Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Serge Wilmes: D’Ongläichgewiicht blockéiert d’Stad
International Neiegkeeten

Serge Wilmes: D’Ongläichgewiicht blockéiert d’Stad

Den allgemenge Bebauungsplang vun der Eko-liberaler Majoritéit daacht näischt. Dëser

D‘KPL ass wäit méi wéi eng ausserparlamentaresch Oppositioun
International Neiegkeeten

D‘KPL ass wäit méi wéi eng ausserparlamentaresch Oppositioun

Et war en iwwersiichtlechen Empfang fir Neijoerschdag, deen d‘KPL am

D‘NATO op Besuch am Wäissen Haus
International Neiegkeeten

D‘NATO op Besuch am Wäissen Haus

70 Joer al gëtt se déi nordatlantesch Militärallianz NATO, a

Syrien: Moskau uerdert eng Waffepaus an der Ghuta un

Syrien: Moskau uerdert eng Waffepaus an der Ghuta un

Russland, de Partner vum syresche Regimm, huet um Méindeg eng humanitär Waffepaus ugeuerdent. Dat ëstlecht Ghuta war, esou eng ONG, nach um Méindeg schwéier bombardéiert ginn.

„Op Uerder“ vum President Vladimir Putin, a fir „Affer ënnert den Zivilisten ze verhënneren, gëtt ab dem 27. Februar, all Dag eng Waffepaus tëscht 09.00 an 14.00 Auer agefouert“. Esou gëtt de russesche Verdeedegungsminister, Sergueï Choïgou, vu russesche Presseagenturen zitéiert.

„Fënnef Stonnen ass besser wéi guer keng Stonnen, mee mir hätten trotz allem gären, datt d‘Wafferou fir 30 Deeg gëllt, esou wéi dat vum UN-Sécherheetsrot bestëmmt ginn ass“, esou den UN-Spriecher, Stéphane Dujarric. „Mir wäerten eist Bescht maachen (…) fir eis Camionen a d‘humanitär Hëllef an der Zone anzesetzen“.

De Sergueï Choïgou preziséiert, datt „humanitär Couloiren ageriicht ginn“, fir d‘Evakuéierung vun Zivilisten ze erlaben. „D‘Koordinate wäerte mat Zäite bekannt gemaach ginn“, esou de russesche Verdeedegungsminister. Hie stellt awer kloer, datt den Drock op d‘Rebellen an der ëstlecher Ghuta nach wäert zouhuelen.

An de leschten 48 Stonnen huet d‘Intensitéit vum Bombardement ofgeholl. Mee d‘Loftschléi géint d‘Stied vun der Ghuta hunn zanter dem 18. Februar 550 Affer ënnert der Zivilbevëlkerung gefuerdert. Um Méindeg solle weider 22 Persounen zu Douma hiert Liewe verluer hunn.

„D‘Bombardementer géint d‘Ghuta hu gëschter um 16 Auer (Lokalzäit) opgehalen, fir dann am Owend begrenzt nees anzesetzen“, esou den Direkter vum syreschen Observatoire fir Mënscherechter (SOHR), Rami Abdel Rahmane, géintiwwer der AFP. De Beschoss mat Artillerie hätt an der Regioun vun al-Marj net opgehalen. Hei sti regimmtrei Truppen de Rebelle vum Grupp Jaych al-Islam géinteniwwer.

Dschihadisten evakuéiert

Déi russesch Ukënnegung an déi partiell Astellung vun de Bombardementer kommen zu engem Moment, wou d‘UNO an eng Partei westlech Muechte gefuerdert hunn, datt déi vum UN-Sécherheetsrot gefaaste Resolutioun direkt ëmgesat soll ginn. Eng Resolutioun, déi esou vun de Konfliktparteien nach net ugeholl ze si schéngt.

Um Méindeg huet de franséische President Emmanuel Macron, dann och matdeele gelooss, datt hie besuergt wier, well trotz der Resolutioun d‘Loftschléi net ophalen. Fir wéinstens op diplomateschem Niveau virun ze kommen, flitt de franséischen Ausseminister Jean-Yves Le Drian nach haut op Moskau. Dee soll Russland iwwerzeegen d‘Wafferou a Syrien duerchzesetzen.

Och Bréissel huet gefuerdert, datt direkt soll opgehale ginn ze schéissen. Dat fir der humanitärer Hëllef Zougang an d‘Evakuatioun vun der Blesséierten ze erméiglechen.

D‘Rebellen, hei notamment Jaych al-Islam a Faylaq al-Rahmane, hunn an engem viru véier Deeg un d‘UNO adresséierte Bréif bekannt gemaach, datt si et net wäerten zouloossen, datt Zivilisten „deplacéiert oder evakuéiert“ ginn. Domatter refuséieren se eng Propose, déi d‘Russe beim Regimm duerchgesat kritt hunn.

D‘Argument vun de Rebellen op Twitter: „Zivilisten zu engem Depart ze zwéngen, oder den Doud ënnert de Bombardementer (…) ass e russescht Verbriechen dat ee muss denoncéieren“.

D‘Leader vun Jaych al-Islam a Faylaq al-Rahmane hunn awer matgedeelt, datt de Grupp vun Dschihadisten, Hayat Tahrir al-Cham, sech bereet erkläert huet d‘Zone ze evakuéieren. Si hale wuel nëmmen e puer Stellungen, déi se awer fir d‘Astelle vun de Bombardementer bereet sinn ze raumen.

Dat kann esou net goen…

Schonn 2016 hat Russland eng ähnlech humanitär Wafferou beim Kampf ëm Aleppo ugekënnegt. Humanitär Couloire waren ugeluecht ginn, mee si kaum vun den Ziviliste genotzt ginn. Eréischt no de grousser Offensiv vum Dezember 2016, woubäi d‘Rebelle schwéier Verloschter erlidden haten, konnten dausenden Zivilisten evakuéiert ginn.

„Dës Wafferou mécht kee Sënn, et ass e Virschlag dee muss scheiteren“, iergert sech de Abou Adnan, en Awunner vun der ëstlecher Ghuta géintiwwer der AFP. „D‘Russe sinn un de Kampfhandlunge bedeelegt. Mir kënnen hinnen net vertrauen“.

An iert Moskau seng Ukënnegung bekannt ginn hat, huet den UN-Generalsekretär Antonio Guterres all déi Bedeelegt opgeruff, déi vun de Vereenegten Natioune decidéiert Wafferou anzeféieren. D‘Regioun Ghuta wier „d‘Hell op der Äerd“, esou de Guterres.

Et ass dann och ze bedenken, datt déi ganz Regioun vu der ëstlecher Ghuta zanter 2013 belagert gëtt, an déi estiméiert 400.000 Awunner kaum Zougang zu Liewensmëttel hunn, eng medezinesch Versuergung eigentlech onvirstellbar ass, ganz ofgesinn, datt et och kaum nach Medikamenter kann op der Plaz ginn.

An der Ghuta spillen sech dann och dagdeeglech déi gläich tragesch Zeenen of. Kanner déi d‘Gesiichter mat Wonnen iwwerséit hunn, Männer vu Kapp bis Fouss bandagéiert, Kranker an iwwerfëllten an zerstéierte Spidäler. Onpasséierbar Stroossen, agefallen Haiser, Doudeger déi wéinst de Bombardement net ze begruewe sinn.

Mee et mécht sech dann awer eppes ewéi „Rou“ breet. Dat ganzt an engem Kontext, wou op e neits rieds vum Asaz vu chemesche Waffen ass. Esou beriicht d‘SOHR, datt um Sonndegowend 14 Erstéckungsfäll notéiert gi wieren, dorënner e Kand, dat un de Folge gestuerwen ass. Op Chlorgas agesat ginn ass, léisst sech esou nach net bestätegen.

mam Hasan Mohammed/AFP

Foto: Arbin, eng vun de ville Stied an der ëstlecher Ghuta, där vun de Rebelle besaten Enklav. D‘Awunner waarden hei op eng Wafferou, där se selwer net trauen. D‘Rebellen loossen d‘Leit awer och net fortgoen. © Abdulmonam Eassa/AFP

Ähnlech Sujeten Damaskus, Ghuta, Moskaum, Syrien, UN-Sécherheetsrot
Nächsten Artikel Virrechten Artikel