Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schwéier zesummestéiss bei Protest an Albanien
International Neiegkeeten

https://moien.lu/introduction-for-dating-sites-examples/

An der albanescher Haaptstad Tirana ass et um Samschdegowend zu

https://moien.lu/dating-meaning-in-spanish/
International Neiegkeeten

Bei der POST ass nach ëmmer Sand an der Mechanik

Den 29. Abrëll hat de Vizepremier a Wirtschaftsminister Etienne Schneider

D‘Eisebunner stellen sech um Kierchbierg den EU-Transportminister entgéint
International Neiegkeeten

D‘Eisebunner stellen sech um Kierchbierg den EU-Transportminister entgéint

Laut eiser Police, waren et ronn 250 Eisebunner aus Lëtzebuerg,

Moskau a Kiew hunn d‘Staatsbiergerschaft an der Promotioun

Wien huet e Pass, wien brauch nach een?

Moskau a Kiew hunn d‘Staatsbiergerschaft an der Promotioun

Mëtt leschter Woch hat de Vladimir Putin per Dekret entscheet, datt et de Bierger an der Ostukrain méi einfach soll gemaach ginn déi russesch Staatsbiergerschaft ze erhalen, an esou e russesche Pass. Dës Moossnam war an der europäescher Unioun net gutt ukomm, an elo huet den neie President vun der Ukrain, Volodymyr Selenski decidéiert, de russescher Bierger dat selwecht unzebidden.

An enger Deklaratioun géintiwwer de Medien huet den ukrainesche President gesot: „Mir wäerten déi ukrainesch Staatsbiergerschaft u Vertrieder vun alle Vëlker ginn, déi ënnert engem autoritären a korrupte Regime leiden. Hei an éischter Linn de Russen, déi wuel den Ament am meeschte leiden“. De Volodymyr Selenski huet datt ganzt mat engem treffenden Argument ënnermauert: „Am Ënnerscheet zu Russland gëtt et an der Ukrain, Meenungsfräiheet, fräi Medien an e fräit Internet“.

Esouwäit esou gutt. De feiere Schauspiller hätt awer nach missen drop hiweisen, datt d‘Ukrain sech leschten Donneschdeg en neit Sproochegesetz ginn huet. Laut dësem Gesetz kann nëmmen deen déi ukrainesch Staatsbiergerschaft erhalen, deen och der Landessprooch mächteg ass. Hien huet dann awer annoncéiert, datt hien, wann hie bis am Amt ass, dëst Gesetz nach emol iwwerpréiwe wëll.

Pabeier ass gedëlleg

Zu Moskau dogéint, ass dem Vladimir Putin säin Dekret – laut deem d‘Ukrainer, déi e stännege Wunnsëtz an de Gebidder „Donezk“ a „Luhansk“ hunn, an engem erliichterte Verfahren déi russesch Staatsbiergerschaft ufroe kënnen – ënnerschriwwen. De russescher President huet zudeem ugedeit, datt dës „Aluedung“ un all d‘Bierger vun der Ukrain kéint ausgewäit ginn…

Mee dat ganzt ass kee neie Phenomen, an zu Bréissel sollt een net ze staark op d‘Tromm schloen. Et dierf hei net vergiess ginn, datt dem Volodymyr Selenski säi Virgänger, de Petro Porochenko, och zimlech fräizügeg mat der Vergab vu Päss ëmgaangen ass. De fréiere President vu Georgien hat am Handëmdréien déi ukrainesch Staatsbiergerschaft erhalen, iert de Porochenko säi wierklech Gesiicht erkannt huet, de Pass nees zréckgezunn an de Mikheil Saakashvili aus dem Land gehäit huet.

An engem Communiqué heescht et, datt de Selenski oppe wier, fir Gespréicher mam russesche President: „Ech hoffen datt beim nächsten Normandie-Sommet, Russland seng Bereetschaft zur Deseskalatioun demonstréiert. (…) Ech wëll nach emol betounen, datt ech fir Verhandlungen antrieden“. Hei sollt awer als éischt d‘Lag an de Separatistegebidder gekläert ginn, ouni d‘EU…

mat indymedia/mow

Foto: © RJA (Archiv)

Ähnlech Sujeten Kiew, Moskau, Pass, Russland, Staatsbiergerschaft, Ukrain, Vladimir Putin, Volodymyr Selensky
Nächsten Artikel Virrechten Artikel