Kënne méi Zeechen Twitter op d’Spréng hëllefen?
Twitter huet déi lescht Joer fir vill schlecht Noriichte gesuergt.
Twitter huet déi lescht Joer fir vill schlecht Noriichte gesuergt.
Aus dem liberale Logementsministère waren et um Dënschdeg gutt Nouvellen
De Kanton Esch-Uelzecht ass vun der Populatioun hier dee gréissten.
Um fréie Mëttwochowend war an der Escher Märei de Vernissage vun enger klenger Ausstellung. Déi huet den eigentlech den Zweck, eis friemlännesch Matbierger ze animéieren, dach un de Gemengewahlen deel ze huelen. En Opruff, deen uechtert d’ganzt Land gemaach gëtt an zu Esch eng gewëssen Dynamik entwéckelt huet.
Organiséiert gëtt d’Ausstellung vun der Integratiounskommissioun, mam Service vun der Chancëgläichheet an Zesummenaarbecht mat der ASTI an der frëndlecher Ënnerstëtzung vun der Escher Gemeng. Fir de Vernissage haten sech eng gutt 20 Leit nieft den Vertrieder vun der Gemeng an den Organisateuren afonnt. No de Riede gouf sech beim traditionelle Patt iwwert d’Informatiounscampagne ausgetosch.
Fir d’Laura Zuccoli vun der ASTI ass d’Ausstellung, déi u sech ee Remake vun 2011 ass, ee ganz wichtege Bäitrag fir en Zesummeliewen op Aenhéicht an eiser Gesellschaft ze erméiglechen. U sech een ale Sujet, dee weiderhin héich aktuell bleift an eis alleguerten eppes ugeet. Wéi wichteg et ass a wéi zerrappt eis Gesellschaft bei dësem Sujet ass, konnt d’Laura Zuccoli no senger „Carte Blanche“ op RTL (Gemengewahle fir Net-Lëtzebuerger: Wien huet eppes matkritt?) erliewen.
E Shitstorm war duerch d’sozial Netzwierker gezunn. Wat u sech däitlech mécht, firwat méi mat alle Bedeelegte muss geschwat ginn. A wann d’Leit et net bei der éischter Erklärung verstinn, muss een et alt nach eng Kéier ugoen. Natierlech muss een och op d’Bedenke vun de Leit agoen an d’Argumenter, déi u sech all derfir schwätzen, mat beduecht virgeluecht ginn.
„Nach di mir eis schwéier, d’Leit ze iwwerzeegen“
Als Member vum Gemengerot a President vun der Integratiounskommissioun ass den Dan Codello (LSAP) erfreet iwwert déi gutt Zesummenaarbecht, déi am Kader der Integratiounspolitik zu Esch éischt Friichten dréit. Op den 14. Juni 2017 hate 2.046 Leit ageschriwwen, wat u sech net schlecht ass, dem Vertrieder vum Gemengerot awer net wäit genuch geet.
„Nach di mir eis schwéier, d’Leit ze iwwerzeegen“, seet eis den Dan Codello, deen och scho mat Kollegen aus der Stad Lëtzebuerg geschwat huet, wou d’Problemer ähnlech sinn. „D‘Ausstellung ass dann och just een Deel vun de sëllechen Aktiounen“, déi mat de verschiddene Servicer an Organisatioune gemaach ginn, fir d’Leit participéieren ze loossen.
„Et gëtt alles mënscheméigleche gemaach fir jidderengem d’Informatioune, Erklärungen an och déi vill gutt Grënn mat op de Wee ze ginn, firwat een net nëmmen um wirtschaftleche Liewen, mee och um politesche sollt deel huelen.“ Eppes wat een als bestätegt dierf ugesinn, besonnesch wann ee weess, datt et nach Infostänn op national Feierdag, fir d’Fête St. Jean an sonsteg Feierlechkeeten an der Gemeng wäert ginn.
Datt vill Leit sollen ofgeschreckt sinn vum Fait, datt wann ee sech emol ageschriwwen huet, ee sech dann och verflicht ëmmer un de Walen deelzehuelen, ass awer schwéier no ze vollzéien. Rechter a Flichte gehéieren zesummen, genee wéi d’Awunner mat hirer Gemeng, Stad oder dem Duerf. Domadder gëtt et da kee gudde Grond, als mëndege Bierger sech net anzebréngen, seng Meenung a Virschléi fir sech ze behalen.
Och sollt kee soen, datt et wéinst den Aarbechtszäite schwéier wier sech anzeschreiwen. De Marc Limpach vum Sekretariat iwwerhëlt nach bis zum leschten Dag all Samschdeg d’Permanence fir sech anzeschreiwe. Den Dan Codello huet eis dann nach verroden, datt um allerleschten Dag, also dem 23. Juli, eng gesënnert Permanence bis 23:59 Auer ageriicht gëtt. Et gëtt deemno näischt onversicht gelooss jidderengem seng Chance ze bidden.
D’Buergermeeschtesch Vera Spautz (LSAP) ënnersträicht dann och nach eng Kéier, datt et wichteg a richteg ass vu sengem Walrecht gebrauch ze maachen. „Wat geschitt, wann ee seng Rechter net notzt, huet ee vireschte Sonndeg am Frankräich erlieft“, sot d’Vera Spautz. Fir d’Buergermeeschtesch ass et allerdéngs och genee esou wichteg den Dialog tëscht allen, also de Lëtzebuerger an den Auslänner, ze installéieren.