Search

You may also like

Iran: De President Rohani kuckt schwieregen Zäiten entgéint
Neiegkeeten

Iran: De President Rohani kuckt schwieregen Zäiten entgéint

Fënnef Joer nodeems den iranesche President Hassan Rohani un d‘Muecht

Feldbouschéissen: De Gilles Seywert hëlt sech verdéngt de Meeschtertitel
Neiegkeeten

Feldbouschéissen: De Gilles Seywert hëlt sech verdéngt de Meeschtertitel

Am Kader vun der nationaler Meeschterschaft am Feldbouschéissen, huet de

Giel Gileten Akt XV: Nëmmen net noloossen!
Neiegkeeten

Giel Gileten Akt XV: Nëmmen net noloossen!

Et war de 15. Samschdeg an der Folleg, datt de

Éischte Mosel Clean Up – 40 Fräiwëlleger hunn d’Ufer vun Offall befreit

E Samschdeg hu sech zuelräich Fräiwëlleger zu Gréiwemaacher zesummefonnt, fir mat engem schaarfsënnege Bléck, Gräifzaang an Händschen de Knascht laanscht d’Musel opzerafen. Dobäi huet den éischte sougenannte Mosel Clean Up och Membere vun der Ligue Luxembourgeoise d’Hygiène Mentale a Sea Shepherd Luxembourg ugezunn.

Gläichzäiteg zur Botzaktioun op der däitscher Säit vun der Musel (et konnt een de fläissege Kollege souguer zouwénke bei der Aarbecht) hu ronn 40 engagéiert Persoune vun all Alter, ënnerdeelt a 4 Gruppe laanscht de grousse Floss Plastiksfläschen, Béchsen, Verpakungen a weideren Offall, deen d’Knaschtpittien an d’Dreckskättien an d’Ëmwelt geschmass hunn, an de bloen Tute gesammelt.

Ma, wärend Sea Shepherd Luxembourg bei esou Clean Ups virun allem ëmmer vill Béchse vun Energydrinks fënnt, huet een dës Kéier éischter riseg Quantitéiten un Zigarettestëmp virfonnt. Nom Motto „Kleinvieh macht auch Mist“ koum schlussendlech awer en décke Koup Offall zesummen.

Clean Up

Maacher Lycée / Facebook

Dobäi ass dësen Dreck net nëmmen onschéin unzekucken. Verschidden Deeler gi vum Wand bis an d’Waasser virugedroen. Se zersetzen sech net komplett, mee verfalen an ëmmer méi kleng Stécker, déi schliisslech am Kierper vun den Déieren erëmzefanne sinn. Jee no Quantitéit kann dësen onfräiwëllege Konsum vu Plastik déidlech fir si ausgoen.

Wéi wier et also, an Zukunft säin Offall an der Poubelle ze entsuergen? Esou schwéier ass et jo net, säi Knascht nees mat Heem ze huelen, wa grad keng aner Méiglechkeet besteet. D’Natur seet Iech Merci an Dir erfreet Iech an engems un enger méi schéiner Vue op d’Landschaften.

Organiséiert gouf de Mosel Clean up iwwregens vum Ëmweltgrupp ML Green vum Maacher Lycée, zesumme mat der Stad Gréiwemaacher. Iwwert eng Streck vun 10 Kilometer ass d’Muselufer bis an d’Nopeschgemenge Wuermer a Mäertert era propper gemaach ginn.

Iwwregens: E Samschdeg ass World Clean Up Day! Ënnert anerem kënnt Dir un der Botzaktioun am Mëllerdall (organiséiert vum ORT Regioun Mëllerdall, dem Natur- & Geopark Mëllerdall, sou wéi der FLERA – weider Informatiounen HEI), respektiv an der Stad Lëtzebuerg (organiséiert vun CRJ AMIGO – ASTI asbl a La Jeune Chambre Économique de Grand-Duché de Luxembourg – weider Informatiounen HEI) deelhuelen.

Uewen fannt Dir och eng Billergalerie zum Clean Up.

Related topics Botzaktioun, Dreck, Entsuergung, Floss, Gréiwemaacher, Knascht, Maacher Lycée, Mosel Clean Up, Muselufer, Offall, Oprafen, Plastik, Propper, Sea Shepherd Lëtzebuerg asbl, Verpakungen, Waasser, World Clean Up Day, Zigarettestëmp
Next post Previous post