Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Stad Lëtzebuerg iwwer Ouschteren touristesch gutt besicht
Neiegkeeten

D‘Stad Lëtzebuerg iwwer Ouschteren touristesch gutt besicht

De Luxembourg City Tourist Office (LCTO) huet mat vill Freed

Den europäeschen Haftbefeel géint den Carles Puidgemont, erkläert
Neiegkeeten

Den europäeschen Haftbefeel géint den Carles Puidgemont, erkläert

De fréiere President vu Katalounien, Carles Puidgemont, ass mëttels engem

Lët‘z Say No: E Signal setzen, d‘Mënsche sensibiliséieren!
Neiegkeeten

Lët‘z Say No: E Signal setzen, d‘Mënsche sensibiliséieren!

An den nächsten Deeg gi markant Staatsgebaier (Cité Judiciaire, Bourse,

Firwat feelt et eis u Motivatioun op der Aarbecht?

Firwat feelt et eis u Motivatioun op der Aarbecht?

Motivatioun vun den Lëtzebuerger Salariés ass am europäeschen Verglach éischter mëttelméisseg. Dëst weist d’Studie Quality of work Index, déi den 26. Juli 2017 verëffentlecht ginn ass. Ënnersicht gouf d’Aarbechtssituatioun an d’Motivatioun vun den Aarbechter zu Lëtzebuerg. An dobäi spille vill ënnerschiddlech Faktoren eng Roll.

Bei den Analysen huet sech eraus gestallt, dass et verschidden demographesch Variabele ginn, déi en Afloss op d’Motivatioun vun den Salariéen hunn. Déi europäesch Studie EWCS weist, dass et praktesch keng Ënnerscheeder tëscht männlechen an weiblechen Aarbechter punkto Motivatioun gëtt. Déi 16- bis 24-Järeg sinn déi, déi am mannsten Motivatioun op der Schaff weisen. An deenen verschiddenen Alterskategorien gëtt et awer keng signifikativ Ofwäichungen. Dat selwecht Bild bitt sech  bei deenen Leit mat, respektiv ouni Partner, bezéiungsweis mat oder ouni Kanner.  D’Ënnerscheeder an der Motivatioun sinn am groussen an ganzen geréng.

Féierungspositioune motivéieren zousätzlech

Differenzen an der Motivatioun tëscht Leit mat engem CDI an engem CDD konnte net festgestallt ginn. Leit déi nach net sou laang an engem Betrib schaffen si méi motivéiert, wéi déi Aarbechter, déi schonn méi laang fir d’Entreprise schaffen. Mataarbechter op Féierungspositiounen schéngen méi motivéiert wei Leit, déi keng féierend Positioun hunn. Manager an Leit, déi am Déngschtleeschtungssecteur schaffen, sinn déi mat der héchster Aarbechtsmotivatioun. Am mannste motivéiert sinn Hëllefsaarbechter.

Ënnersicht gëtt och d’ Motivatioun an deene verschiddenen Secteuren. Dobäi ass festgestallt ginn, dass Mataarbechter vun ONG méi motivéiert sinn fir ze schaffen wei Leit déi am privaten oder staatlechen Secteur beschäftegt sinn. An klengen an mëttelgroussen Betriber sinn d’ Salariés méi motivéiert wei an groussen Betriber. Wann d’Zuel vun den Salariés konstant bleift ass d’Motivatioun vun den Aarbechter méi héich wei wann Beschäftegungszuelen permanent schwanken. Keen groussen Ënnerscheed geet festgestallt tëscht Organisatiounen mat oder ouni Kollektivvertrag.

Den Quality of work Index weist och dass Aarbechtszäit een wichtegen Faktor ass wann em d’ Motivatioun geet. Et gelt wat Aarbechtszäit méi kuerz ass wat Motivatioun méi héich ass.  Salariés déi keng atypesch Aarbechtszäiten  hunn sinn méi motivéiert wéi déi Leit mat “normalen” Aarbechtszäiten. D’Motivatioun vum Salarié klëmmt, wann d’Stonnen déi vertraglech festgeluecht sinn mat sengen Wonschvirstellungen iwwereneen stëmmen.

Aarbechtsklima huet e staarken Afloss

Des Weideren besteet en Zesummenhang tëscht der Motivatioun vum Employé souwéi den psychosozialen Aarbechtsbedingungen.  Zu engem positiven Aarbechtsklima dréit Kooperatioun tëscht Aarbechtskollegen an d’Participatioun u wichtegen Entscheedungen bäi. Negativ op d’Motivatioun wierkt sech Mobbing aus.

Mee net nëmmen déi psychosozial Aarbechtsbedingungen spillen eng Roll. Gekuckt gouf och déi gesamten Aarbechtssituatioun. Employéen déi sech keng Suergen em hir berufflech Zukunft mussen maachen sinn méi motivéiert wéi hir Aarbechtskollegen. D’ Etude weist och, dass Leit, déi mat hirem Akommes zefridden sinn an zudeem nach eng grouss Unzuel un Ausbildungs- an Opstiegsméiglechkeeten hunn, méi motivéiert sinn. Salariés déi kierperlech mussen schaffen hunn tendenziell manner Motivatioun.

Déi leschten Dimensioun op déi an der Studie higewisen geet ass “d’ ‘Well-Being”. Et geet een generellen Zesummenhang tëscht der Motivatioun an dem allgemengem Wuelbefanne souwéi der Zefriddenheet op der Aarbecht. Eng Persoun déi sech op der Aarbecht wuelfillt, well se respektéiert geet huet eng méi héich Motivatioun wéi eng Persoun wou dat net den Fall ass. Employéen déi generell mat gesondheetlechen Problemer ze kämpfen hunn sinn tendenziell manner motivéiert.

Des Etüd gouf an Zesummenaarbecht vun der Chambre des Salariés an der Uni Lëtzebuerg duerchgefouert.

Ähnlech Sujeten Aarbecht, EU, Lëtzebuerg, Motivatioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel