg vs CS Fola: „Näischt fir zaart Gemidder“

Vum éischten Ament un hunn d‘Damme vum SC Beetebuerg den

Däitschland: Eng Moschee fir den Erdogan?

Däitschland: Eng Moschee fir den Erdogan?

Gëschter huet den tierkesche President seng „Däitschlandrees“ mat der Aweiung vun der grousser Moschee zu Köln ofgeschloss. E „Staatsakt“ dee vu ville Manifestatioune begleet ginn ass, an en entspriechend konsequenten Asaz fir d‘Police gefuerdert huet.

De Recep Tayyip Erdogan, deem seng Muecht mat dem neie Mandat am Juli zolidd zougeholl huet, war mat senger Fra zu Köln, fir eng vun de gréisste Moscheeën aus Europa anzeweien. D‘Moschee gouf gebaut a finanzéiert vun der „Unioun fir tierkesch-islamesch Ugeleeënheeten“ (DITIB), déi dem politesche Pouvoir an der Tierkei „ganz no“ steet.

Et war dann och dem Erdogan seng lescht Etapp vun enger Staatsvisite déi vu ville kritesch begleet ginn ass. Den tierkesche President schéngt beméit gewiescht, d‘Blat ze wennen, no zwee Joer Sträit mat der däitscher Regierung. Bei senger Ried zur Aweiung vun der Moschee, huet de Recep Tayyip Erdogan, vun engem zefriddestellende „Bilan“ geschwat.

Kee wollt sech mat him weisen

Esouvill Begeeschterung war him net zougetraut ginn. E Freideg nämlech, no engem Véier-Ae Gespréich mat der Bundeskanzlerin Angela Merkel, sollt et zu engem grousse Banquet kommen, deen allerdéngs „am klenge Krees“ stattfonnt huet. Dat nodeems eng ganz Partie Politiker dëser Invitatioun net nokomm sinn. Et wollt een net mam „Sultan“ op enger Foto sinn… Alle béid hunn sech awer e Samschdeg op e Kaffi getraff, iert den tierkesche President op Köln geflunn ass.

Moschee

D‘Supporter vum Recep Tayyip Erdogan haten hir Plakater matbruecht. Si sinn iwwerzeegt, datt hire President der Tierkei nees hir al gréisst erëmgëtt, a ware begeeschtert, datt hien no laanger Absence nees an Däitschland konnt optrieden. © Sascha Schuermann/AFP

Hei huet de Recep Tayyip Erdogan en Appell un Europa geriicht. Hie huet d‘Europäer opgefuerdert sech dem Kampf géint d‘Terroriste vun der kurdescher Aarbechterpartei PKK, an den Ënnerstëtzer vun der Fethullah Gülen Bewegung, unzeschléissen. Déi sollten, wann et dem Erdogan nogeet, op dësem Kontinent néierewou Schutz fannen.

Den tierkesche President huet zu Köln dem däitsche Fussballer mat tierkesche Wuerzelen, Mesut Özil, seng Ënnerstëtzung verséchert. De Sportler wier wéinst senger Hierkonft ausgegrenzt ginn. Tatsächlech huet sech de Mesut Özil vun der „Mannschaft“ getrennt. Grond fir dës Entscheedung wier de Rassismus vun engem Deel vun der Federatioun. Datt hie mam Erdogan, matten an der Wahlcampagne fir eng Foto poséiert, an esou fir Polemik gesuergt huet, muss him entgaange sinn.

Protest a Begeeschterung

Zu Köln haten sech gutt 2.000 Oppositioneller op de Besuch vum tierkesche President virbereet. Ënnert hinnen och vill Kurden. De Slogan vun dëser „Protestbeweegung“: „Erdogan du bass net wëllkomm!“. De Cansu, e Student vun 30 Joer, huet de laange Wee aus der Schwäiz op sech geholl fir seng Solidaritéit mat der Oppositioun ze weisen. Zu Erdogan seet hien: „Den Erdogan denkt, datt alles wat vu senger Meenung ofwäicht, Terrorismus ass“.

Op där anerer Säit: honnerte Supporter vum tierkesche President. Si hunn d‘Fändele geschwenkt a ware sichtlech begeeschtert dem „Papp vun der Natioun“ géinteniwwer ze stoen. Aus Sécherheet, sinn awer nëmmen ausgewielte „Supporter“ bis zu Moschee virgelooss ginn. De Yusuf Simsek, en Informatiker vun 42 Joer: „Déi aner Länner ënnerstëtzen hien net onbedéngt, mee dat wat hie fir säi Vollek gemaach huet gëtt appreciéiert. Soss wier hien och net demokratesch erëmgewielt ginn“.

Hie war dann och béis enttäuscht, net konnte bis zur Moschee ze gelaangen. D‘Autoritéite vu Köln haten den Zougank zu Moschee, déi bis zu 2.000 Gleeweger ophuele kann, zolidd ageschränkt. De Bau vun dësem Gebai hat 2009 ugefaangen, dat trotz enger grousser Oppositioun an enger hefteger Kontrovers op lokalem Niveau. Déi éischt Gleeweg konnten dann awer schonn 2017 hei bieden.

Et wollt sech och hei kee mat him weisen

Mat senge 55 Meter héije Minaretter, enger 36 Meter héijer Kuppel, soll d‘Moschee vu Köln, eng Struktur aus Glas a Bëtong, d‘Ëffnung duerstellen. Esou zumindest stellt et den Architekt Paul Böhm duer. Dës Moschee ass eng vun den androcksvollsten an Europa. Si ass am Quartier vun Ehrenfeld, net wäit vum Kölner Fernsehtuerm ewech, geleeën. Si notzt eng Fläch vu 4.500 M².

Bei der Aweiung, ass dem tierkesche President net besser ergaange wéi beim Banquet. Och bei dësem Staatsakt, wollt kee sech esou wierklech mam Recep Tayyip Erdogan weisen. Kee wollt et riskéieren, mat senger Presenz d‘Politik vun engem Autokrat ze ënnerstëtzen. Déi politesch Leader vum „Bundesland“ werfen zudeem der DITIB vir, net Transparent beim Bau virgaangen ze sinn.

Moschee

Se waren net all „begeeschtert“ vum Besuch. © Sascha Schuermann/AFP

Schlëmmer nach: si beschëllegen d‘DITIB, eng reliéis Institutioun, d‘Interesse vum Erdogan-Regimm ze verdeedegen. Dat ass e Fakt, a wann ee bedenkt, datt d‘DITIB d‘Gestioun vu ronn 900 Gebietshaiser huet, an deenen nëmmen Imamen aus der Tierkei d‘Soen hunn, da kann een op komesch Gedanke kommen. D‘DITIB kritt dann och virgeworf, d‘Tierken an Däitschland ze iwwerwaachen an Oppositioneller bei der Regierung vun Ankara unzeschwäerzen.

Op Investitiounen aus Däitschland ugewisen

Datt den Erdogan nees méi e „frëndlechen“ Toun géintiwwer Däitschland ugeschloen huet, läit net dorunner, datt hien elo seng Meenung grondleeënd geännert hätt. Et ass villméi esou, datt den Erdogan sech mat enger Finanzkris muss ausenanersetzen, déi hie selwer provozéiert huet. Säin amerikanesche Frënd wéist him déi kal Schëller, an och soss huet hien net méi vill Frënn.

An Däitschland liewen awer dräi Millioune Mënsche mat entweder tierkescher Nationalitéit oder tierkesche Wuerzelen. Alles Bierger déi un de Walen an der Tierkei dierfen deelhuelen, an fir déi meescht vum Recep Tayyip Erdogan senger Politik schéngen iwwerzeegt ze sinn. A gewësse Sënn en Dilemma. D‘Tierken an Däitschland ënnerstëtzen eng Politik an hirer Heemecht, déi hinnen déi (demokratesch) Fräiheet verbitt, déi si an hirer „neier“ Heemecht afuerderen.

Net ze vergiessen, datt 2017, den tierkesche President net grad „charmant“ mat den Däitschen ëmgaangen ass. Hien huet si als Faschisten an Nazien duergestallt, d‘Bundeskanzlerin an hir Regierung zolidd beleidegt, an och ëmmer nees domatter gedreet, d‘Grenzen a Richtung Europa fir d‘Flüchtlingen opzemaachen. Säi „Rapprochement“ iwwerzeegt dann och kaum een aus der Regierungskoalitioun. Den „Dissens“ ass net vum Dësch, och wann een Dialogbereetschaft weist.

mam Michelle Fitzpatrick an dem Mathieu Foulkes/AFP

Foto: Déi nei „Zentral-Moschee“ vun der DITIB, de reliéis-politeschen Aarm vum Regimm vun Ankara. An dësem Gebietshaus hu bis zu 2.000 Gleeweger Plaz. © Patrik Stollarz/AFP

Ähnlech Sujeten Angela Merkel, Köln, Moschee, Recep Tayyip Erdogan, Staatsbesuch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel