Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

secret
D’Working Poor, erkläert
Neiegkeeten WTF

D’Working Poor, erkläert

De Mëttwoch (24.05.2017) mécht den Députéierte Marc Baum (déi lénk)

What the Fakt – Virun 41 Joer stierft de King of Rock’n Roll
Neiegkeeten WTF

What the Fakt – Virun 41 Joer stierft de King of Rock’n Roll

Mat senger neier Interpretatioun vum Rhythm and Blues a sengem

angrylove
Bausecteur: Zwou Gewerkschafte ginn Hand an Hand
Neiegkeeten WTF

Bausecteur: Zwou Gewerkschafte ginn Hand an Hand

Et kënnt seele genuch vir, an dat sollt a de

surprise

Motivatioun an der Fonction Publique: „Alles eng Fro vun der Interpretatioun“

Motivatioun an der Fonction Publique: „Alles eng Fro vun der Interpretatioun“

Um Méindeg huet den Inneminister Dan Kersch, zesumme mam Paulette Lenert an dem Walter Benedetti, d‘Resultater vun der Enquête iwwert d‘Liewensqualitéit an d‘Motivatioun an der „Fonction Publique“ virgestallt. Am grousse ganze schéngt een op ieweschter Plaz mat sech zefridden.

Dat ass awer elo e Gefill dat een direkt relativiséiere muss, och oder besonnesch grad, well de Minister eng Bedeelegung vu 26% un der – vun der Uni Lëtzebuerg an der TNS Ilres gemaachten – Enquête als „representativ“ betruecht. An Tatsächlech hu vu 26.693 „Befroten“ ganzer 6.848 de Questionnaire ausgefëllt.

An hei muss een dann och nach emol dierfe méi genee op d‘Zuele kucken. Un der Enquête hunn deel geholl: 2.084 Enseignanten, 597 leit aus der Arméi an der Police, 248 Salariéen an 3.919 „aner“ Beamten. Besser Zuele gëtt et net, a wéi am Volleksmond esou schéin heescht: „et kann een nu emol nëmme mat deene Meedercher danzen déi do sinn“.

Den Detail am Iwwerbléck

Bezunn op déi ronn 7.000 Fonctionnaire déi sech un der „Ëmfro“ bedeelegt hunn, sinn 85% vun de Leit déi beim Staat schaffen „generell“ zefridden. 58% vun de Befroten hunn dann och net nëmmen hiert „Kräiz“ an de Case gemaach, mee och wou et méiglech war eng schrëftlech Remark gemaach.

Am zefriddensten ass een dann am Enseignement. Eng Informatioun déi, esou nees den Dan Kersch, dem Minister Claude Meisch dach misst erfreeën, no all der Kritik déi him an de leschte Wochen entgéint bruecht ginn ass. An tatsächlech hunn 91% vun de ronn 2.000 Enseignanten uginn ganz zefridde mat hirer Aarbecht ze sinn.

Interessant mee dann awer och nees net wierklech eng Iwwerraschung: eng grouss Majoritéit géif a sengem sozialen Ëmfeld (Famill a Frënn) roden sech eng Aarbecht beim Staat ze sécheren. Dräivéierel vun de Befroten hunn uginn, sech direkt nees beim Staat géifen ze bewerben. Zudeem sinn dann och déi meescht zimlech houfreg beim Staat ze schaffen.

D‘Gléck geet duerch de Portmonni

Wann een zefridden ass, da kann een dat och definéieren. Glécklech mécht déi meescht Beamten hire Paiziedel (88%), mee och d‘Aarbecht selwer an d‘Konditioune vun der Aarbecht schéngen deenen, déi un der Enquête deel geholl hunn ze gefalen (86%). Eng gutt Atmosphär op der Aarbecht gesinn nach 73% an 60% sinn iwwerzeegt Perspektiven ze hunn.

Bei der Kommunikatioun ass nach ganz vill Loft no uewen. Dat gesäit och de Minister Dan Kersch esou, deem déi 55% „Zefriddenheet“ bei der interner Kommunikatioun dann awer Suergefalen op d‘Stir molen. Och wéi d‘Beamten d‘Unerkennung vun hirer Leeschtung duerch d‘Hierarchie (48% Zefriddenheet) gesinn, kann dem Inneminister net gefall hunn.

Et léisst sech „Liewen“

Besser gesäit et dann awer nees bei den Aussoen zur Liewensqualitéit an der Sécherheet op der Aarbecht aus. Ronn en Drëttel vun de Befrote sinn iwwerzeegt, datt hir Aarbecht sech op hir Gesondheet auswierkt. Zwee Drëttel sinn dann awer och iwwerzeegt, datt hir Sécherheet garantéiert ass.

Entspriechend den Zuelen déi virgeluecht gi sinn, ass een am Enseignement méi dem Stress ausgesat, ouni datt et en Impakt op d‘Zefriddenheet huet. Stress huet awer eendeiteg Afloss op d‘Gesondheet. Wat déi ubelaangt, hunn 61% uginn och „krank“ op d‘Aarbecht ze kommen, wat dem Minister elo guer net gefält. „Wie krank ass soll doheem bleiwen“, esou den Dan Kersch.

Ufuerderungen entspriechen den Erwaardungen

Zu de „Konditioune vun der Stee“ wann ee beim Staat schafft sinn sech d‘Fonctionnairen eens: 89% wësse wat vun hinnen erwaart gëtt, 78% sinn iwwerzeegt datt hir Aarbecht nëtzlech ass a 75% fillen sech korrekt vun hirer Hierarchie behandelt. Et hunn dann och nach 46% uginn, dierfen hir Paus ze maache wann se wëllen.

Wou de Minister dann nees besuergt ass, bezitt sech op den Oflaf vun der Aarbecht. Nëmmen nach 39% fillen sech an d‘Organisatioun vun der Aarbecht abezunn. 31% sinn iwwerzeegt nëmmen abezunn ze ginn, wann se direkt betraff sinn a ganzer 30% hunn ugi méi kënnen ze maachen, awer net gelooss ginn.

Och wéi ee seng Aarbecht ka maachen ass eng Analys wäert: 71% sinn iwwerzeegt déi Autonomie ze hunn déi se sech wënschen a 60% sinn zefridde mat den Aarbechtskollegen. Et hunn awer nëmme 46% vertrauen an hir Cheffen an bei der Qualitéit vun der Hierarchie läit d‘Zefriddenheet nach bei 39%. Do gesäit een dann och am Inneministère Handlungsbedarf.

A fir bei deem ze bleiwe wou de Schong dréckt: nëmmen nach 31% fannen d‘Dynamik vun der Organisatioun gutt a grad emol 13% sinn zefridde mat der Personalpolitik. 10% sinn nach der Meenung datt hir „Missioun“ koherent mat der Politik ass a ganzer 6% sinn mam System zur Evaluatioun averstane.

Zesummegefaasst

Wann de Minister sech sécherlech kann drop behaapten, datt een am grousse ganzen als Beamten oder Fonctionnaire beim Staat nach ëmmer gutt ënner Dach ass, esou muss een dach beuechten, datt sech bal 75 vu „senge“ Leit net wollten äusseren. Dobäi war absolut „Anonymitéit“ zougeséchert ginn, vun där een och dierf ausgoen datt se agehale gëtt.

Schued ass et, datt an deene Servicer wou manner wéi 20 Leit matgemaach ginn ass, eng eenzel Auswäertung net méiglech ass, grad wéinst dem Maintie vun der Anonymitéit. Do wou et geet wäerten sech déi Verantwortlech den Erausfuerderungen, déi sech unhand der Enquête erginn hunn, musse stellen.

Bei der Personalpolitik muss kuerzfristeg eppes ënnerholl ginn. Eng „vereinfacht“ Prozedur fir de Staatsexame soll agefouert ginn, déi duerch e spezifeschen Exame jee no Administratioun kann erweidert ginn. Domatter kéint ee sech e Reservoir opbauen an et wier een zudeem net méi „zäitlech“ gebonnen, wéi dat bis ewell de Fall ass.

Foto: (v.l.n.r.) Paulette Lenert, Dan Kersch, Walter Benedetti © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Dan Kersch, Fonction Publique, Inneminister, TNS-Ilres, Universitéit Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel